Search

You may also like

Guinea: Rebellioun oder Putsch?
Meenung Neiegkeeten Sport

Guinea: Rebellioun oder Putsch?

An der Republik Guinea (Westafrika) ass d‘Lag zur Stonn ugespaant

A wéi ass et mat der Afrikanescher Schwéngspescht?
Meenung Neiegkeeten Sport

A wéi ass et mat der Afrikanescher Schwéngspescht?

Un dësem Donneschdeg, den 10. Oktober huet den Task Force

Konscht am Gronn – Déi éischt Expo vun der Saison
Meenung Neiegkeeten Sport

Konscht am Gronn – Déi éischt Expo vun der Saison

E Sonndeg, den 2. August 2020 kann een déi éischt Ausstellung

Editorial: SUPER LEAGUE – Um Wee vum Doud vum Fussball?

Editorial: SUPER LEAGUE – Um Wee vum Doud vum Fussball?

E Putsch. D’Wuert kléngt staark, ma dat ass gëschter Moie mat der Ukënnegung vun enger Super League duerch 12 europäesch Topp-Clibb passéiert. Et ass eng Meuterei, déi duerch d’Sich no méi Profit, d’Zerstéierung vun de Massen an dem Manktem vu vëlleger Solidaritéit mat der Welt vum Fussball motivéiert ass. Méi wéi d’Ofleenung vun dësem Projet, ass et ubruecht, datt de Fussball oder aner Autoritéiten dës erbäermlech Aktioun streng sanktionéieren.

De Florentino Perez weist en enger Erklärung, datt hie keng Angscht viru Spott huet. Andeems de President vu Madrid d’Schafung vun dëser Super League mam Wonsch rechtfäerdegt, „d’Erwaardunge vun de Fans“ ze erfëllen, schéngt hie mol net d’Ofwäichung vun dëse Wierder ze moossen.

Domat hätt dës nei Competitioun, déi ouni déi geréngsten Zoustëmmung vun de Regierungen ausgeschriwwe gouf, d’Liicht vun der Welt erbléckt, fir d’Ëffentlechkeet zefridden ze stellen. Si hunn sech missen trauen.

Well zënter dëser Ukënnegung geet d’Tendenz éischter zur Roserei. A souguer zum Opstand vun der Vox Populi. Et ass schwéier ze verstoen, datt dës Herrschaften, déi de Projet initiéiert hunn, net mat esou eng negativ Reaktioun gerechent hunn.

Wéini huet iergendeen geduecht, datt esou e Projet net der allgemenger Meenung entsprieche géing? Wéi kéinten d’Leit dës nei Meeschterschaft akzeptéieren, déi keen richtege Wäert opweist, ausser dem finanzielle Gewënn vun dëse Risen. Esou sollten ongeféier 15 Clibb an enger Zäit, an där insgesamt ënnert enger déiwer Rezessioun gelidde gëtt, an et schwéier ass iwwert d’Ronnen ze kommen, sécher sinn hiert finanziellt Akommes ze verduebelen oder souguer ze verdräifachen.

Et ass dëse Manktem un Empathie mat der Realitéit, dës Trennung vun der realer Welt, déi schockéiert. An de Mangel u Berodung mat de Spiller, déi reegelrecht d’Bauere vun dësem Sport sinn, mécht genee esou vill Suergen. Sou hunn sech 12 Männer fonnt, net wäit vu Verschwierungstheorien ewech, fir eng „nei Welt“ opzebauen an sech um Réck vun de wéineger Gléckleche beräicheren. Dobäi kéint absolut näischt u si kommen.

Et ass erschreckend – an dat ass dat richtegt Wuert. Dës Leader, déi wäit dovunner ewech sinn, hier privilegéiert Situatioun ze erkennen, denken nëmmen drun de Sputt tëscht hinnen an dem Rescht vun der Welt weider ze vergréisseren.

Super League
Sky Sport / Twitter

Den Doud vun der Sportgerechtegkeet

A wat ass mat der Sportgerechtegkeet? Et ass lächerlech ze gesinn, datt den Andrea Agnelli, President vu Juventus Turin dëse Projet ënnerstëtzt. Ënner wéi enger sportlecher Legitimitéit géint de Club kann een eng Plaz an dëser Elite verdéngen? Rechtfäerdegen dräi K.O-Spiller hannerteneen a Folleg am Aachtelsfinall géint Ajax, Olympique Lyonnais an den F.C Porto wierklech eng Plaz ënnert de Beschten?

Fir de Moment ass et net garantéiert, datt den historesche Veräin an der Champions League spillt, well aner, méi bescheide Veräiner wéi Atalanta, Napoli oder Lazio um Terrain mat Leif a Séil kämpfen – do wou sech alles ofspille sollt. Wéi ee Message gëtt eriwwerbruecht, wa mir d’Onsécherheete vun e puer héichrangege Beamten eliminéieren?

