Search

You may also like

Nashville am Noutstand
Neiegkeeten

Nashville am Noutstand

No der Explosioun vun engem Camper zu Nashville ass de

surprise
Lycéesreform entsprécht net der Virstellung vun der CSV
Neiegkeeten

Lycéesreform entsprécht net der Virstellung vun der CSV

Wann de Educatiounsminister sech verständlecherweis mat sengem Projet zefridde weist,

Och de Wochemaart feiert seng Rentrée
Neiegkeeten

Och de Wochemaart feiert seng Rentrée

Um Freideg ass zu Esch Uelzecht eng vun den eelef

Educatioun: Cluster bedeit net Infektiounsquell!

Educatioun: Cluster bedeit net Infektiounsquell!

Bei der Pressekonferenz vum 22. Juli 2020 huet d’Gesondheetsministesch Paulette Lenert déi 33 Covid-19-Clustere presentéiert, wouvunner quasi en Drëttel aus dem Beräich Schoul a Lycée besteet. Wat dobäi oft falsch verstane gouf: De Begrëff Cluster ass net als Synonym fir eng Infektiounsquell geduecht!

Aus dësem Grond erkläert de Gesondheetsministère nach emol, datt vun engem Cluster geschwat gëtt, wann 3 oder méi infizéiert Persounen iwwert eng Period vu 7 Deeg op der selwechter Plaz optrieden. D’Infektioun kann dobäi och ausserhalb vun dësem Raum stattfonnt hunn.

Als Beispill gëtt folgende Fall genannt: Dräi Bridder a Schwësteren besichen déi selwecht Schoul an hu sech bei engem Familljefest ugestach. Och wa si keen keng aner Persoun an der Schoul ugestach hunn, gëllt d’Plaz als Cluster.

Dobäi gëtt och drun erënnert, datt bis op ganz rar Fäll, keng Infektioun duerch d’Schoule gaangen ass. Eng verdéift Analys vum Impakt vu Covid-19 op d’Schoule gëtt deemnächst vun den zwee Ministèren ausgeschafft.

Opmaacherbild © Siora Photography / Unsplash

Related topics Analys, Begrëffserklärung, Cluster, Educatioun, Gesondheetsministère, Infektiounsquell, Kloerstellung, Lycee, Paulette Lenert, Schoul, Synonym
Next post Previous post