Search

You may also like

Premier verleet d‘Heure de Vérité
Geek Meenung

Premier verleet d‘Heure de Vérité

Eise Premier ass wuel ee lëschtege Kadett, mee zesumme mat

ADAPTO: Wien eng Kaart huet, soll se kënne behalen
Geek Meenung

ADAPTO: Wien eng Kaart huet, soll se kënne behalen

D’ADR begréisst, datt den ADAPTO–Service elo gratis gëtt. Dëst ass

Weltdag ouni Tubak: D’Politik bréngt keng Verbesserung
Geek Meenung

Weltdag ouni Tubak: D’Politik bréngt keng Verbesserung

Mam haitegen Weltdag ouni Tubak lancéiert de Gesondheetsministère nees seng

geek

Editorial: Ka Linux den Desktop erueweren?

Editorial: Ka Linux den Desktop erueweren?

Et ass awer heiansdo fir d‘Flemm ze kréien. Wéi kann et sinn, datt een Open-Source-System et net fäerdeg bréngt, sech weider am Desktopberäich ze etabléieren? Potential ass do, an datt et funktionéiert beweisen eis Maschinnen um Büro all Dag. Doriwwer eraus wéilt ech och keen anere System op mengem Laptop.

An d‘Meenung, datt ee misst e „Nerd“ sinn fir mat engem vun de sëlleche Versiounen eens ze ginn, ass Quatsch. Ech sinn esou „null“ an der Informatik, dat et mer eigentlech misst ënnersot sinn driwwer ze schreiwen. Gutt ech loosse mer wéineg soen a sinn vu Linux esou iwwerzeegt, datt mir nach just en Tattoo mat engem Pinguin feelt.

Wou also ass de Problem? A mengen Ae kéint dorunner leien, datt et einfach ze vill Versioune gëtt an déi bedeelegt Entwéckler net wierklech op engem Niveau matenee schaffen. Dobäi sinn d‘Ënnerscheeder tëscht Ubuntu, Debian a Lux-Mint oder Suse – fir der einfach emol ee puer ze nennen – guer net emol grouss.

Fir ee wéi mech, dee vun näischt eng Ahnung huet, an dann dovunner och nach net wierklech vill, ass den Ëmgang mat Linux wierklech bequem. Ech notzen dat wéi anerer hir „Fënster“ oder den „Apel“. Ech kommen an den Internet, ka Video‘e kucken, Musek lauschteren… jee alles wat déi aner och kënnen. Mat engem klengen Ënnerscheed: meng Software kascht kee Sou an dat ass Mega.

An et kënnt nach besser. Net nëmmen, datt ech menger Aarbecht (schreiwen a Biller maachen) ka nokommen ouni engem eng Lizenz mussen ze bezuelen. Et gëtt och kaum ee Virus, deen sech an der „Community“ breet mécht. Kann elo sinn datt se all hei geschriwwe ginn, mee bon, ech sot jo schonn, Anung dovunner hunn ech esouvill wéi vu Quantephysik.

Fir de Beräich vum Laptop gëtt et dann och elo emol Leit déi Jicken hunn. Tuxedo a System76 hunn annoncéiert, an Zukunft hir Notebooks mat enger eegener Linux-Distributioun auszestatten. Domadder dierften se sech kloer vun der Konkurrenz ofsetzen. De Client gëtt gebonnen an d‘Produkt wäert all d‘Verspriechen halen. Nodeel: et ass alt nees eng weider Distributioun an dat mécht mech duercherneen.

Esou stellt sech fir mech eigentlech just eng Fro: Wann a villen aner Beräicher jidderee kann anescht sinn an trotzdem d‘Selwecht, da misst et dach och an der Linux-Community méiglech sinn eng gemeinsam Basis ze fannen, oder? Zemools wou et déi jo gëtt, well alles ëmmer iergendwéi awer kompatibel ass.

Et sinn dann also déi kleng Reiwereien op Spillschoulsniveau déi et dem Laie schwéier maachen. Wann ee sech fir Linux entscheet, wéi eng Distributioun soll ee virzéien? Wien hëlleft wann eppes hänke bleift a ganz besonnesch, ass d‘Garantie vum menger Maschinn och da Gülteg, wann se mat Microsoft ageriicht war?

Froen déi berechtegt sinn. Ok mir sinn se egal well ech schonn eng gefillten Éiwegkeet Linux a sengem ganze vertrauen. Doheem leeft Lux-Mint, um Büro Ubuntu a mäi Laptop vertraut Debian. Dat ass dann och déi Versioun där ech mäi gréisst Vertraue schenken, awer absolut net erkläre ka firwat. Ass eben esou, wier awer flott wann déi sech elo eens kéinte ginn.

Related topics Computer, Linux
Next post Previous post