Search

You may also like

What the Fakt – De Papp vum Max a Moritz verléisst eis fir ëmmer
Business Neiegkeeten

What the Fakt – De Papp vum Max a Moritz verléisst eis fir ëmmer

De Wilhelm Busch, däitsche Moler, Lyriker an Auteur ass och

Sea-Watch3: D‘Flüchtlingen hunn d‘Schëff verlooss
Business Neiegkeeten

Sea-Watch3: D‘Flüchtlingen hunn d‘Schëff verlooss

No iwwer zwou Wochen an der partieller Evakuéierung vu Flüchtlingen,

money
Pëtrolspräisser: de Brent klëmmt iwwer 80 US-Dollar
Business Neiegkeeten

Pëtrolspräisser: de Brent klëmmt iwwer 80 US-Dollar

Um Donneschdeg ass de Präis fir e „Barrel“ Brent-Pëtrol iwwer

Editus positionéiert sech nei

Editus positionéiert sech nei

Schonn zënter 45 Joer gëtt et Editus als nationalen Editeur vum Telefonsverzeechnis. Säit 1995 ass d’Societéit eng bekannte Filial vum Post Grupp. Fir si ass et un der Zäit, sech nei ze erfannen.

An de leschte Joren huet Editus ënnerschiddlech Verännerungen duerchgefouert – virun 10 Joer huet d’Verzeechnes vun de gielen a wäisse Säiten 80 Prozent vun hirem Geschäft ausgemaach, elo sinn et nëmmen nach e bësse méi wéi 10 Prozent.

Dobäi goufen et keng Verloschter ze bekloen, de Géigendeel ass de Fall. Duerch d’Erneierung vun hiren Offeren konnt Editus souguer wuessen. D’Verlagerung vun den Aktivitéiten ass schrëttweis erfollegt, vun engem Verzeechnes an enger Sichmaschinn bis hin zu Marketingléisungen.

De Hugues Langlet, CEO vun Editus seet zum Changement, datt si elo eng Ekipp vun 140 Mataarbechter virweise kënnen, wouvun zwee Drëttel an enkem Kontakt mat de Clienten steet. D’Agentur gëtt vu méi wéi 10.000 Entreprisen ënnerstëtzt. A soubal d’Marken ONE an NEO dobäi sinn, wäert ee kënnen op d’Marketingerwaardunge vun den Entreprise vum Land agoen.

Editus positionéiert sech nei
Hugues Langlet, CEO vun Editus © Editus

D’Entreprisen digitaliséiere sech

Well all Entreprise spezifesch Bedierfnesser huet, wollt Editus speziell dofir zwee Usätz entwéckelen: ONE an NEO. D’Ziel ass et, ënnert anerem Lëtzebuergesch Entreprisë bei hirer Digitaliséierung ze ënnerstëtzen. Dofir kréien si Léisungen ugebueden, déi un hire Budget, d’Aktivitéit a Gréisst ugepasst ginn.

Op dës Manéier ënnerstëtzt d’Offer national Fachleit an all Phas vun hirer Kommunikatioun – vun der éischter Diagnos bis zum Management vun der digitaler Präsenz, sou wéi och d’ Ëmsetzung vun engem E-Commerce.

„Mir si motivéiert all Handelsentreprise – 55.000 zu Lëtzebuerg – bei hirer digitaler Transformatioun ze ënnerstëtzen, andeems mir hinnen den Zougang zu den neiste Marketingléisungen erliichteren. Dat ass genee dat richtegt Thema fir wirtschaftlech Attraktivitéit, besonnesch am E-Commerce. Mir droen dës sozial Verantwortung mat Stolz“, sot den Hugues Langlet nach.

Lues awer sécher ass Editus gewuess, an huet sech Schrëtt fir Schrëtt transforméiert. Elo ass d’Entreprise zu bal 100 Prozent digital – an och zu 100 Prozent un all Mënsch gebonnen. Duerch d‘Ënnerstëtzung vun all Entreprise sou wéi all weider Entwécklung, ass Editus stänneg a Kontakt mat individuellen a perséinleche Situatiounen.

Dobäi soll net vergiess ginn, datt all Klick eng Geschicht ass.

Opmaacherbild: © Editus

Related topics Changementer, Digitaliséierung, Editus, Giel Säiten, Hugues Langlet, Kntakt, NEO, ONE, Telefonsbuch, Transformatioun, Wuesstem
Next post Previous post