Search

You may also like

Rotondes: Den offizielle Programm bis den 30. Abrëll
Meenung Neiegkeeten

Rotondes: Den offizielle Programm bis den 30. Abrëll

Vu Musek a Konscht, iwwert Atelieren a Workshops, bis hin

Déi Demokratesch Republik Kongo huet den EU-Ambassadeur ausgewisen
Meenung Neiegkeeten

Déi Demokratesch Republik Kongo huet den EU-Ambassadeur ausgewisen

Déi europäesch Unioun huet um Donneschdeg d‘Entscheedung vun den Autoritéite

Sinn hunn den Ambassadeur ausgespaart
Meenung Neiegkeeten

Sinn hunn den Ambassadeur ausgespaart

Ufank Abrëll huet d‘Arméi am Myanmar d‘Muecht u sech gerappt

Editorial: D’Zesummespill vun Terrorismus a Journalismus

Editorial: D’Zesummespill vun Terrorismus a Journalismus

Terroristesch Attentater treffen net nëmmen d’Affer iwwerraschend, mee schockéieren och a kuerzem Zäitraum divers Gruppen an eiser Gesellschaft. Esou traureg et och ass, erweise sech negativ Ereegnisser fir Journalisten a Reporter als „perfekt Material“ fir d’Opmierksamkeet op sech ze zéien. Ma, och d’Terroriste maache sech dës medial Opmierksamkeet zu Notzen a rechnen se oft an hir Iwwerleeunge mat an. Wéi kann a soll e Journalist reagéieren, fir zwar ze informéiere, mee gläichzäiteg esou wéineg wéi méiglech zur Panik bäizedroen an den Täter eventuell souguer indirekt als „Star“ duerzestellen?

Wann Nuets den Telefon schellt an d’Noriichtenagence op der anerer Säit sech mellt, respektiv ee Moies mat enger iwwerlafener Mailbox wakereg gëtt, da weess een direkt, datt eppes Bedeitendes – oft an negativer Aart – geschitt ass. Elo muss ee sech entscheeden, ob een zum Matleefer vun de Massemedien gëtt a schnell bericht, oder ob een ofwaart, bis kloer Fakten an Informatioune säitens den Autoritéiten zur Verfügung stinn.

Et ass net esou einfach, wéi et ausgesäit

A schonns ass ee mat verschidden Erausfuerderunge konfrontéiert. Zum engen dréit eng groussflächeg Berichterstattung zum Verbreede vun Angscht a Panik bäi, wouduerch d’Wierkung vum Attentat nach verstäerkt gëtt. Zum aneren steet den Interessi vun de Lieser oft virun deem vun den Affer a Betraffenen, wouduerch ouni Gewëssen drop lass geschriwwe gëtt. Domat awer nach net genuch.

Och e Journalist weess op den éischte Bléck net ëmmer wat stëmmt, a muss aus diverse Rapporten, Quellen an offizielle Berichter déi richteg Informatiounen erauszéien, ouni sech dobäi ze vill op d’Informatiounen vun anere Medien ze bezéien. An Zäite vun de soziale Medien verbreede sech Vermuddungen, Beschëllegungen a Verschwörungstheorien wéi e Laffeier. D’Informatioune ginn net duerch zolitt Quellen oder seriéis Tatsaache beluecht a bemol gëtt de klengkaréierte Mënsch, dee vun Tuten a Blose keng Anung huet, säin Deel awer bäidroe wëll, zum selwer ernannten Expert op dësem Gebitt. A leider gëtt uschléissend wëll gedeelt, ouni ze hannerfroen.

Wa Fakte feelen

Eng weider Erausfuerderung läit doran, datt Terroriste sech oft guer net, respektiv iwwert e Bekennerschreiwes mellen. Esou besteet weder d’Chance Froen ze stellen, nach no der Authentizitéit ze froen. D’Attentäter notzen zudeem och eege Plattformen fir sech matzedeelen, an – ob bewosst oder onbewosst – dann d’Massemedien.

