Search

You may also like

surprise
Afghanistan verbitt de Fraen d‘Sangen
Kultur Meenung Neiegkeeten

Afghanistan verbitt de Fraen d‘Sangen

Den Educatiounsministère am Biergerkrichsland huet beschloss, dat Fraen ab dem

Dammefussball: Liicht crispéiert an awer victoriéis
Kultur Meenung Neiegkeeten

Dammefussball: Liicht crispéiert an awer victoriéis

Eis Damme vum SC Beetebuerg sinn nach net esou spilleresch

Alerte: Bloalgen an der Musel fonnt ginn!
Kultur Meenung Neiegkeeten

Alerte: Bloalgen an der Musel fonnt ginn!

Op verschiddene Plaze konnten un der Musel déi sougenannt Bloalgen,

Editorial: Vu lauter Drock d’Buch net méi gesinn

Editorial: Vu lauter Drock d’Buch net méi gesinn

„Als Kand hues du dach esou gär gelies“ krut ech nach bis virun e puer Joer ëmmer erëm vu menger Mamm ze héieren. Als passionéierte Bicherwuerm, deen am Duerchschnëtt pro Dag ee Buch verschléngt, huet si net verstanen, wisou ech mech dem Pabeier a senge Geschichten net méi higinn hunn.

Schlussendlech hunn ech mir dunn selwer d’Fro gestallt, wat an all de Jore geschitt ass, datt ech e Film engem Buch virgezunn hunn. An der Primärschoul war Liesen ee vu menge leidenschaftlechen Hobbyen, e Besuch am Bicherbus war den Highlight vun der Woch an Owend am Bett duerch d’Fieder vun engem Auteur op eng Rees matgeholl ze ginn war mir eng enorm Freed.

Bei menger Selbstreflexioun ass mir schliisslech opgefall, datt ech wärend der Schoulzäit ëmmer méi u Fantasie verluer hunn. Bicher ze liesen stoung um Schoulprogramm, et ass ëmmer méi an doduerch schliisslech aus der Begeeschterung en Drock ginn. Am Endeffekt hunn ech dunn bevirzucht op Filmer zeréckgegraff – et war méi einfach, ech krut d’Handlung direkt gewisen an hu mir näischt misse selwer virstellen.

Et soll keng Kritik um Schoulprogramm sinn. Mee kennt Dir dat Gefill, wa bemol aus enger Leidenschaft ee „Mussen“ gëtt an den Drock a kuerzer Zäit esou vill wéi méiglech mussen gemaach ze hunn – et waarde schliisslech nach esou vill aner Aufgaben op een – engem d’Freed un der Saach hëlt?

Ech denken, genee dat war et och bei mir. Liesen hunn ech just nach mat engem Zwang an der Schoul verbonnen, hunn mech dofir a menger Fräizäit esou wäit wéi méiglech dovunner ewech gehalen. A wisou e Buch liesen, wann et jo och e Film dozou gëtt?

Haut muss ech selwer iwwert déi Ausso laachen. Datt e Buch esou vill méi Detailer an Hannergrënn ze bidden huet, déi een nimools an 90 Minutte verpaakt kann hunn, wollt ech laang net agesinn. Ma, iergendwann huet sech d’Saach awer gedréit. Den Drock ass verschwonnen. A virun allem an der Uni-Zäit, wou ee souwisou vill Stonne virum Bildschierm verbruecht huet, een dofir am Zuch a Bus d’Rou genéisse konnt, koum de Gefalen um Liesen zeréck.

Dem Homer seng Odyssee oder och dem Goethe säi Faust waren am Lycée zwar „ganz ok“ – réckbléckend sinn ech frou dës grouss Wierker gelies ze hunn – mee d’Léift fir Thrilleren a Krimigeschichten ass gewuess. De Sebastian Fitzek an d’Ursula Poznanski sinn a mäin Häerz agezunn, wärend generell d’Loscht u spannende Geschichten an der Sich no Wëssen nees geklomme sinn.

Vläicht ass dëst d’Erkenntnis, datt ze vill Drock kontraproduktiv ass. Vläicht ass et och d’Erkenntnis, datt et esou vill Stiler, Auteuren a Geschichte ginn, wou mat Sécherheet fir jiddereen dat Passend dobäi ass. Op alle Fall sinn ech frou, de Wee zu de Bicher zeréckfonnt ze hunn, och wann et seng Zäit gebraucht huet.

Opmaacherbild: © Toa Heftiba / unsplash


Am Kader vum Weltdag vum Buch organiséiert d’Redaktioun vu Moien.lu eng ganz Wock zu Éiere vun der Literatur. Iech erwaarde Buchpresentatiounen, eng Visitt an d’Stater Buchbënnerei, spannend Informatioune ronderëm Bicher an hir Auteuren, sou wéi ee Gewënnspill.

Related topics Auteur, Bicher, Bicherwuerm, Buch, Drock, Fantasie, Faust, Geschicht, Kreativitéit, Léift zur Literatur, Liesen, Odyssee, Pabeier, Schoulprogramm, Stiler, Virstellung
Next post Previous post