Search

You may also like

Editorial: Déi Saach mam Vältesdag als totale Schmu
Neiegkeeten

Editorial: Déi Saach mam Vältesdag als totale Schmu

Säit geraumer Zäit huele verschidden Aktiounsdeeg ëmmer méi u Bedeitung

Neijoerschdagsried vum Emmanuel Macron
Neiegkeeten

Neijoerschdagsried vum Emmanuel Macron

A senger Neijoerschdagsried huet de franséische President villes ugeschwat, mee

Den Etienne Schneider schéisst zeréck
Neiegkeeten

Den Etienne Schneider schéisst zeréck

Nodeems d‘CSV d‘Press um Méindegmueren agelueden hat op e Kaffi

Ee Bam fir d‘Liewen

D‘Kanner aus der Bëschspillschoul vun der Stad Lëtzebuerg hunn emol eng Hand ugepaakt

Ee Bam fir d‘Liewen

En Donneschdeg 27. Februar haten d‘Krapperten aus der Bëschspillschoul vun der Stad Lëtzebuerg ee groussen Optrag ze erfëllen. Am Kader vun enger Bamplanzaktioun zu Dummeldeng – déi eegens vum Bësch-Service vun der Stad Lëtzebuerg an Ofsprooch an mat Cheffen organiséiert ginn ass – hunn d‘Butzen sech nëtzlech gemaach an un Erfarung am Ëmgang mat der Natur gewonnen.

Dat war jo dann och de Süenn an den Zweck, vun dëser grad esou rekreativer wéi edukativer Aktioun. De Kanner kann een d‘Virzich an den Notze vun der Natur net fréi genuch erklären. An dëse Virwëtztute mécht een net esou séier eppes vir. Esou ee pedagogesche Kontext, deen derzou bäidréit, datt een den nofollegende Generatiounen och Verantwortung a Respekt virun der Natur no bréngt, huet dann och vill Guddes.

Besonnesch flott un dëser „Bamplanzaktioun“ ass de Fait, datt d‘Kanner „mat“ dëse Beem wuesse wäerten. Dat deit drop hin, datt et keen „eemolege Besuch“ zu Dummeldeng war, mee d‘Krapperten hir Beem nach eppes méi oft opsiche wäerten. A wéi cool ass d‘Virstellung, datt si spéiderhin, wann de Schoulofschloss zelebréiert gëtt, si sech nees hei op der Plaz kéinten treffen. Ee Conveniat vun der besonnescher Aart eben…

Notéiere mir nach der Vollstännegkeet hallwer, datt dës Aktioun sech och am Kontext vun den kompensatoresche Moossnamen ofspillt. Duerch Bauaarbechten hunn eng Rei Beem an der Stad misse weechen, an deem soll eppes entgéint gesat ginn. Esou si ronn 3.000 Hecken, 2.500 Eechen, 10 Kiischtebeem an nach emol 4 Nësserten (déi an der Bamschoul vum Park-Service groussgezu goufen) geplanzt ginn. „Cool“ fannen zumindest d‘Krapperten.

Foto: © Charles Soubry / Fotothéik Stad Lëtzebuerg

Related topics Bamplanzaktioun, Bëschspillschoul, Stad Lëtzebuerg, VDL
Next post Previous post