Search

You may also like

Frankräich virum Lockdown
Kultur Neiegkeeten

Frankräich virum Lockdown

Um Freidegowend sinn am Frankräich 4.033 Covid19-Patienten op den Intensivstatioune

Editorial: Se sinn net vun dëser Welt
Kultur Neiegkeeten

Editorial: Se sinn net vun dëser Welt

Datt sech déi eeler Hären am Vatikan net virun d‘Kamerae

Wéi se an Indien mat de Verstéiss géint Ausgangsspären ëmginn
Kultur Neiegkeeten

Wéi se an Indien mat de Verstéiss géint Ausgangsspären ëmginn

A ville Länner op der ganzer Welt sinn, wéinst de

Ee Concert mat dausend Leit an der Rockhal?

Ee Concert mat dausend Leit an der Rockhal?

Wärend d‘Chamber mat der Definitioun „Terrass“ beschäftegt ass, soll et an der Rockhal um Belval zäitno zu enger Konzertveranstaltung mat bis zu 5.000 Zuschauer (stoend) ginn. Mécht dat Sënn a wéini soll „zäitno“ sinn?

Zu dësem Thema huet déi fir de Kontakt Tracing verantwortlech Doktesch Anne Vergison, vun der Gesondheetsdirektioun, eng zimlech däitlech Meenung. Am Februar, hat et am Etablissement Public Rockhal, fënnef Evenementer ginn, zu deene jeeweils 100 Leit zougelooss waren. D‘Gäscht ware gefuerdert virum Concert op der Plaz ee Schnelltest an ee PCR-Test ze maachen, fir iwwerhaapt an d‘Hal eragelooss ze ginn. D‘Resultat vum PCR-Test krut een den Dag drop.

Unhand den hei gemaachten Erfarungen, déi säitens der Doktesch als ganz encourageant a positiv bezeechent ginn, géif si sech engem Pilot-Concert mat bis zu dausend Zuschauer net verwieren. Et géif een zudeem d‘Schnelltester elo „besser verstoen“, an déi hätten zudeem gewisen, datt och wann et Defiziter bei der Zouverlässegkeet huet, d‘Ustiechungsgefor bei de wéinege positive Fäll ganz geréng war. Ob et virum Summer méiglech ass? Dat decidéiert d‘Politik…

D‘Politik awer huet den Ament wuel aner Suergen, wéi ee Concert mat dausende Mënschen an engem geschlossene Raum. Déi Deputéiert mussen sech den Ament mat der Definitioun „Terrass“ ausenanersetzen a bezunn op de Kontext, ass eng Revisioun vum Gesetz, betreffend d‘Concerten, net wierklech eng Prioritéit. Et wier dann och nach unzemierken, datt wann d‘Wieder gutt ass, et generell „vernënfteg“ wier, Concerten „open air“ ze organiséieren.

Illustratioun: © Livesimply.rocks / unsplash

Related topics Anne Vergison, Concert, Covid19-Gesetz, Kultur, Musek, Rockhal, Teststrategie
Next post Previous post