Search

You may also like

Mamer TheaterContainer mat „In der Einsamkeit der Baumwollfelder“
Neiegkeeten WTF

Mamer TheaterContainer mat „In der Einsamkeit der Baumwollfelder“

Um Freideg, den 21. August fënnt d’Premiere vum Bernard-Marie Koltès

What the Fakt – A Gedenken un d’Opfer vum Nationalsozialismus
Neiegkeeten WTF

What the Fakt – A Gedenken un d’Opfer vum Nationalsozialismus

Um 27. Januar 1945 war et déi Rout Arméi, déi

money
Ee VW fir eng Diktatur
Neiegkeeten WTF

Ee VW fir eng Diktatur

VW (Volkswon) ass net den eenzegen däitschen Autosfabrikant deen eng

surprise

Ee gutt gefëllten Dagesprogramm fir de Regierungsrot

Ee gutt gefëllten Dagesprogramm fir de Regierungsrot

De Mëttwoch war de Regierungsrot, ënnert der Leedung vum Premierminister Xavier Bettel, zesumme komm an huet sech iwwert déi europäesch an international Aktualitéit ausgetosch.

D‘Ministeren hunn hei dem Gesetzprojet, deen den Accord tëscht Lëtzebuerg an der Belsch, iwwert den endgültege Stockage vu radioaktivem Offall an der Belsch reegelt, zougestëmmt. De Gesetzprojet gëtt Lëtzebuerg de legale Kader am Sënn vun der Direktiv 2011/70/EUROATOM iwwer d‘Gestioun vun de radioaktiven Offäll duerch d‘Memberlänner vun der EU.

Ugesicht de gerénge Quantitéite vu radioaktivem Offall déi Lëtzebuerg huet, erlaabt dësen Accord den Obligatioune vun der Direktiv ze entspriechen. Et verhënnert zugläich, datt zu Lëtzebuerg muss eng Plaz fonnt ginn, wou een dës Offäll misst op onbestëmmten Zäit lageren.

Eng besser Behandlung vu Patienten

Engem weidere Gesetzprojet iwwert den Accord-Cadre mat Frankräich, betreffend d‘Kooperatioun am Gesondheetswiesen, konnt zougestëmmt ginn. Mat dem Gesetzprojet ginn administrativ Hürden ofgebaut an d‘Prise-en-Charge vun de Patiente verbessert. Den Accord erlaabt ee besseren a méi schnellen Zougang zur Behandlung vun de Leit aus der Grenzregioun. Mat der Ratifikatioun vum Accord sollt et dann och keng Schwieregkeete, op administrativem a reglementareschem Niveau, méi ginn.

De Regierungsplang VIGILNAT deen sech op eng méiglech terroristesch Bedreeung bezitt, ass och vun de Ministeren ugeholl ginn. D‘Ännerungen déi un der aktueller Versioun virgeholl goufen, sinn d‘Resultat vun der Erfarung déi bei der Übung am Januar gemaach ginn ass. No den Ofsprooche mat alle concernéierten Acteure war et méiglech, d‘Verantwortung an déi strategesch Aktiounen, esouwuel op takteschem wéi operationellem Niveau, ze bestëmmen.

De Budget war och Géigestand vum Regierungsrot, an d‘Ministeren hunn de Gesetzprojet iwwert d‘Konte vun 2016 ugeholl. Heirauser geet ervir, datt den Exercice vun 2106 mat engem Solde vun -256,82 Milliounen Euro ofgeschloss ginn ass. Dëst stellt eng Verbesserung vun 181,34 Milliounen, par Rapport zum gestëmmte Budget duer.

Groussherzoglech Reglementer

Véier Reglementsprojete, déi vun de scho gültege Modalitéiten a Konditioune fir Staatsbeamten an -Employéen inspiréiert sinn, hunn d‘Ministeren iwwerholl. Esou ginn, an den respektiven Domäne, d‘Carrièrë fir Beamten an Employéë vun de Gemenge deene vum Staat gläichgestallt.

D‘Reglement dat sech de Grenzen an de Sëtz vun de Regioune fir den fundamentalen Enseignement (Primärschoulen) ugeholl huet, ass gestëmmt ginn. De Projet dividéiert d‘Land a 15 Regiounen déi begrenzt sinn duerch d‘Verdeelung vun de Gemengen. D‘Sëtz sinn esou geluecht, datt d‘Accessibilitéit duerch den ëffentlechen Transport, den „indice de centralité“ esou wéi en vum LISER an mat der Zesummenaarbecht tëscht verschiddene Primärschoulen ausgeschafft ginn, respektéiert gëtt.

De nationale Loftqualitéitsprogramm, esou wéi an der Direktiv 2008/50/CE virgesinn, ass och ugeholl ginn. Deen definéiert d‘Limitte fir de Gehalt vun NO2 a fuerdert Reduktioune vum de Partikelen (Feinstaub) an der Loft. De Programm berécksiichtegt och d‘Etüd iwwert den Ëmwelt- a Wirtschaftsimpakt vum Verkaf vu Sprit, d‘Etüd vun der drëtter industrieller Revolutioun esou wéi och den Aktiounsplang bei Spëtzten an der Ëmweltbelaaschtung duerch Partikelen.

Fir de Bauprogramm fir subventionéiert Wunnengen esou wéi Staatsbedeelegungen, huet de Regierungsrot och ee Reglement ugeholl. De Programm dréit iwwer 56 Projete fir insgesamt 346 Wunnengen, wouvunner der 93 Verkaf solle ginn, déi aner 253 verlount. Bedeelegung beleeft sech op 55,16 Milliounen Euro. Gläichfalls ugeholl, d‘Reglement vum 14. November betreffend d‘Sécherheet an d‘Gesondheet vun den Aarbechter géint d‘Risken déi verbonne sinn mam Ëmgang mat Chemikalien (Direktiv 2017/164/UE).

Zu Enn vun der Sëtzung sinn nach klenger Reglementer, ee Joresrapport an de Budget vun der Universitéit fir 2018 ugeholl ginn.

Related topics Lëtzebuerg, Regierungsrot
Next post Previous post