Search

You may also like

BnL: Een Uert fir den intellektuelle Patrimoine, Autonomie an Inclusioun
Meenung

BnL: Een Uert fir den intellektuelle Patrimoine, Autonomie an Inclusioun

Nach bis de 25. Abrëll 2020 bitt d’Lëtzebuerger Nationalbibliothéik (BnL)

Déi Lénk 2019: Mat der aktueller Politik briechen
Meenung

Déi Lénk 2019: Mat der aktueller Politik briechen

Gëschter Owend war et un déi Lénk, fir op d’Joer

dislike
Och de Guatemala wëll seng Ambassade op Jerusalem plënneren
Meenung

Och de Guatemala wëll seng Ambassade op Jerusalem plënneren

De Jimmy Morales, President vum Guatemala mécht et dem staarke

Editorial: Keng Léift, déi iwwert alles geet

Editorial: Keng Léift, déi iwwert alles geet

Op säi Land houfreg ze sinn ass kee Feeler. Mee et ass wéi bei ville Saachen: Et ass d’Dosis, déi et mécht. Op Nationalfeierdag säi Land ze feieren ass wuel eng grondleeënd Manifestatioun. Seng Mannschaft am Sport ze ënnerstëtzen, wuel och. De Problem kënnt dann, wann ee säi Land fir dat bescht – a virun allem – méi wichteg wéi déi aner hält.

An Europa, wéi och uechtert d’Welt, gouf sech net wéineg iwwert dem Trump säin „America First“ ameséiert. Net nëmmen ass et eng staark illusoresch an isolationistesch Tendenz, si zitt och komplett un der Realitéit laanscht. Eppes, wat sech am Ofschid zu de Paräiser Accorden manifestéiert huet. An zu deem herrlech dadaistesch lächerlechem Sproch „Ech sinn de President vun de Bierger vu Pittsburgh, net Paräis” gefouert huet. Wou géint sech de Pittsburger Buergermeeschter wiert, profitéierte en dach vum Öko-Boom. Mee dat nëmme sou niewebäi erwähnt.

Dësen Egozentrismus hu weder den Trump nach d’USA patentéiert. En ass och hei ze fannen, an enger total iwwerzunnener Versteigerung an d’Landesprooch Lëtzebuergesch, där hiert Ausstierwen dauernd um Horizont vermutt gëtt. Se awer a Realitéit bei wäitem net ass. Et ass nëmmen e Symptom, eng Igel-Taktik, vir sech virun „deenen do baussen“ ze schützen. Op déi do baussen engem tatsächlech eppes Schlechtes wëllen, ass do onwichteg.

Doduercher erkläert sech och vill Haass op d’EU. Wat am Fall vu Lëtzebuerg relativ absurd ass. Ëmmerhin war eist Ländchen un der Grondsteeleeung vun dëser Institutioun bedeelegt. A mir spillen eng disproportionell grouss Roll. Dat sinn eigentlech Qualitéiten, op déi mer houfreg op eist Land kënne sinn. An dach héiert een se ëmmer erëm, op den digitalen a realen Stammdëscher, déi no enger Ofschafung vun der EU jäizen.

Dobäi ginn et esou vill flott Méiglechkeeten, säi Land ze éieren. Seng Konscht a Kultur ze genéissen, zum Beispill. Am beschten mat aneren. An dobäi ni ze vergiessen, iwwert den Tellerrand ze kucken.

Related topics Editorial, EU, Lëtzebuerg, Patriotismus
Next post Previous post