Search

You may also like

De Bluttspenderdag, erkläert
Fail Meenung

De Bluttspenderdag, erkläert

Haut ass den internationalen Bluttspenderdag. D’WHO (World Health Organisation) organiséiert

„Ecological Anxiety Disorder“ um 18. Mäerz am Opderschmelz
Fail Meenung

„Ecological Anxiety Disorder“ um 18. Mäerz am Opderschmelz

De Lëtzebuergesch-franséische Grupp Eddi van Tsui luet an op eng

Covid19: Eng kuerz Iwwersiicht
Fail Meenung

Covid19: Eng kuerz Iwwersiicht

D‘Zuele vun den Neiinfektiounen huelen awer weider zou, wann och

dislike

Editorial: Zuelespillereien

Editorial: Zuelespillereien

All puer Méint ass et dat selwecht: RTL, Wort an Tageblatt liwweren erëm sëllechen Ëmfroen. Elo ass dorunner u sech näischt auszesetzen, et kéint een souguer behaapten, datt am Verglach zum Ausland der ze mann gemaach ginn.

Wat wesentlech méi kritesch ze gesinn ass, sinn d’Spillereien, déi dann ufänken. Ween op Twitter beispillsweis dem Claude Biver followt, dee weess, wou den Hocke ass: Déi nei Donnéeën ginn mat de Wahlresultater vum 2013 verglach. Net awer mat den aneren Ëmfroen. An déi Fro, déi een sech da stelle muss, ass: Firwat?

Et däerf spekuléiert ginn, datt sech domadder einfach net esou gutt Schlagzeile schreiwe loossen. Well d’Schwankungen sinn deen Ament net méi sou grouss: Do géif dann d’CSV am Verglach zu Dezember 2016 nëmmen 0,1 – 4,8% je nodeem, wéi ee Wahlbezierk een hëlt, gewannen. An da kann een net méi als „News“ bréngen, datt d’CSV sechs (!) Sëtzer géif bäi gewannen. Et kann een och manner gutt op d’Oppositioun klappen, déi sech tendenziell am Opwäertswand befënnt.

Mee dat wëll anscheinend keen héieren. Grad sou wéineg, wéi sech déi kleng Parteien, déi net am Parlament setzen, esou schloen. Egal op KPL, PiD oder d’Piraten, si all kommen souwuel an der Diskussioun als och an der grafescher Duerstellung all ze oft ze kuerz.

An deem Kontext braucht een sech net ze wonneren, datt esou vill Leit vu „gefälschte“ – eigentlech sinn se deen Ament jo nëmmen verfälscht – Statistike schwätzen, wann Donnéeën esou ausgeluecht ginn. Eenzege Liichtbléck ass do wuel, datt op mannst d’Methodik oppe geluecht gëtt.

Kleng Schrëtter. Domat muss een sech wuel zefridde ginn.

 

Related topics Editorial, Ëmfroen, Lëtzebuerg
Next post Previous post