Search

You may also like

Nuit des Musées 2019 – Wa Kultur a Beweegung kënnt
Meenung Money Neiegkeeten

Nuit des Musées 2019 – Wa Kultur a Beweegung kënnt

E Samschdes, den 12. Oktober luet d’Muséesvereenegung d’stater muséeën zur

Offensiv charmant: Frankräich an Däitschland wëllen Zeeche setzen
Meenung Money Neiegkeeten

Offensiv charmant: Frankräich an Däitschland wëllen Zeeche setzen

En Donneschdeg iwwerhuelen eis däitsch Noperen d‘Presidence vun der EU,

Den Trump elo Ofsetzen!
Meenung Money Neiegkeeten

Den Trump elo Ofsetzen!

Et ass jo elo net esou wéi wann d‘Demokraten et

money

Editorial: Wat d‘Investissementsfonge vun dir erwaarden

Editorial: Wat d‘Investissementsfonge vun dir erwaarden

D‘Welt verännert sech rapid an deels och ganz Brutal, op wirtschaftlechem Niveau engem éierleche Mënsch ze begéinen ass deene mannste vergënnt. D‘Politik huet hiert och derzou bäigedroen. Bei der Bankekris ass uecht gedoe ginn, datt de Steierzueler de Schued iwwerhëlt. Spueren ass vun der Politik ad absurdum gefouert ginn, a Sozialleeschtunge wéi d‘Pensioun solle privatiséiert ginn.

Elo ass awer Lëtzebuerg eng „Bankeplaz“ an esoulaang wéi déi mam „décke Portmonnie“ hiert Geld deene Leit uvertrauen, sollt et eis egal sinn. Mee dat grousst Geld léisst sech mat deenen déi es vill hunn anscheinend net méi verdéngen an de Finanzsecteur sicht no neie Kéi déi se sträiche kënnen. Eng Missioun déi perfekt zur ALFI passt, an déi schafft un hire „Prioritéiten“.

An déi gréisst Prioritéit vun der ALFI ass et dem Bierger an de Grenzgänger „d‘Industrie vun den Investissementsfongen“ méi no ze bréngen. D‘Presidentin vun der ALFI, Corinne Lamesch, déi mat hirem Akommes den Euro net dräimol an der Täsch muss ëmdréinen, kann des „Industrie“ eng grouss Roll an der Gesellschaft spillen, wéi beispillsweis beim „fir d‘Pensioun spueren“…

Si huet wuel Recht ze behaapten, datt d‘Gestionnaire vun Aktiva eng ganz Panoplie u Produiten zur Verfügung hunn, mat deenen sech d‘Pensioune kéinten ofséchere loossen, leider sinn déi sougenannt „Gestionnairen“ eenzeg an eleng op den eegene Profit aus an et sinn d‘Risikogeschäfter déi dee gréisste verspriechen, besonnesch da wann et „deem anere säi Goss“ ass. Dat ass bekannt.

Hannert dem Message, datt sech déi „einfach Leit“ fir Investissementsfongen ze interesséieren hätte verstoppt sech awer och eng kloer Ausso. D‘ALFI geséich et gären, wann d‘Leit sech selwer ëm hir Pensioun géife këmmeren. De staatleche Pensiounssystem huet fir d‘ALFI den Nodeel, datt hir Memberen net mat dësem Geld „spille“ kënnen. De Bierger huet de Virdeel datt déi sécher ass.

Fir de Volet „Privatiséierung vun der Pensiounskeess“ net op d‘Spëtzt ze dreiwen, fokusséiert sech d‘ALFI op dat grousst Ganzt. Esou mengt d‘Corinne Lamesch, datt et jo och déi „nohalteg“ Finanz, mat Investitiounen a verantwortlech Fonge gëtt. Et kéint ee jo säi Geld a Fonge stiechen, déi sozial an ekologesch Verantwortlech sinn. Dat gëtt et wierklech, därer déi Verantwortung iwwerhuelen?

Eigentlech net, well och déi Fonge mat sozialem an ekologesche Charakter hunn als eenzegen Zweck, de Gestionnaire méi räich ze maachen. D‘Ausnamen erkennt een dann och meeschtens dorunner, datt de Benefice fir den Investisseur „bescheiden“ ass. Zudeem gëllen déi Fongen als besonnesch „risikoräich“. A wéi si „sozial“ oder „ekologesch“ definéieren ass och net kloer.

Aktuell verfügen d‘Investissementsfongen iwwert e Kapital vun 4.404 Milliarden Euro, a si wëllen nach virun 2025 de Kap vun de 5.000 Milliarden erreecht hunn. D‘Membere vun der ALFI ginn sech net mat Geld vum klenge Mann zefridden, och Steiere bezuelen si net gären. Dat sollen dann och Clienten net musse maachen, firwat si d‘Ofschafung vun der Abonnementstax verlaangen.

Déi bezilt jo den Investisseur a variéiert tëscht 0,01% an 0,05% op den „Actif Net“ um Enn vun all Trimester. Woubäi déi Tax e Witz ass an d‘Spezialisten och dogéint gutt opgestallt sinn, firwat och nëmmen déi Domm tatsächlech Steiere bezuelen. Mee de Finanzminister Pierre Gramegna (DP) huet Versteesdemech fir d‘Doleance vun der ALFI-Presidentin, a wëll déi Fuerderunge préiwen.

Illustratioun: Gerd Altmann/Pixabay

Related topics ALFI, Association of the Luxembourg Fund Industry, Corinne Lamesch, Investissementsfongen, Pensiounen, Pierre Gramegna, sozial Verantwortung
Next post Previous post