Search

You may also like

Findel: Véier onbegleet Mannerjäreger aus dem Lager Moria empfaangen
Business Meenung Neiegkeeten WTF

Findel: Véier onbegleet Mannerjäreger aus dem Lager Moria empfaangen

Nom Feier am September 2020 am Lager Moria op der

De Luxembourg City Tourist Office adaptéiert d‘Ëffnungszäiten
Business Meenung Neiegkeeten WTF

De Luxembourg City Tourist Office adaptéiert d‘Ëffnungszäiten

Am Kontext vun der Ouschtervakanz an der sech ukënnegender Summersaison,

Katalounien: Explosioun a Chemiesfabrik zu Tarragona
Business Meenung Neiegkeeten WTF

Katalounien: Explosioun a Chemiesfabrik zu Tarragona

Duerch d‘Explosioun an der Chemiesfabrik Iqoxe, déi an der petrochemescher

surprise

Ee Beruffsverband a Suerg (Analys)

Ee Beruffsverband a Suerg (Analys)

Am Kontext vum Gesetzprojet 7631, betreffend d‘Pressehëllef, huet et scho vill Geknouters a béis Commentaire ginn, an tatsächlech schéngt sech unzedeiten, datt de Projet zur Reform vun eben den Hëllefe fir déi zu Lëtzebuerg agéierend Medien, och eng Geleeënheet ka sinn, eppes opzeraumen.

Säitens den Editeuren ass d‘Suerg schonn eleng wéinst de Perte am Annoncegeschäft grouss, a wann et och net all Haus gläichermoossen trëfft… Selbstverständlech hunn och d‘Leit hir Liesgewunnechten eppes verännert, wann se net souwisou der Usiicht sinn, datt alles erstonk a gelunn ass, wat hinne vun de Systemmedie virgehale gëtt. Et gëtt ee jo vum Staat finanzéiert…

Am urspréngleche Projet esou ee weider Virworf un d‘Regierung, war den Entwécklunge vum digitale Journalismus Rechnung gedroe ginn. Dat a Concertatioun mat eben dem Beruffsverband. Den Aktuellen Text gräift awer elo net méi op dës concertéiert Passagen zréck, firwat sech dann och de Presserot och mat zwee Avisen zu dësem Gesetzprojet geäussert hat. Et bréicht elo Konsens.

Dëse Konsens wier sécherlech am Dialog ze fannen, woubäi et dann hei nees d‘Bereetschaft vun der Politik bréicht, sech op eng weider Entrevue anzeloossen. An déi gëtt et ganz offensichtlech net. Beim Beruffsverband iwwerrascht dës Haltung, wou een dach fir déi politesch Meenungsbildung Zoustänneg an de Wiechter vun der Meenungsfräiheet ass. Saachen déi och der Politik wichteg sinn.

Et gëtt nach bedauert, datt der Politik déi Medieschaffend anscheinend net méi bedeitend genuch wieren, fir mat hinnen en Debat iwwert eng jo awer fir d‘Branche kruzial Legislatioun ze féieren. Hei sollt een dann awer vläicht bedenken, datt wa Politiker generell léiwer via Twitter oder wéi neierdéngs per TikTok hiert politescht Engagement definéieren, och d‘Medie selwer Defiziter hunn.

Verännert Besëtzverhältnisser

A wann een elo sécherlech dem Beruffsverband an dem Presserot muss bäistoen, well dat esou vun engem verlaangt ass, esou dierf net aus den Ae verluer ginn, datt och ëmmer méi auslännescht Kapital an eise Medie stécht, an esou och déi Editorial Linne bannent gewëssen Haiser vun eben dem Ausland gesteiert ginn. Eng Ausso déi op dat schäerfst wäert verurteelt ginn, an awer…

Ob d‘Regierung eng vun auslänneschen Interesse geleete Press subventionéiere soll? Ob et nach méiglech ass tëscht Systemmedien, politesche Medien an de Rebelle wou nei Coden opstellen ze ënnerscheeden? Ob et iwwerhaapt esouvill Medien am Land braucht, oder et net duer géif goen ee Blat an den 2 administrative Sproochen ze hunn? Bei Radio an Tëlee géif jo och een duer goen.

Eigentlech alles Froen, déi ee gäre vum Bierger géif beäntwert kréien, well zu gudder lescht ass et dësem säi Goss, dee vun de Medie gefuerdert gëtt (zousätzlech zum Präis vum Produkt). A wéi jo elo gewosst ass, huet dësen net méi dat fréiert Interessi, un deem wat, a wéi hien d‘Saache vun der Press presentéiert kritt. De Bierger vun haut bezitt seng Informatiounen eppes „differenzéiert“.

A well et och verpasst gouf de Bierger beim Informatiounszougank mat an d‘Boot ze huelen, deen awer streng geholl nëmme benéidegt gëtt, wann och d‘Leit dat wëllen, well et geet jo eigentlech ëm de Lieser an net ëm de Journalist oder säi Medium, stellt sech d‘Fro, wann een da Fuerderungen un d‘Regierung huet, ob et do net och d‘Ënnerstëtzung vum Vollek an der Zivilgesellschaft brauch?

Illustratioun: © Elias Maurer / unsplash

Annex:

Related topics ALJP, Gesetzprojet 7631, Mediepluralismus, Pressefräiheet, Pressehëllef, Presserot, Subventiounen
Next post Previous post