Search

You may also like

Horesca-Secteur: Et muss een optimistesch bleiwen
Meenung

Horesca-Secteur: Et muss een optimistesch bleiwen

Beim nationale Verband vun der Hotelieren, Restaurateuren a Cafetieren (HORESCA)

„Streams“ vum Mehdi Hmili um Filmfestival vu Locarno
Meenung

„Streams“ vum Mehdi Hmili um Filmfestival vu Locarno

Tarantula ass houfreg matdeelen ze kënnen, datt de Film „Streams“

D‘KPL zur Lag vun der Natioun
Meenung

D‘KPL zur Lag vun der Natioun

Wa sech de President vun der kommunistescher Partei zu Lëtzebuerg

Editorial: En héich op d‘Summerlach

Editorial: En héich op d‘Summerlach

Kaum ee fäert d‘Summerlach esou vill wéi e Journalist. Virun allem am klasseschen Zeitungsjournalismus, wou d‘Säiten all Dag gefëllt solle ginn, stellt sech iegendwann d‘Fro: Mat wat, eigentlech? D‘Lieser sinn am Congé, Politiker sowisou a selwer wéilt een am léifsten och iegendwou hi goen. Eng kéier gutt entspanen – wann een iwwerhaapt nach weess, wéi dat geet.

Da brauch een sech net ze wonneren, wa Wëllef, Schof an all aner Klengegkeet, déi zwar net onbedeitend sinn, da mol zu Theme vu nationaler Wichtegkeet opgeblose ginn. Mee op der anerer Säit ass dat Summerlach eng super Saach fir méi kleng Akteuren. Déi kënnen da mat engem Pressecommuniqué schnell eng Opmierksamkeet erreechen, déi hinnen zu Stousszäite verwiert bleift.

Ganz ofgesinn dovunner, sollt eemol am Joer duerchotmen erlaabt sinn. Well si mer eis mol éierlech, duerch dee gesamtene Bombardement duerch den 24-Stonnen-Noriichten-Zyklus huet een heinsdo dann awer den Androck, wéi wann een den Duerchbléck géif verléieren an ee keng Loft méi kritt. Do brauche mer guer net an d‘Welt eraus ze kucken, mee e Bléck op eist Ländche geet do vollkommen duer. Stänneg ass iegendwou iegendeppes lass, politesch, gesellschaftlech a kulturell. An de sozialen Netzwierker herrscht Dauerdiskussioun, Radio, Tele, Zeitung an Internet suergen dofir, datt mer ëmmer an iwwerall informéiert sinn. Op der dat wëllen oder net, well verschidden Informatioune kommen an alle Kanäl.

En Réckzuchsgebidd, wou ee komplett ausklinke kann, dat huet nach laang net jiddereen. A vir vill Leit ass et och enorm schwéier ginn, dat iwwerhapt wëllentlech ze maachen. Dat huet och domatter ze dinn, datt eise wuel wichtegsten Informatiounstool, den Internet, ëmmer op eisem Handy disponibel ass. Och an der Vakanz kann een ëmmer schnell eraus fannen, wou dann elo de Wollef fir d‘lescht soll gesi gi sinn.

D‘Summerlach wäerte mer an de nächste Jore souwisou méi ze schätze wëssen. Mat mir mengen ech an dësem Fall ganz konkret d‘Wielerschaft: Déi gëtt während dräi Joer dauer-beworben, vun all politescher Partei. Dëst Joer ass et nach net esou hefteg, d‘Gemengewahle sinn eppes wat typescherweis méi lokal ofspillt. Mee d‘nächst Joer si Chamber, an duerno Europawahlen. E klengt demokratescht Faierwierk, wou engem den Dag drop nach de Kapp vum ganze Geknupps wéi deet.

Dann ass et scho mol wichteg, och seng Rouh kënnen ze hunn. An dat sollte mer genéissen, soulaang et nach méiglech ass. Wann ee lo nach der internationaler Politik d‘Konzept vum Summerlach kéint bäibréngen, da wiere mer gerett.

Related topics Summerlach
Next post Previous post