Search

You may also like

Frae sinn ënnergeuerdent Wiesen
Meenung

Frae sinn ënnergeuerdent Wiesen

Déi sougenannten Istanbul-Konventioun, gouf 2011 an d‘Liewe geruff a vun

Neies aus dem Konsumenteschutzministère
Meenung

Neies aus dem Konsumenteschutzministère

Ze wësse wat ee keeft, oder villméi wat ee sech

Ee Gesondheetspass fir Lëtzebuerg (Analys)
Meenung

Ee Gesondheetspass fir Lëtzebuerg (Analys)

Op se an der Regierung illegale Substanzen ausgesat sinn, oder

Editorial: Pressehëllef – Broch mam Pabéier?

Editorial: Pressehëllef – Broch mam Pabéier?

Wann et ëm Pabéier geet, dann ass d’Lëtzebuerger Presselandschaft gutt opgestallt. Véier Dageszeitungen, eng gratis Zeitung an eng Handvoll Woche- wéi Monatszeitungen wimmelen hei um Marché. Och, well se Hëllef vum Staat kréien.

Elo ass am Dezember leschten Joers eng Neierung komm. Nodeems d’Reform vum Pressegesetz ëmmer erëm verréckelt ginn ass, an an der Berichterstattung deelweis Hiobsbotschaften fir méi kleng Presseorganer an Ëmlaf komm sinn, ass en Arrété Grand-Ducale komm, deen elo och d’Online Press couvréiert.

D‘Online-Press zu Lëtzebuerg gëtt zimlech stéifmütterlech behandelt. An deenen absolut meeschte Fäll sinn dëst näischt weider ewéi d’Online-Plattformen vun den Offline-Zeitungen. Da gëtt et nach RTL, déi de Contenu vun Tele a Radio textlech verschaffen. Vu Bloggeren ofgesinn, feelt et Lëtzebuerg un enger Online-Medien, déi eenzegartegen a qualitativ héichwäertege Contenu produzéieren.

Deen neien Réglement soll dëst änneren, mee et muss een sech d’Fro nawell stellen, wat fir een Afloss dat op d’insgesamt Presselandschaft wäert hunn. Och wa scho virgesuergt ginn ass, an d’reng Online-Plattformen vun den etabléierten Zeitungen net matgezielt ginn, fäerten ech ganz, datt dat eent oder anert Verlagshaus einfach higeet, an e Spin-Off mécht. An de begrenzte Marché, dee Lëtzebuerg nu mol duerstellt, verdréit nëmmen eng gewëssen Zuel vu Plattformen.

Vill Plattformen, déi wéineg Ofwiesslung bidden, wuelgemirkt. Net nëmmen, wat Themen ugeet, wou et generell e gréissere Mutt zu Nische sollt ginn, mee och, wat reng Déift ugeet. Wat bréngt et der Lëtzebuerger Presselandschaft, wa jiddereen op déi selwecht Pressekonferenzen vun de Ministèren dackelt, an duerno zum Verwiesselen ähnleche Contenu produzéiert?

An dann hu mer nach guer net vum Lieser geschwat. Wat huet deen eigentlech dovunner, wann jiddereen der Aktualitéit hannendrun hechelt a fir e Land mat knapps 600.000 Awunner widderhuelt dee selwechte Contenu bereet stellt? An da kënnt nach dobäi, datt d‘Bedingungen fir déi nei Online-Pressehëllef deelweis zimlech schwammeg ausformuléiert sinn. Wéi wäit muss den Ënnerscheed vu geschriwwener op Online-Press goen? Wéi grouss mussen déi zwou deeglech Aktualiséierungen ausfalen? Et kléngt alles e bësschen onduerchduecht. Déi ganz Reglementéierung déi am Moment besteet ass e Schnellschoss, deen en plus nach ze spéit kënnt.

Well si mer eis éierlech, déi aktuell Situatioun ergëtt sech aus de Versaumnesser vun de vergaangene Joren. Net nëmmen gouf de Volet Online-Press nëmme mat vill Gezécks vun den Zeitungen ugaange, wat sech elo rächt. An Interviewen weisen sech d‘Chefredakteren vun den Zeitungen veronsechert, deels well villes onkloer ass, an deels, well se den Online-Volet vernoléissegt hunn. Mee mat der Zäit wäert sech weisen, wéi eng Approche déi richteg war.

Related topics Editorial, Lëtzebuerg, Presse
Next post Previous post