Search

You may also like

Vereinfachte Rekrutement duerch moderniséierten CFL Internetsite
Meenung Neiegkeeten

Vereinfachte Rekrutement duerch moderniséierten CFL Internetsite

Säit der digitaler Ära gëllt den Internet als Duerstellungsplattform fir

Rapport zur Sëtzung vum Regierungsrot bleift „schlicht“
Meenung Neiegkeeten

Rapport zur Sëtzung vum Regierungsrot bleift „schlicht“

Am Communiqué zum Resumé vun der Sëtzung vum Regierungsrot vun

„Op de belscher Küst schwätzen ech däitsch“
Meenung Neiegkeeten

„Op de belscher Küst schwätzen ech däitsch“

An der belscher Zeitung „Le Soir“ huet den ausscheedenden EU-Kommissiounspresident

Editorial: Entweder mir liewen nohalteg oder iergendwann guer net méi

Editorial: Entweder mir liewen nohalteg oder iergendwann guer net méi

Wat seet d’Fro nom Sënn hannert engem nohaltege Liewensstil iwwerhaapt iwwert eis Gesellschaft aus? Wisou musse mir eis dofir rechtfäerdegen, wa mir eis fir aner Mënschen, Déieren sou wéi fir e gesonde Planéit, op deem mir haut an och muer nach liewe wëllen, asetzen? Op jiddwer Fall gesäit een, datt d‘Gesellschaft zukunftsorientéiert a laangfristeg handelt …

D’Äntwert op de „Firwat“ ass ganz einfach – eis bleift näischt anescht méi iwwereg. Entweder mir liewen nohalteg oder iergendwann guer net méi. Wéi entscheede mir eis? Tatsaach ass, datt de globalen Äerdiwwerlaaschtungsdag ëmmer méi no kënnt, mir hunn d’Ressourcë fir e Joer no e puer Méint opgebraucht an da liewe mir op Kredit an op d‘Käschte vun der Ëmwelt an anere Mënschen.

Mir mussen nohalteg liewen, well mir virun der gréisster Erausfuerderung stinn – mir mussen eise Planéit retten. An dat virun eis selwer. Dobäi geet et ënnert anerem ëm de Klimawandel, de Plastiksknascht an eiser Natur, d’Ofholzung vun de Bëscher, an d’Aartestierwen.

Dës an aner Ëmweltproblemer sinn op de Mënsch zeréckzeféieren. Mir sinn all een Deel vum Problem, awer och vun der Léisung. Mir sinn déi eenzeg Liewewiesen déi se léise kënnen.

Gesellschaftlech Problemer wéi de Welthonger sinn och Deel vun eisem verschwendereschen a wéineg klimafrëndleche Liewensstil. Mir hunn just dëse Planéit, a wa mir en zerstéieren, ass alles wat mir maachen an all eis Dreem an Hoffnungen näischt méi wäert.

En nohaltegt Liewen huet e positiven Effekt op eis selwer an op eis global Gesellschaft. E Beispill dofir ass eng besser Gesondheet (méi propper Loft) oder méi Suen duerch e reduzéierte Konsum, oder och propper Landschaften wann emol domat opgehale gëtt säin Dreck iwwerall hinzeschmäissen. A souguer méi Zäit mat Famill a Frënn. Qualitéit iwwert Quantitéit – dat gëllt fir Villes.

Wa mir nohalteg liewen, si mir vill méi déi Mënschen, déi mir eigentlech sollte sinn – a Virbiller fir zukünfteg Generatiounen.

Opmaacherbild: © Elmira Gokoryan / unsplash

Related topics Ëmwelt, Erausfuerderung, Klimawandel, Liewensstil, Nohaltegkeet, Rettung vum Planéit
Next post Previous post