Search

You may also like

Parlamentaresch Froen op lëtzebuergesch: wou ass de Problem… (e Gedankesprong)
Meenung Neiegkeeten

Parlamentaresch Froen op lëtzebuergesch: wou ass de Problem… (e Gedankesprong)

Datt et wuel – zumindest dagsiwwer wann net grad Kollektivcongé

Ass Waasser um Mound? Kommt mir gi kucken!
Meenung Neiegkeeten

Ass Waasser um Mound? Kommt mir gi kucken!

Der Regierung hire Spacemining-Projet, deen am leschte Joer leider e

Coronavirus: Néien Héichpunkt erreecht!
Meenung Neiegkeeten

Coronavirus: Néien Héichpunkt erreecht!

Mat enger Verduebelung vun den Doudesfäll bannent 24 Stonnen, bleift

Editorial: D’Bekanntschaft mat den Drogen, d’Treffe mam Dout

Editorial: D’Bekanntschaft mat den Drogen, d’Treffe mam Dout

Haut um 21. Juli ass de Gedenkdag vun de verstuerwenen Drogenofhängegen. Haut ass däin Dag, ech hunn dech kannt – deemools an engem fréiere Liewen. Scho komesch, datt dësen Dag op den 21ten fält, sou wéi wann e fir dech gemaach wier. Et ass just Zoufall, ech weess – mee de Gedanken ass schéin.

No laanger Zäit denken ech nees un dech a si ganz erstaunt, datt ech däi Gesiicht e bemol sou kloer viru mir hunn. Däi Laachen, deng Virsuerg. Wéi wann et gëschter gewiescht wier. E schwéiert Liewe voller Mësshandlungen huet dech an d’Heroinsucht gedriwwen, du waars nach sou jonk. An awer haass du eng al Séil.

Fir dech war kloer: Ech ginn ni méi al, wéi 21 Joer. Se ware séier vergiess deng Wierder – bis datt ech en Telefonat kritt hunn – et war däin 21. Gebuertsdag. Den Dag virdrun haass du däi Schicksal selwer an d’Hand geholl, eng Iwwerdosis huet dengem Liewen een Enn gesat. Iwwereg bliwwe si batterséiss Erënnerungen an den Ziedel mat denge leschte Wierder an denger Hand.

Hannerbliwwener, sief dat Frënn oder Famill, kënne wahrscheinlech ähnlech Geschichten iwwert dat hannerhältegt Gëft erzielen. Dobäi gëtt et eng grouss Gemeinsamkeet: Et ass fir keen einfach.

Editorial Drogen
© The Blowup / unsplash

Drogendoudeg kënne vill Gesiichter hunn. Et ass déi alkoholkrank Nopesch, déi stierft well hire Kierper de schwéieren Entzuch net aushält. Oder en Autosaccidenter, well Jugendlecher mengen, si missten sech an enger Course beweisen. Den Joint virdrun huet dofir gesuergt, datt si sech wéi Gewënner fillen, näischt kann hinne passéieren.

Et kann HIV duerch d’Sprëtze mat enger net-steriller Nol sinn, dee, wann d’Krankheet ausbrécht, Kierper a Geescht lues awer sécher zum Zerfall bréngt. All Entscheedung huet Konsequenzen.

Hannert den Doudesfäll steet een tragescht Schicksal, et ass net nëmmen eng Zuel an enger Statistik. An dat mécht traureg. Et si Frënn. Famill, Bekannter. Mënschen, wéi du an ech.

Elo an der Coronapandemie kann e wuel dovunner ausgoen, datt Drogenofhängeger méi schwéier un déi néideg Hëllef kommen, déi si brauchen. Uspriechpartner si vun engem Dag op den aneren ewechgefall, Gewunnechten a Stabilitéit goufen iwwert de Koup gehäit. Gefaangen am Däiwelskrees – an d’Erléisung bréngt just d’Gëft …

Wann dat scho fir gesond Mënsche schwiereg ass, wéi solle schwéier Ofhängeger domat ëmgoen? Eigentlech huet dësen Aktiounsdag säin Ufank bei eisen däitschen Nopere fonnt, mee esou lues gëtt en och international méi bekannt. An dat ass gutt – Präventioun, Sensibiliséierung, Berodung, dëst alles ka Liewe retten a weider Doudeger vermeiden.

Zemools wa Kanner oder Jugendlecher op der Sich no neien Erfarungen, ënnert anerem d’Bekanntschaft mat Alkohol, Pëllen, Cannabis, Kokain oder Heroin maachen a se fir déi nei bescht Frënn halen. Droge sinn net cool – a scho guer kee Moudetrend.

D’Vera Christiane Felscherinow, besser bekannt als Christiane F. kann dat bezeien. D’Autorin vum bekannten autobiografesche Roman „Wir Kinder vom Bahnhof Zoo“ huet vill Drogenofhängeger gesinn, erlieft a begruewen.

Mëttlerweil ass d’Buch vun 1978 als Serie bei Amazon Prime ze gesinn, heibäi handelt et sech allerdéngs ëm eng modern Adaptatioun, déi bal näischt méi mam Christiane F. sengem Liewen ze dinn huet. Ausser natierlech den Doud, dee leider ëmmer dozou gehéiert.

Hei fannt Dir weider Informatiounen sou wéi ënnerschiddlech Berodungsplazen:

Opmaacherbild: © Mishal Ibrahim / unsplash

Related topics Alkohol, Berodung, Cannabis, Christiane F., Dout, Drogenofhängeg, Editorial, Heroin, Kokain, Wir Kinder vom Bahnhof Zoo
Next post Previous post