Search

You may also like

Ee „Flashmob“ fir Australien
International Meenung

Ee „Flashmob“ fir Australien

Mat enger „spontaner“ Aktioun hat sech dee vu Studente gegrënnte

Ugespaante Situatioun zu Ostritz wéinst dem Neonazi Festival „Schëld a Schwäert“
International Meenung

Ugespaante Situatioun zu Ostritz wéinst dem Neonazi Festival „Schëld a Schwäert“

Honnerten Neonazie ginn e Freideg an engem klenge Stiedchen an

Eng komplex Sproochesituatioun bréngt grouss Erausfuerderunge mat sech
International Meenung

Eng komplex Sproochesituatioun bréngt grouss Erausfuerderunge mat sech

Villes, wat ee gëschter bei der Presentatioun vun der Etüd

Editorial: Wat e Gedeessems mat deem Brexit

Editorial: Wat e Gedeessems mat deem Brexit

Zu Salzburg, beim informellen EU-Sommet vun de Staatscheffen, do huet si nach geglënnert, déi britesch Premierministesch Theresa May. Wéi si nees doheem war, huet déi ëmstridde Politikerin der BBC an dem Guardian am Interview erkläert, si wier „erniddregt“ ginn. Si hat sech erwaart, datt wann een hire Plang vu Chequers net gutt fënnt, ee wéinstens eng Géigepropos sollt virleeën.

Ass et der gudder Fra eventuell entgaangen, datt et d‘EU ass déi sech vu Groussbritannien trenne wollt? A war et net si, déi den 2. September versprach hat, eng enk Handelsbezéiung tëscht der EU a Groussbritannien bäizebehalen? Gutt, hir Propose an net mat de Reegele vum EU-Bannemaart kompatibel, als Member vun der Unioun, hätt dat engem an hirem Ëmfeld dierfe bekannt sinn.

Mee Groussbritannien war ëmmer schonn eppes „anescht“, wéi hir „Gesëschter“ aus der grousser europäescher Famill. Versteesdemech hunn ech dann allerdéngs, datt Groussbritannien kee gesënnerte Statut fir Nordirland wëll hunn, dofir huet d‘Theresa May jo och eng Fräihandelszon ugebueden. Dat kläert awer net d‘Fro vum fräie Wueren- a Mënscheverkéier, an dat ass de Problem.

Dann ass et och nach esou, datt sech déi zwou gréisste politesch Fraktiounen an Nordirland, iwwert d‘Zukunft vun der Grenz mat Irland oneens sinn. Keen, och net d‘EU, wëll nees eng „physesch“ Grenz, woubäi sech Bréissel fir eng Léisung mat „Sécherheetsnetz“ entscheet huet, an domatter d‘Verhandlunge leschten Dezember nees relancéiert hat. Dat gëtt a Fro gestallt…

Et ass dann och den EU-Rotspresident Donald Tusk, deen sech nees muss dohinner stellen a vu sech behaapten, datt hien „iwwerzeegt bleift, datt et nach zu engem, fir béid Säiten, gudde Kompromëss kënnt“. Am gläichen Otemzuch awer seet hien och: „D‘Positioun vu Groussbritannien déi kuerz virun a während der Reunioun vu Salzburg presentéiert gouf ‚haart a kompromësslos‘ ass“.

Hei gëtt et faktesch esouvill Widderspréch, datt een sech elo, lues awer sécher, net méi sollt op e Brexit mat „Accord“ sollt astellen. D‘Fraktioun „pro-Brexit“, déi jo de Nigel Farage reaktivéiert huet, mécht sech zudeem och staark fir en „haarde Brexit“. An zu Bréissel gëtt villen den éiwege „Mimimi“ vu London gehéierlech op d‘Nerven. Et wier elo un der Zäit Kloertext ze schwätzen.

Related topics Brexit, Chequers, Donald Tusk, Nigel Farage, Theresa May
Next post Previous post