Search

You may also like

money
Australesch Regierung op der Uklobänk
Meenung

Australesch Regierung op der Uklobänk

Wann d‘Studentin Katta O‘Donnell optrëtt, brauch et ëmmer ee klengen

MPLA hält sech no Wahlen an Angola un der Muecht
Meenung

MPLA hält sech no Wahlen an Angola un der Muecht

D‘Partei un der Muecht am Angola huet, erwaart an ouni

Schwäiz: Volleksentscheed géint Baulandbegrenzung
Meenung

Schwäiz: Volleksentscheed géint Baulandbegrenzung

Bei grousse gesellschaftlechen Entscheedungen, ginn an der Schwäiz d‘Bierger ëm

Editorial: Schlecht Zäite fir de Journalismus?

Editorial: Schlecht Zäite fir de Journalismus?

E Méindeg huet déi franséisch Justiz geuerteelt, datt d‘Beschlagnamung vun der Korrespondenz tëscht engem Journalist a senger Source, am Heem vum Journalist, zoulässeg wier. Esou eppes, dat hunn ech nach op der Uni geléiert, huet et sengerzäit just an Diktature, Russland oder China ginn. Ech ka mer also gutt virstellen, wéi sech de Journalist dierft fillen.

D‘Geriicht vu Metz huet mat senger Entscheedung der Firma PriceWaterhouse Coopers Luxembourg (PWC) also Recht ginn an de Journalist Edouard Perrin nach zousätzlech dozou veruerteelt 3.000 Euro Schuedenersatz ze bezuelen. Wéinst dësem Uerteel dieft de Schampes a Cremant Ëmsaz bannent Stonnen duerch de Plafong gaange sinn.

Dobäi ass et e Grondrecht vum Journalismus, dat d‘Quelle vun der Informatioun geschützt sinn. Komplett onverständlech och d‘Uerteel schonn dowéinst, wëll déi fréier Presidentin vum Gericht zu Metz, Patricia Pomonti ëffentlech zouginn huet, datt si mat der Ordonnance, déi d‘Perquisitioun méiglech gemaach hat, ee grousse Feeler begaangen huet.

De Riichter Pierre Wagner, géint deem säin Uerteel den Edouard Perrin natierlech an Appell muss goen, stellt dann och d‘Vertraue vun de Journalisten an de Bierger an d‘Justiz op eng grouss Prouf. Et soll Redaktioune ginn, besonnesch am frankophone Beräich, wou sech d‘Fro gestallt gëtt, wat dësem Riichter säin Uerteel kéint kascht hunn.

Elo mussen d‘Journalisten also nach méi Uecht dinn, nach méi verdeckt recherchéiere wéi se et bis ewell gemaach hunn. A wéi gesot, an Europa gëtt et Gesetzer déi eigentlech de Journalist viru grad esou Methode solle schützen. Wann de Riichter vu Metz a PWC elo awer mengen, datt se engem Angscht maachen, d‘Investigatioun (déi journalistesch) ophält, dann hu se sech geschnidden.

Hei gëtt provozéiert a Muecht demonstréiert. Dat ass en Challenge deen – vläicht net all, mee vill – Journaliste gären unhuelen. Dës „Manche“ geet u PWC. Mee se sollten uecht dinn, d‘Pressefräiheet unzegräifen, an d‘Gesetz mëttels Geld ze beaflossen, do geet ëm d‘Éier vum Journalist. An dat ass eng Zunft déi sech dat net wäert gefale loossen.

Foto: Fab5669 / CC BY-SA 3.0

Related topics Edouard Perrin, Journalismus, Pierre Wagner, Pressefräiheet, PWC, Raphaël Halet
Next post Previous post