Search

You may also like

Denke virum klicken: De Mount vun der Cybersécherheet
Meenung WTF

Denke virum klicken: De Mount vun der Cybersécherheet

Vum 19. bis den 29. Oktober 2020 hëlt och Lëtzebuerg

Esch-Uelzecht: Wéi eng Zukunft fir d‘Waldschoul?
Meenung WTF

Esch-Uelzecht: Wéi eng Zukunft fir d‘Waldschoul?

Am Kontext vun der Escher Waldschoul hunn d‘Conseillere vun déi

Schwéiert Äerdbiewen an der Tierkei fuerdert Mënscheliewen
Meenung WTF

Schwéiert Äerdbiewen an der Tierkei fuerdert Mënscheliewen

Bei engem heftegen Äerdbiewen an der Osttierkei si mindestens 18

surprise

Editorial: D’Wahllëschten hu Lücken

Editorial: D’Wahllëschten hu Lücken

Den 8. Oktober si Gemengewahlen. An dësem Zesummenhang huet den Inneminister Dan Kersch e Freideg d’Zuele virgeluecht. Aus deene geet ervir, datt et fir déi 105 Gemengen am Land 284.577 Wieler gëtt. Dovunner 34.634 auslännesch Matbierger.

Bei enger gesamt Awunnerzuel vu ronn 590.700 Mënschen, kann also bal all zweete Bierger mat senger Stëmm iwwert d’Zukunft a senger Gemeng matbestëmmen. Eng Matbestëmmung déi wichteg ass an och en Ausbléck op d’Chamberwahle vun 2018 erméiglecht.

Fir de besseren de bessere Versteesdemech vun der Wielerlëscht ass et awer ubruecht drun ze erënneren, datt et nëmmen 309.200 Lëtzebuerger gëtt. Vun deene sinn der also laut dem Inneministère 249.943 wahlberechtegt.

Bei 281.500 auslännesche Matbierger, vun deenen sech der ronn 34.600 an d’Wahllëschten agedroen hunn, erkennt een awer en Ongläichgewiicht. Dat och da wann e berécksiichtegt dat se net all d’Konditiounen, fir wielen ze dierfen, erfëllen.

Et stellen sech also eng ganz Rei Froen, firwat déi, deenen et u sech méiglech wier, sech net aschreiwen. Déi meescht vun hinnen droen zum Wuelstand, net nëmme vum Land, mee ganz selbstverständlech an hirer Gemeng bäi.

Se notzen déi ëffentlech Infrastrukturen, konsuméiere op lokalem Niveau an eng ganz Partie si selwer wirtschaftlech Acteure mat enger Entreprise. Ob als Salarié oder Patron sinn dës Matbierger also grad ewéi de Lëtzebuerger op eng Politik ugewisen, déi se respektéiert, hire Besoine Rechnung dréit.

Trotzdeem muss een, unhand den Zuelen, gesinn, datt se entweder d’Politik guttheeschen oder et hinnen egal ass. Wann se awer elo fannen datt eng gutt Politik an hirer Gemeng gemaach gëtt, wier dach ëmsou méi gescheit sech ze bedeelegen. Ass et hinnen egal, kéint ee gleewen et wier alles an der Rei.

Elo weess een awer, datt wuel villes gutt ass, awer net alles an der Rei ass. An de Rei wier et, wann déi 47,7% Awunner vu Lëtzebuerg déi als „Auslänner“ an der Statistik optauchen, sech net nëmmen ekonomesch géifen abréngen.

Foto: CC BY-SA 4.0

Related topics Gemengewahlen 2017, Lëtzebuerg
Next post Previous post