Search

You may also like

Stroossbuerg: Artikel 7 fir den Orban, an eng Reform vum Autorerecht
Kultur Meenung

Stroossbuerg: Artikel 7 fir den Orban, an eng Reform vum Autorerecht

Zu Stroossbuerg hunn sech d‘Europadeputéiert dofir ausgeschwat, den Artikel 7

Eng ULC-Berodungsstell an der Chambre des Salariés
Kultur Meenung

Eng ULC-Berodungsstell an der Chambre des Salariés

De Lëtzebuerger Konsumenteschutz deelt mat, datt de 15. Januar 2019

Déi jonk Enseignanten hunn es bis iwwert d‘Oueren
Kultur Meenung

Déi jonk Enseignanten hunn es bis iwwert d‘Oueren

Et geet duer, d‘Mooss ass voll! Esou an net anescht

Editorial: Literaresch Rebellioun

Editorial: Literaresch Rebellioun

Si souzen deels um Bueden. Hu virgelies an de Publikum huet hinnen nogelauschtert. Deen een oder aneren hat eng Coupe Schampes, wéi sech dat hei gehéiert. Fir d’Literatur uerdentlech appreciéieren ze kënnen.

Et war e klenge Liichtbléck an enger Literaturzeen, déi oft ze wënschen iwwreg léisst. D’Schrëftsteller haten sech zesumme gedoen, fir der Librairie Alinéa ënnert den Aarm ze gräifen. Déi stoung ee moment laang kuerz virum Enn. A wéi dat publik gi war, si vill Stëmmen haart ginn. Net nëmmen an de Kommentar-Sektiounen. Och Journalisten hunn dem Buttéck de Réck gestäipt. An et huet een sech scho selwer dobäi ertappt, datt een en Ëmwee gaangen ass, fir nach emol dohinner ze kommen.

Ween e bëssche méi zynesch wéi ech ass, kéint behaapten, datt et eng gelonge Marketing-Aktioun vum Här Donnersbach, dem Besëtzer vum Alinea, war. Falsch ass dat net, mee et verpasst a mengen An de Kärpunkt: Datt d’Kultugutt Buch oft vernoléissegt gëtt.

Jo, d’Buch ass och eng Wuer. Dat wëssen d’Bichergeschäfter nëmmen all ze gutt. Vun eppes mussen se jo och liewen. An d’Iwwerliewen ass mi schwéier ginn: Manner Lieser insgesamt, a méi Klienten déi iwwert den Internet akafen. Do kämpft een em all verkraafte Buch.

De Problem ass awer net reng ökonomesch ze gesinn. De kulturellen Objet Buch, dorënner dann och d’Lëtzebuergesch Literatur, muss méi gestäerkt ginn. Dëst bedeit net nëmmen eng Opmierksamkeet säitens der Press, mee och der Edukatioun an eng stäerker Zesummenaarbecht tëscht Librairien, Bicherbutteker an Auteuren.

Wa Liesungen nëmmen an Ausnamefäll gutt besicht ginn, wa jonk Auteuren et schwéier hunn, sech Opmierksamkeet ze erkämpfen an d’Verleeg ze vill Mëttelmooss publizéieren, gëtt den eegene Marché domadder futti gemaach. An dat hëlleft dem ganze Beräich net weider. Oft genuch hunn d’Leit d’Impressioun, d’Luxembourgensia wier eng mannerwäerteg Literatur.

Mee et schéngt sech eppes ze änneren. Buchblogs etabléieren sech zu Lëtzebuerg, d‘Auteuren dinn sech a Facebookgruppen zesummen. A setzen sech och fir déi lokal Zeen an. Hoffe mer, datt et méi oft virkënnt, mee zu méi erfreelechen Occasiounen. An hoffe mer, datt dësen literareschen Aktionismus, des kleng Rebellioun, den Ufank vun eppes gréisserem ass.

Related topics Lëtzebuerg, Literatur
Next post Previous post