Search

You may also like

Reamenagement vum Pont Buchler – D’Aarbechte vum 19. Juli 2020 bis Fréijoer 2021
Neiegkeeten

Reamenagement vum Pont Buchler – D’Aarbechte vum 19. Juli 2020 bis Fréijoer 2021

D’Stad Lëtzebuerg an d’Stroossebauverwaltung informéieren doriwwer, datt ee beim Reamenagement

Éischt konstruktiv Léisungsusätz
Neiegkeeten

Éischt konstruktiv Léisungsusätz

Op dësem Freideg huet am Schlass zu Senneng op Drock

money
De Mindestloun ass sécher
Neiegkeeten

De Mindestloun ass sécher

Et soll keen an dëse schwieregen Zäiten déi eis d‘Land

Wa sech Verwaltungen net u Gesetzer halen

Wa sech Verwaltungen net u Gesetzer halen

Ee Beamten huet ëmmer Recht, wëll hie sech Strikt un déi formell a schrëftlech existent Normen a Reegelen hält, déi him vum Legislateur virgesat ginn. Leider kommen d‘Informatioune säitens dem Legislateur entweder net iwwerall u wou se sollten, oder déi Persoun déi fir de Virdrock vu Bréiwer an/oder Questionnaire zoustänneg war, gouf ofgeschaaft.

Dat zumindest geet esou aus der Interventioun vum ADR-Deputéierte Roy Reding ervir, woubäi et sécherlech keen Ugrëff op d‘Integritéit vun eben eise Beamten ass, déi all Dag fir d‘Bierger do sinn, awer bekanntlech no kloren Uweisunge schaffe mussen. Esou huet den Deputéierten eng erweidert Fro un d‘Regierung geriicht, wou et ëm de Contenu vum Formulaire zur Hannerbliwwenerent geet.

D‘CNAP (Pensiounskeess) esou de berechtegten Awand vum Roy Reding, géif nach ëmmer am Formulaire fir d‘Hannerbliwwenerent nom Gebuertsnumm vu bestuete Frae froen, wou jo awer d‘Jurisprudenz längst festgehalen hätt, datt Fraen an ëffentleche Formulaire mat hirem Numm solle gefouert ginn. An domadder net genuch, wéi aus der erweiderter Fro 98 elo och ervirgeet.

Ob de Sozialminister elo hei gedenkt, der Pensiounskeess Uweisung ze ginn, dës Virdrocker dann un déi zanter längerem gülteg Legislatioun unzepassen? Kënnt et méiglecherweis derzou, datt sech een ee generellen Iwwerbléck iwwert déi nach ëmmer net der Legislatioun ugepasste Formulaire verschaaft a fir Remedur suergt? Mat der Gläichbehandlung vu Fra a Mann passt et net zesummen.

Illustratioun: © Crawford Jolly / unsplash

Related topics adr, Chamber, Hannerbliwwenerent, Interventioun, Oppositioun, Romain Schneider, Roy Reding
Next post Previous post