Schockéierend ass och d’Presenz vun Arsenal ass dësem neie Club. Firwat verdéngt dës Equippe, déi jorelaang wéinst hire lächerleche Leeschtunge verspott gouf, et zu der Elite ze gehéieren? Huet Leicester duerch seng enorm Fortschrëtter an de leschte Joren net nach méi Unerkennung verdéngt? D’Virstellung, datt eng glorräich Vergaangenheet fir d’Éiwegkeet ass, weist am beschte Fall e Manktem un Froen an am schlëmmste Fall e vëllegen Obskurantismus an e Mëssverständnes vun de Gesetzer vun eisem Wirtschaftssystem.

Et ginn och nach aner Aspekter bei dësem Projet, déi stéieren. Well iwwerall Ëmweltbeméiungen ënnerholl ginn, ass et wahrscheinlech en eeschte Problem, wann d’Spiller all dräi Deeg an Europa mam Fliger ronderëm fléien, fir u Meetingen deelzehuelen.

A well et néideg ass drun ze erënneren, ass de Match tëscht Bayern a PSG opreegend – an dat well et seele virkënnt. Wéi Foie Gras, Freedefeier oder souguer e groussen Owend mat Frënn. A wann een all Woch grouss ësst, gëtt dat Ganzt séier onverdaulech.

Traditionell Veräiner, eng traureg Illusioun

Et ass erstaunlech ze gesinn, datt et wäit ewech vu Manchester City oder PSG, tatsächlech Clibb sinn, déi hier Geschicht an déif Bindung zu hire Supporter ervirhiewen, déi de Projet an d’Liewe geruff hunn.

An et war de Gary Neville, deen live am Fernseh dësen traurege Message perfekt zesummegefaasst huet.

Liverpool presentéiert sech als Volleksveräin. You’ll never walk alone … A Manchester United, gegrënnt vun Aarbechter aus der Stad woen et, an eng Liga ouni Konkurrenz ze goen, wou si net ofsteige kënnen. Et ass eng Schan a mir musse kämpfen, fir d’Muecht erëmzegewannen, déi Topp-Clibb vun der Liga iwwerholl hunn. Et ass näischt weider wéi Gier.

Si spille falsch, d’Besëtzer vu Liverpool, United, Arsenal a Chelsea hunn näischt mat Fussball ze dinn. Et gëtt eng Fussballgeschicht vun iwwer honnert Joer an dësem Land, mat Fans déi d’Veräiner bedéngungslos gelieft an ënnerstëtzt hunn, an dës Unhänger musse geschützt ginn, si brauchen et. (…) United ass weder an der Champions League, och Arsenal an Tottenham sinn wäit dovunner ewech. Et ass e grousse Witz, an et ass un der Zäit, dëse krommen Hären, déi dës Entscheedung geholl hunn, d’Muecht ze entzéien. Genuch ass genuch!“

Dem Ex-Spiller (deen sech op englesch Veräiner konzentréiert) seng Kommentare passe perfekt op déi historesch Veräiner a Spuenien an Italien. Begeeschtert vum amerikanesche System, hunn d’Leader dofir dës Super League geschaf, déi den massive Geldfloss, onofhängeg vun de sportleche Resultater zum Zil huet. Et geet duer ze soen, datt de Fussball elo an den Hannergrond geréit, wäit ewech vun de Börsewäerter vu verschiddene Mataarbechter. De Fussball ass dout, laang soll e liewen.

Esou eng Handlung muss eng staark Reaktioun hunn. Wann eng Dose Regioune vun engem Land decidéiere géingen, hir Natioun ze verloossen, fir hir eegen ze grënnen – an dat mam eenzege Wonsch no Profit – géingen d’Autoritéiten dëse Wonsch no Emanzipatioun ouni Debatt ofleenen an d’Ustëfter vun dëser Rebellioun streng sanktionéieren. Och hei mussen Organisatiounen handelen. An dat séier.

Zënter Joren erliewe mir de luesen Doud vum populäre Fussball. An dat zu Gonschte vum Finanziellen. D’Amateurwelt ass a Qualen – domat sinn déi grouss Mannschaften ze wäit gaangen. Dat muss bestrooft ginn. Et besteet nämlech de Risiko, datt dat no hanne lass geet. Wien héich klëmmt, brauch sech nämlech net ze wonneren, wann en déif fält.

Zesumme mat mental.lu

Opmaacherbild: © Arseny Togulev / unsplash

Related topics Editorial, Florentino Perez, Fussball, Gary Neville, Putsch, Sportgerechtegkeet, Super League
Next post Previous post