Search

You may also like

Regierung erkläert Häerzkreeslafkrankheeten de Krich
Neiegkeeten

Regierung erkläert Häerzkreeslafkrankheeten de Krich

Beim Regierungsrot e Freideg ass et net nëmmen ëm den

Net mam Minister op enger Linn
Neiegkeeten

Net mam Minister op enger Linn

Den OGBL-Syndikat fir den Enseignement ass iwwert déi zimmlech eesäiteg

surprise
Editorial: Koalitiounsgespréicher si kee Wonschconcert
Neiegkeeten

Editorial: Koalitiounsgespréicher si kee Wonschconcert

Um Mëtternuecht war et zu Berlin endlech esouwäit: d‘Sondéierungsgespréicher sinn

Aus der Vergaangenheet léieren: En edukativen Zenter fir d’Pafemillen

Aus der Vergaangenheet léieren: En edukativen Zenter fir d’Pafemillen

Tëscht 1941 an 1943 sinn honnerte Judden aus Lëtzebuerg an der Pafemillen internéiert an uschléissend an d’Konzentratiouns- a Vernichtungslager deportéiert ginn. E Freideg huet den Educatiounsminister Claude Meisch Prezisiounen zum edukativen Zenter ginn, deen an Erënnerung un déi donkel Vergaangenheet op dëser Plaz entstoe soll.

Enn Januar 2021 hunn de Lëtzebuerger Staat, den israelitesche Konsistorium, d’Lëtzebuerger Fondatioun fir d’Erënnerung un den Holocaust an d’WRJO en Accord ënnerschriwwen, deen déi Iwwerliewend vun der Shoah entschiedegen an unerkenne soll, mee och Moossnamen géint Antisemitismus a Rassismus fir d’Zukunft ergräift.

Dora gouf zousätzlech festgehalen, datt dat fréiert Klouschter an der Pafemillen (fr:. Cinqfontaines, de.: Fünfbrunnen) an e bildenden Uert vun der Erënnerung ëmgestalt soll ginn. Am kommende Joer sollen d’Renovatiounsaarbechten ofgeschloss sinn an déi verschidden Aktivitéiten no an no un d’Rulle bruecht ginn.

Themen wéi d’Shoah zu Lëtzebuerg, Mënscherechter, Exil a Migratioun, Diversitéit an Toleranz wäerten duerch eng ganz Panoplie un Offeren behandelt ginn. Wéi ee sech géint Antisemitismus a Rassismus zur Wier setze kann, Diskriminéierung an Haass verstoe a bekämpfe soll an domat aus de Feeler vun der Vergaangenheet léiere kann, wäert am Fokus stoen.

Dofir sinn ënnert anerem e Parcours dobausse laanscht déi wichtegst Punkten, eng Plaz vun der Commemoratioun a Säll fir Aktivitéiten a Formatioune virgesinn. Ma, dësen Zentrum soll net eleng fir Schüler a Jonker, mee fir déi generell Bevëlkerung zougänglech sinn. Mat pedagogeschen Atelieren, Echangen, Konferenzen a Renconteren kritt jiddereen d’Méiglechkeet ze lauschteren, ze verstoen an ze handelen.

Eng Ekipp aus Pedagogen, Historiker, Animateuren, Experten a Formateuren suergt fir léierräich Stonnen. An dësem Kader këmmert sech den nationale Jugendservice (SNJ) ëm d’Gestioun, an zesumme mam Zentrum fir politesch Bildung (ZpB) och ëm d’Animatioun. Den dozou gehéierege Comité besteet aus Membere vun der Lëtzebuerger Fondatioun fir d’Erënnerung un den Holocaust,Educatiounsminister, Staatsminister, SNJ an ZpB.

Opmaacherbild: © Shari Pleimelding/moien.lu

Related topics Antisemitismus, Cinqfontaines, Claude Meisch, Deportatioun, Edukativen Zenter, Fünfbrunnen, Holocaust, Iwwerliewend, Mënscherechter, Pafemillen, Rassismus, Shoah, Zweete Weltkrich
Next post Previous post