Search

You may also like

LuxFilmFest 2019: Mat Virtual-Reality duerch d’Filmwelt
Neiegkeeten

LuxFilmFest 2019: Mat Virtual-Reality duerch d’Filmwelt

Am Kader vum Luxembourg City Film Festival organiséiert de Casino

De séisse Schockela a säi battere Bäigeschmaach
Neiegkeeten

De séisse Schockela a säi battere Bäigeschmaach

Pünktlech zu Ouschteren presentéiert Fairtrade Lëtzebuerg, wou ee fair Schockelaseeër

Caritas aktivéiert seng Truppen
Neiegkeeten

Caritas aktivéiert seng Truppen

An dëse schwéieren Zäite verséchert d‘Caritas de Beneficiaire vun hire

Educatiounsminister erwiert sech dem SEW/OGBL-Ugrëff

Educatiounsminister erwiert sech dem SEW/OGBL-Ugrëff

Nodeems de SEW/OBGL President Patrick Arendt leschten Donneschdeg eng zolidd Attack géint de liberalen Educatiounsminister Claude Meisch geridden hat, well dësen dem Enseignement duerch Dialogverweigerung a schlechter Kommunikatioun immense Schued géif uriichten, huet dëse beim Staatssender Bertelsmann/RTL zum Géigeschlag ausgeholl an de Punkt gemaach.

Hien hat, wuel fir sengen Ausféierungen am Interview méi Gewiicht ze verléinen, de Bericht zur Covid19-Situatioun an de Schoule matbruecht. Am Gespréich mat der Journalistin huet de Minister dann emol festgehalen, datt ee sech wuel an der Schoul mam Coronavirus ustieche géif, an datt gutt 20% vun de Schüler, Enseignanten a anert Schoulpersonal scho positiv getest goufen.

De Virus wier am Fondamental net esou verbreet wéi am Secondaire, woubäi et keen Ënnerscheet tëscht den Enseignanten aus den ënnerschiddlechen Zykle géif ginn. Hien huet gläichfalls kloer gemaach, datt dëse Bericht net zu weideren Upassunge féiere wäert. Et ass jo och eigentlech alles an Ugrëff geholl ginn, wat vun den Acteuren um Terrain an de leschte Méint gefuerdert gouf.

Esou hätt ee masseg CO²-Miessapparater ugeschaaft, déi géifen uweisen, wéini muss gelëft ginn. 2.000 dëser Apparater goufe geliwwert a geplangt ass, déi alleguerte bis no der Fuesvakanz an de Klassen installéiert ze hunn. An dat wier jo eng vun den zentrale Fuerderunge vun den Enseignanten an hire respektive Gewerkschafte gewiescht. Et ass also net esou, wéi wann näischt gemaach géif.

Verwonnerung

Wat d‘Fuerderung vun der an der Pressekonferenz erwäänter Schafung vun engem Krisendësch ugeet, esou ass de Minister „verwonnert“. Et hätt wuel nach keng esou eng „physesch“ Sëtzung gehat, dofir awer am September, November an am Dezember Videokonferenzen, un deenen all déi genannten Acteuren: Schüler, Elterevertriedungen an Enseignantsgewerkschaften, deel geholl hunn.

Esou géif jo elo der Fuerderung no Schnelltester Rechnung gedroen, a mëttlerweil wieren och net 12, mee 19 mobil Ekippe vun der Santé op der Rull, fir an den Etablissementer d‘Schüler ze testen. Hie confirméiert och, datt all déi Enseignante wou eng FFP2-Mask wëllen hunn, esou eng sollen zougestane kréien. Zum Zäitpunkt heescht säitens dem Minister Claude Meisch: „Deemnächst“.

Educatiounsminister

Hien huet nach drop higewisen, datt ee bei de Maison Relais eppes méi streng wëll ginn, an déi un de Moossnamekatalog vun de Schoule sollen erugefouert ginn. Hei sollen d‘Gruppe vun de Kanner op „zéng“ beschränkt ginn. Datt een d‘Orientéierungstester fir de 4. Zyklus fir d‘Joer 2020/21 sollt aussetzen, gefält dem Minister net. Sollt de Covid19 et net zouloosse géif hien awer net insistéieren.

De Minister huet nach bedauert, datt säin Appell un d‘Schüler, d‘Elteren an d‘Enseignanten, sech an der Chrëschtvakanz testen ze loossen, firwat 120.000 Invitatioune verschéckt goufen, net gehéiert gouf. Wat déi gefuerdert Impfprioritéit fir d‘Schoulpersonal ugeet, esou wier hien net dergéint, et misst een awer bedenken, datt dat ëmmer op d‘Käschte vun anere Prioritéite geet.

Illustratioun: © Marija Zaric / unsplash

Related topics Bericht zur Covid19-Situatioun an de Schoulen, Claude Meisch, Educatiounsminister, Patrick Arendt, SEW-OGBL
Next post Previous post