Search

You may also like

Den Ettelbrécker Impfzenter mécht seng Dieren op (Billergalerie)
Meenung Neiegkeeten

Den Ettelbrécker Impfzenter mécht seng Dieren op (Billergalerie)

Am Kader vun der Lëtzebuerger Impfstrategie huet haut den Impfzentrum

Groussen Jobday fir d’Cloche d’Or: 700 Plaze waren ze verginn!
Meenung Neiegkeeten

Groussen Jobday fir d’Cloche d’Or: 700 Plaze waren ze verginn!

Gëschter hu sech am Parc Hôtel Alvisse zuelräich Leit getommelt,

Motorsport: Gutt Laun bei de Power Bull‘s zu Platen
Meenung Neiegkeeten

Motorsport: Gutt Laun bei de Power Bull‘s zu Platen

Viischt war nach et an och eekeleg fréi, wéi d‘Equipp

Adequat Aarbechtskonditioune fir dat edukatiivt a psychosoziaalt Personal am Enseignement

Adequat Aarbechtskonditioune fir dat edukatiivt a psychosoziaalt Personal am Enseignement

Fir de 7. Dezember ass ee weidert Treffen tëschent de Vertrieder vum Educatiounsministère an de Gewerkschaftsvertrieder a Personalrepresentatioune vum edukativen a psycho-soziale Personal ugesat.

D‘ALEE/CGFP, d‘APCCA/SEW/OGBL, d‘APPSAS, de SLEG/CGFP an de SPEBS/CGFP setze grouss Hoffnungen an dës Reunioun, datt endlech déi ominéis Notte vum Ministère, déi an de leschte Méint fir zimlech vill Onrou um Terrain gesuergt hunn, zeréckgezu ginn an endlech e Sozialdialog zur edukativer a psycho-sozialer Aarbecht am Enseignement fondamental, de Kompetenzzentren an dem Enseignement secondaire entaméiert gëtt, mat engem uschléissende Legiferéieren.

Mir ginn dovunner aus, dass dësem Sujet elo endlech den néidege Respekt entgéint bruecht gëtt fir déi scho laang iwwerfälleg Verhandlungen iwwert d’Tâchen am edukativen a psycho-soziale Beräich vun de Schoulen zesumme mat eis ze starten. No enger éischter Entrevue de 6. Oktober, wou den Här Meisch ons Bedenken an Awänn gelauschtert huet, gouf gemeinsam de 17. November festgehalen, fir sech erëm ze gesinn. Hei wollt den Här Minister Meisch, no Récksprooch mat senge Beamten, ons op ons Interventiounen äntweren an den Dialog weiderféieren. Dës Reunioun gouf vum Ministère kuerzfristeg op de 7. Dezember no hanne verluecht.

Déi 5 Gewerkschaften an d’Personaldelegatioune si sech eens, dass et elo un der Zäit ass, net nach weider Reuniounen onnéideg no hannen ze verréckelen, mä esou séier wéi méiglech en Zäitplang mam Minister festzeleeë fir dësem Sujet déi néideg Seriositéit fir déi zukünfteg Verhandlungen ze garantéieren.

Schliisslech waren et Beamte vum Educatiounsministère, déi am Juli 2020, ouni d’Abezéie vum Terrain, Notten un déi jeeweileg Schouldirektiounen erausginn hunn, déi d’Tâche vum edukativen a psycho-soziale Personal sollte vun haut op muer nei reegelen. Obwuel mir an de leschte Jore vermehrt Entrevuë mam Minister ugefrot haten, fir heiriwwer ze schwätzen, gouf et keen Usaz vun engem Sozialdialog.

Déi nei Notte vum Ministère zilen drop of, fir eis Beruffer, déi enk un d’ Contraintë vum Schoulrhythmus gebonne sinn, als Bürosjob ze consideréieren. Dat geet kloer laanscht d‘Realitéit vum Terrain a suergt net fir méi Qualitéit am Unterrecht oder an der Prise en Charge vu Schüler a Schülerinne mat spezifeschen, psychologeschen oder soziale Besoinen. Op onsen Drock hin, ass 2/2 decidéiert ginn, datt déi besoten Notte net retroaktiv ugewannt sollte ginn. Mir verlaangen awer weiderhin, datt dës Notte komplett zeréckgezu ginn an datt et zu konstruktive Verhandlunge kënnt!

Am Sënn vun de Schüler a Schülerinnen, soe mir geschlossen NEE zu enger Verschlechterung vun der edukativer a psycho-sozialer Aarbecht an de Schoulen a JO zu engem Legiferéieren.

Matgedeelt vun ALEE/CGFP, APCCA/SEW/OGBL, APPSAS, SLEG/CGFP a SPEBS/CGFP

Opmaacherbild: © Sharon McCutcheon / Unsplash

Related topics Aarbechtskonditiounen, ALEE/CGFP, APCCA/SEW/OGBL, APPSAS, Claude Meisch, edukatiivt a psycho-soziaalt Personal, Enseignement, SLEG/CGFP, SPEBS-CGFP, Verhandlungen
Next post Previous post