Search

You may also like

Déi gréng fir eng zügeg Ofschafung vun der Zäitëmstellung
Meenung Neiegkeeten

Déi gréng fir eng zügeg Ofschafung vun der Zäitëmstellung

Nodeems sech den EU-Kommissiounspresident Jean-Claude Juncker e Freideg fir d‘Ofschafe

Wéi wierkt d‘Reform vun de Rettungsdéngschter?
Meenung Neiegkeeten

Wéi wierkt d‘Reform vun de Rettungsdéngschter?

Den 1. Juli ass d‘Reform vun de Rettungsdéngschter a Kraaft

Muss d‘EU seng Flüchtlingshëllef an der Tierkei a Fro stellen?
Meenung Neiegkeeten

Muss d‘EU seng Flüchtlingshëllef an der Tierkei a Fro stellen?

Europäescht Geld ass agesat gi fir de Refugiéeën an der

Editorial: Maskeflicht elo awer?

Editorial: Maskeflicht elo awer?

Datt een a Krisenzäiten zuweilen och muss Entscheedungen zréckhuelen oder duerch nei Mesure muss ersetzen, dat alles ass ganz normal. Anersäits ass et a Krisenzäiten och zimmlech wichteg, dem Bierger eng kloer Linn opzeweisen. Dat alles huet eis Koalitiounsregierung esouwäit och alles ganz gutt hikritt. Elo dann awer, nodeems laang a breet erkläert ginn ass, datt Masken net dee Schutz bidden deen sech d‘Leit dovunner erwaarden, an zudeem d‘Masken op aner Plaz gebraucht ginn, erschéngt eng Maskeflicht, wéi se schonn an Éisträich agefouert ginn ass, och bei eis méiglech.

Gutt d‘Experte sinn sech wierklech net eens, ausser datt et „besser wéi näischt ass“, firwat dann och ëmmer gären op dat „asiatescht Virbild“ higewise gëtt. Datt d‘Asiate primär d‘Masken um Gesicht hunn, well si „schlechter Loft“ ausgesat sinn, wëll dann elo och kee méi wouer hunn. Zudeem dierf drun erënnert ginn, datt de Gesondheetsministère op sengem Flyer un d‘Menagen ausgewisen huet, datt „eng normal Mask bitt kee Schutz virum Ustiechen“. D‘Gesondheetsministesch Paulette Lenert (LSAP) huet dann och ëmmer nees betount, datt esou Masken eng falsch Sécherheet vermëttelen.

Virun Ouschteren da koum d‘Noriicht, datt eng Mask, a sief et, et hätt e sech déi doheem selwer am Keller zesummegeschrauft oder idealerweis gebitzt, eng zousätzlech Barrière duerstellt. Wann deem esou ass, sollte mir eigentlech séier nees zur „Normalitéit“ zréckfannen. Wann aus der Illusioun eng Realitéit gebastelt gëtt, sollte mir also alleguerte bannen Deeg nees eise gewinnte wirtschaftlechen Aktivitéiten nee nogoen dierfen. Dat ass awer beileiwen net de Fall, och wann, wat jo richteg ass, iwwert eng kontrolléiert Reprise vun de Wirtschaftsaktivitéiten elo scho muss nogeduecht ginn.

Wann awer elo de Krichsminister, d‘Gesondheetsministesch an de Chef-Dirigent vun der Santé, Jean-Claude Schmit (deen hat den 29. Februar gesot: „D‘Mënsche stierzen sech op d‘Masken. Zu Onrecht, well se deenen, déi gesond sinn, net vill bréngen“) op emol eng Maskeflicht als nëtzlech erkennen, dat werft dat nees Froen op. Ware Masken esou laang onnëtz wéi et därer keng ginn huet an gedenkt d‘Regierung elo awer der Fuerderung vun der Patiente Vertriedung Asbl nozekommen? Well d‘Regierung, wann et jo Flicht ass, dann awer Gesiichtsmasken un d‘Bevëlkerung verdeelen?

Op ee Masken, déi net mindestens dem FFP2-Standard entspriechen, per Gesetz allerdéngs eng Schutzfunktioun operleeë kann, dat sollt och deem ängschtlechste Bierger verdächteg virkommen. An dofir nach emol, mir sinn och net dergéint, datt Leit eng Mask undinn, wann et hinnen hëlleft besser duerch d‘Kris ze kommen, genau esou wéineg si mir géint Gebieder oder d‘Bezuele mat der Kreditkaart (wann ee kann). Un de Fakten awer, déi nach bis leschte Mëttwoch och d‘Regierung esou gëlle gelooss huet, ännert awer och eng Maskeflicht näischt. Wat also soll eng Maskeflicht?

Illustratioun: Datt eng Gesiichtsmask d‘Séil schütze kann, well d‘Angscht virum Covid19 absolut fundéiert ass, dierf een net ënnerbewäerten. D‘Leit si schlecht bis ganz falsch Informéiert, firwat jo och säitens der Regierung virun esou domme wéi och geféierlechen Informatioune gewarnt gouf. Elo street déi selwecht Regierung nees Zweiwel an et ass esouguer méiglech datt se d‘Bierger belunn huet. Oder wollten se Informatiounen zréck behalen déi d‘Vollek just onnëtz veronséchert hätt? © Dhaya Eddine Bentaleb / unsplash

Related topics Coronavirus, Covid19, Gesondheetsdirektioun, Gesondheetsministère, Illusioun, Maskeflicht
Next post Previous post