Search

You may also like

Infrastrukturaarbechten an der Rue Auguste Laval (ab dem 16.05.2020)
Kultur Meenung Neiegkeeten

Infrastrukturaarbechten an der Rue Auguste Laval (ab dem 16.05.2020)

D’Stad Lëtzebuerg informéiert, datt et duerch Aarbechten um ëffentleche Versuergungsnetz

Éischt Folge vum Sécherheetsgesetz fir Hong Kong
Kultur Meenung Neiegkeeten

Éischt Folge vum Sécherheetsgesetz fir Hong Kong

US-Bierger déi a China liewen, sinn vun hirer Regierung opgeruff

Migratioun: De briteschen Dram
Kultur Meenung Neiegkeeten

Migratioun: De briteschen Dram

D‘Inneminister vu Frankräich a Groussbritannien hunn sech um Sonndeg op

Editorial: Festival-Saison gestrach, Häerz gebrach

Editorial: Festival-Saison gestrach, Häerz gebrach

Wat fir aner Persounen d’Passioun fir Autoen, Timbere-Sammelen oder Fitness ass, stellt sech bei mir als Leidenschaft fir Musek eraus. D’Majoritéit vun de Concerte fir 2020 ass ofgesot, d’Festival-Saison annuléiert an soumat ass dem begeeschterte Metalhead säi musikalescht Häerz gebrach. D’Iwwerdroungen op YouTube an anere Video-Plattforme sinn zwar léif Iddien, kënnen awer d’Atmosphär vum Dobäi-Sinn nimools erreechen.

Et sinn Deeg, déi mat Schlofmangel, reduzéierter Hygiène, Piipsen an den Oueren a schrecklecher Camping-Musek verbonne sinn. Ma, gläichzäiteg ass et fir mech déi aner Zort vu Vakanz, wou ee mat sengem Grupp zesumme lieft, Héngerhautmomenter bei de Concerten erlieft, seng Idoler gesäit an einfach fräi am Kapp ass.

D’Ticketen fir ënnert anerem de Siren’s Call, Rock am Ring, Wacken a Jera on Air leien zënter laanger Zäit prett am Tirang. Duerch d’Pandemie wäerten se do och nach ee Joer bleiwen. Wärend d’Lëtzebuerger Regierung decidéiert huet, datt am Kader vun der Coronakris bis zum 31. Juli 2020 keng gréisser Evenementer stattfannen dierfen, gëllt dës Moossnam souguer bis Enn August, woumat d’Festival-Saison gelaf ass.

Festival-Saison

Musek lauschteren, spieren an erliewen

Bis op de leschte Stëppel hunn d’Organisateure gewaart, fir d’Musekfans iwwert d’Ofso ze informéieren. Ma, et hätt ee sech dach scho vu vir eran denke kënnen, datt wann am Abrëll emol keng kleng Gruppen zesumme kommen dierfen, wuel kaum an de Summerméint Zéngdausenden virun enger Bühn stoen dierfen.

Dobäi kënnt, datt nach net bei all Evenement feststeet, wéi et elo mat den Ticketen ausgesäit. Behale si hire Gëltegkeet fir dat nächst Joer oder kritt een d’Suen zeréck? Gëlt Éischteres, da kann net garantéiert ginn, datt d’Bands optrieden, déi fir 2020 annoncéiert waren. Ma, grad dann géif et zu grousse Reklamatioune kommen, woubäi et fir d’Organisateuren awer déi einfachst Aart a Weis ze handele wier.

Grad elo mierkt een wuel am Beschten, wat et heescht ee kulturellt Liewen ze féieren. Et gesäit a spiert een, wat feelt a wouropper ee sech ëmsou méi fir dat nächst Joer freeë kann – also hoffentlech. Bis dohinner gëtt da wuel um Balcon oder am Gaart gecampt an d’Musek vun der Liiblingsband gelauschtert an op d’Optrëtter op Plattforme wéi YouTube zeréck gegraff.

Alternativen?

D’Festivallen ze verleeën ass wuel keng Optioun. Wien wéilt schonn am Dezember an der Keelt dobaussen am Zelt schlofen an agepaakt am Skikostüm am Publikum stoen? Jo, d’Iddi huet zwar eppes, fillt sech awer guer net emol esou flott un. Eng aner Alternativ wieren d’Zorb-Bäll, wou jeeweils eng Persoun an enger duerchsiichteger Bull ronderëm leeft. Esou hält jo jiddwereen seng Distanz zum Noper. Nee, och dat ass leider net iwwerzeegend.

Déi ganz Lëschteg a Geckeg ënnert eis kann een déi eege Wunneng an ee Festival-Site verwandelen. Dat kéint da folgendermoossen ausgesinn:

Festival-Saison

Mat engem Joer Zwangspaus wäert bei den Organisateuren d’Kreativitéit bestëmmt iwwerspruddelen, an esou wäerten d’Evenementer vun 2021 onvergiesslech ginn!

Opmaacherbild: E puer Andréck vu mengem Festival-Summer 2019 © Shari Pleimelding/moien.lu

Related topics Atmosphär, Camping, Concert, Festival-Saison, Jera On Air, Liiblingsband, Metalhead, Musék, Ofso, Rock am Ring, Wacken
Next post Previous post