Esou komme mir zu asymmetrescher Symbios vun Terrorismus a Journalismus. Den Terrorist brauch d’Medien fir seng Dot ze pushen, d’Medien hunn allerdéngs ëmmer genuch Themen a Material fir ze driwwer ze schreiwen a kënnen op grujeleg Doten verzichten. Kleng Anekdot: Esou oft kréie mir geschriwwen: „Bréngt dach emol eppes Schéines…“. Aus medialer Siicht zéie positiv Artikelen awer – zu mengem eegenen Onmutt – seelen d’Opmierksamkeet op sech, wouduerch een, wann een dann de Choix kritt, sech éischter fir en negatiivt Thema entscheet an dat Positiivt op e spéideren Zäitpunkt verréckelt.

Zeréck zum Terrorismus. No engem Attentat klëmmt bei der Gesellschaft den Honger no Informatioun an Orientéierung. Et gëtt méi an de Medien gelies a grad do sollt dann d’Qualitéit virun der Quantitéit stoen.

Wéi kann een handelen?

De Politikwëssenschaftler Herfried Münkler réit heibäi zur „heroescher Geloossenheet“. Duerch verschidde Moossnamen kënnen d’Medien et nämlech fäerdeg bréngen, mat Fakten ze iwwerzeegen, gläichzäiteg awer net d’Dot u sech ze verstäerken an den Täter zum „Star“ ze maachen. Heizou gehéiert beispillsweis:

  • Op Fotoe vum Täter verzichten a keng Nimm nennen: Esou soll verhënnert ginn, datt en Täter vu verschidde Persounen zum Held erkläert gëtt. Ma och Nomaacher solle gebremst ginn;
  • Qualitéit amplaz Quantitéit: Eng sachlech an op seriéise Fakte berouend Berichterstattung ass essentiell. De Beitrag soll esou niichter wéi méiglech sinn an net duerch dramatesch Elementer verstäerkt ginn;
  • Virsiicht bei Live-Ticker: Soll et schnell goen, da bleift oft keng Zäit säi Material ze iwwerpréiwen an ze beaarbechten. Doduerch ginn nämlech gäre Falschinformatioune verbreet. Korrespondenten op der Plaz kënnen zudeem eng Dot just partiell kommentéieren, wëll si en Deel vum grousse Ganze gesinn a kee geneeën Iwwerbléck iwwert d’Situatioun hunn;
  • Transparenz: Tatsächlech Fakte musse vun Hypotheesen getrennt ginn an dem Lieser och esou erkläert ginn. An esou Fäll ass et gutt ze wëssen, wéi d’Autoritéiten an d’Ermëttler schaffen, fir datt just dann bericht gëtt, wa Kloerheet zu engem Fall besteet;
  • Politik a Sécherheetsinstanze kritesch beuerteelen: Journaliste sinn op d’Aussoen an d’Informatioune vun offiziellen Autoritéiten ugewisen. Trotzdeem sollt een – wéi bei allem am Liewen – och emol hannerfroen, besonnesch wann et ëm Länner geet, déi net grad duerch Demokratie a seriéis Autoritéiten ervirtrieden.

Zum Schluss bleift dann awer nach déi traureg Erkenntnis, datt wann de Lieser d’Info net bei dem enge fënnt, e bei den aneren geet . Kritescht Hannerfroe gëtt also op béide Säite vum Bildschierm, respektiv der Zeitung gefrot.

Opmaacherbild: D’Non-Violence-Skulptur ass vum schwedeschen Artist Carl Frederik Reuterswärd am Joer 1980 entworf ginn. Schonn Enn vun de 60er Joren huet hie kleng Versiounen vun der verknueter Waff erstallt, nodeems hie sech um John Lennon senge Protestaktioune fir de Fridden inspiréiert huet. Nodeems de Museker ëmbruecht gin ass, gouf schliisslech déi grouss Skulptur realiséiert. Ze gesinn ass se a verschidde Variatiounen an diverse Stied. Am Joer 1988 huet d’Lëtzebuerger Regierung de Vereenten Natiounen dëst Wierk als Kaddo gemaach. Opgestallt gouf se zu New York virum UNO-Gebai. Och zu Lëtzebuerg steet eng Variant. © Maria Lysenk / Unsplash

Related topics asymmetresch Symbios, Autoritéiten, Editorial, grujeleg Dot, Herfried Münkler, Hypotheesen, Internet, Politiker, seriéis Quellen, Sozial Medien, Terrorismus, Verschwörungstheorien, Zesummespill
Next post Previous post