Search

You may also like

money
D‘EIB sträift de grénge Mäntelchen iwwer
International Neiegkeeten

D‘EIB sträift de grénge Mäntelchen iwwer

Ob et schonn eng „Revolutioun“ ass sief dohigestallt, mee de

Kultursummer 2020: Nach vill aus wéineg erausgeholl
International Neiegkeeten

Kultursummer 2020: Nach vill aus wéineg erausgeholl

Déi lescht Méint hunn dem Secteur vun der Kultur immens

money
LuxTrust schwätzt elo och italienesch
International Neiegkeeten

LuxTrust schwätzt elo och italienesch

Säit e Mëttwoch ass et eng beschlosse Saach: den italienesche

Et wier ee Joerhonnert Héichwaasser…

Eis däitsch Noperen hu vill Affer ze bekloen an a Rheinland-Pfalz ginn Dosende Mënsche vermësst – d‘Politiker erkennen Opportunitéiten

Et wier ee Joerhonnert Héichwaasser…

D‘Situatioun a Rheinland-Pfalz wéi an Nordrhein-Westfalen bleift a vill Landkreesser kritesch. Et ass fir d‘Autoritéiten deels ganz schwéier sech iwwerhaapt en Iwwerbléck ze verschaffen. Stroosse goufen iwwerschwemmt, Keller si voll gelaf…. An dat si streng geholl déi gutt Noriichten.

Bei der Pressekonferenz konnt een der Ministerpresidentin Malu Dreyer (SPD) d‘Ustrengung am Gesiicht ofliesen. Si huet d‘Situatioun an engem Saz resuméiert: „Esou eng Katastroph hu mir nach net gesinn, et ass wierklech verheerend“. Leit hu sech op hiren Diecher, verschiddener esouguer op Beem a Sécherheet bruecht. Wou d‘Booter net konnten agesat ginn, huet et Hëllef aus der Loft ginn.

Woubäi d‘Rettungsaarbechten allgemeng schwiereg waren an och nach unhalen. Den Ausfall vum Mobilfunknetz huet och vill zousätzlech Problemer mat sech bruecht. De CDU-Kanzlerkandidat Armin Laschet hat sech sengersäits zu Hagen an zu Altena ëmgekuckt, an och hien huet ee bedréckt Gesiicht fir d‘Kamerae gemaach. Am September soll hie jo d‘Angela Merkel d‘Ofléisen.

Dat gëllt esou och fir den SPD-Kanzlerkandidat Olaf Scholz, dee seng Vakanz wéinst eben dem Héichwaasser ënnerbrach huet. Hien huet sech also mam Malu Dreyer am Katastrophegebitt ëmgekuckt, a gemengt, datt dës Naturkatastroph ganz sécher och eppes domadder ze dinn huet, datt de Klimawandel mat grousse Schrëtt op eis duer kënnt. Dozou gouf et en entspriechend Gesiicht.

Entspanung a Siicht

Selbstverständlech huet och d‘Kanzlerkandidatin vun die Grünen, hir Vakanz ofgebrach. Wéi gesot, et ass ee Superwaljoer, an esou eng Naturkatastroph ass deen onverhoffte PR-Kaddo virun de Walen am September. Wien hei oft genuch am Bild ze gesinn ass, eng „Expertise“ kann ofginn an sech da vun Talk-Show zu Brennpunkt duerchzeschloe ka, huet Chancen op Stëmmen. Esou de Gedanken.

D‘Bundeskanzlerin Angela Merkel war zu Washington beim US-President Joe Biden a konnt och do bleiwen, well si net méi zur Dispositioun steet. Si huet aus den USA eng Erklärung ofginn:

„Dat si fir d‘Mënschen an den Iwwerschwemmungsgebidder entsetzlech Deeg. Meng Gedanken si bei hinnen. Si kënnen drop Vertrauen, datt all Kräfte vum Staat alles ënnerhuelen, och ënnert de schwéierste Konditioune Liewen ze retten, Geforen ofzewennen an Nout ze lënneren. Ech wëll allen vu ganzem Häerze fir hiren Asaz Merci soen, vun deem mir wëssen, datt en zum Deel wierklech immens geféierlech ass“.

Joerhonnert Héichwaasser

Vum Däitsche Wiederdéngscht (DWD) gëtt matgedeelt, datt een elo mat dësem Onwieder, en neien Héichpunkt am Kontext vun extremen Néierschléi erreecht huet. 158 Millimeter (déi goufen zu Rheinbach-Todenfeld, NRW gemiess) bannent 24 Stonnen, woubäi de Gros dovunner banne kuerze Stonnen erofkoum. D‘Experten hunn nach emol ënnerstrach, datt dat kéint zur Reegel ginn…

mat indymedia/fra/cob

Foto: © Landesregierung Rheinland-Pfalz/Innenministerium

Related topics Héichwaasser, Iwwerschwemmungen, Naturkatastroph, Nordrhein-Westfalen, Rheinland-Pfalz
Next post Previous post