Search

You may also like

Nuit de la Culture: Dëse Samschdeg dréit sech ëm d’Waasser!
Neiegkeeten

Nuit de la Culture: Dëse Samschdeg dréit sech ëm d’Waasser!

Scho fir eng 8. Kéier gëtt zu Esch-Uelzecht déi sougenannt

Editorial: Vum Staat getrennt, d‘Privilegien erhalen
Neiegkeeten

Editorial: Vum Staat getrennt, d‘Privilegien erhalen

Et gëtt vill Bosseges ze beriichte wann et ëm d‘Bezéiung

E Regisseur, en Acteur, e Film: GIRL
Neiegkeeten

E Regisseur, en Acteur, e Film: GIRL

E pakende Film iwwert dat wat an engem virgeet, a

De gratis ëffentlechen Transport feiert säin éischte Gebuertsdag

De gratis ëffentlechen Transport feiert säin éischte Gebuertsdag

Tatsächlech ass et schonn zënter dem 29. Februar 2020 esou, datt een fir den nationalen an ëffentlechen Transport näischt méi bezuele muss. Ob Zuch, Bus oder Tram gemengt ass, d’Gratuitéit gëllt fir all Transportmëttel, sou wéi fir all Notzer – egal op Resident oder Tourist.

Wat d’Entwécklung vun der Passagéierzuel ugeet, do ass et duerch d’Pandemie grad net evident e Bilan ze zéien. Vill Leit schaffe vun doheem aus, vum Confinement brauche mir net ze schwätzen. D’Unzuel vun de Trambenotzer, déi all Dag, respektiv pro Mount erfaasst ginn, sinn e wichtegen Indikator.

Tatsächlech hunn am Februar 2020 ongeféier 31.000 Leit den Tram benotzt. Am Ufank vum Confinement 2020 ass dës Zuel op 1.400 Passagéier pro Dag erofgaangen. Mat der Zäit gouf en Duerchschnëtt vun 38.000 Leit pro Dag registréiert. An der Woch ware Spëtzewäerter vun 42.000 Passagéier méiglech.

Opgrond vum Teletravail huet sech d’Situatioun nach net richteg erholl. Och am Confinement huet d’CFL hier Déngschtleeschtunge weider als Garant fir d’Mobilitéit vum Groussherzogtum ugebueden, allerdéngs gouf de Plang adaptéiert.

Vum 8. Juni 2020 un ass erëm alles normal gelaf. Um Enn vum Joer 2020 louch d’Zuel vun de Cliente bei 39% ënnert de Wäerter vum viregte Joer (2019).

E grousse Merci un d’Agenten, déi an dëser schwéierer Zäit am ëffentlechen Transport schaffen.

An dësem Kader kuckt den Transportministère mat engem Gebuertsdags-Video op d’Feier zur Gratuitéit vum ëffentlechen Transport zeréck:

Weider Informatioune fannt Dir op mobilitegratuite.lu.

Related topics Bus, CFL, éischte Gebuertsdag, Gratis Ëffentlechen Transport, Gratuitéit, Pandemie, Passagéier, Tram, Transportministère, Zuch
Next post Previous post