Search

You may also like

An d‘Netz gaangen
Neiegkeeten

An d‘Netz gaangen

Mir kréien et bei all Wahlkampf op en Neit ze

Den US-President zum Fall „Alexej Nawalny“
Neiegkeeten

Den US-President zum Fall „Alexej Nawalny“

Am Kader vun enger Pressekonferenz huet sech den Donald Trump

Rockhal: Three Days Grace als musikalesch „Outsider“
Neiegkeeten

Rockhal: Three Days Grace als musikalesch „Outsider“

Gëschter Owend ass d’Rockhal sengem Numm trei ginn an huet

Ee Kaddo fir de Vëlo 2019 – Et rullt!

Ee Kaddo fir de Vëlo 2019 – Et rullt!

Wien de Moien an der Haaptstad mam Vëlo ënnerwee war, deem gouf mat engem klenge Cadeau direkt de Méindeg verséisst. Passend zur europäescher Mobilitéitswoch hunn haut d’Stad Lëtzebuerg, de Verkéiersverbond an d’Lëtzebuerger Vëlos-Initiativ (LVI) Ee Kaddo fir de Vëlo organiséiert.

Da fiert ee gemitterlech um Vëlo a Richtung vum Kierchbierg, a schonns kritt een ee Säckelche mat Gadgeten an de Grapp gedréckt. Pünktlech zur europäescher Mobilitéitswoch ass all Cyclist mat Ee Kaddo fir de Vëlo eeklengt Grinsen ofverlaangt ginn. Eng Dose Persoune ware present beim Rondpoint Schuman, fir datt kee Vëlosfuerer eidel ausgoe soll.

Ee Kaddo fir de Vëlo

© Shari Pleimelding/moien.lu

Dobäi kënnt dës Aktioun, déi all Notzer vum ekologeschen an nohaltegen Transportmëttel beloune soll, mat immensem Succès un. Esou krute mir erkläert, datt een am leschte Joer scho virun 9:00 Auer déi 750 Sacoche verdeelt hat. Ee Grond méi, fir bei dëser Editioun ganzer 1000 Säckelcher mat interessante Gadgeten an Informatiounsmaterial ze fëllen.

Nieft dem Flyer vu Mam Vëlo vu Miersch an d’Stad, wat iwwregens muer stattfënnt, fënnt een 2 Broschüre mat de Vëlosweeër, een Heftchen iwwert d’Virdeeler vum Vëlo a Méiglechkeet zur Umeldung beim LVI, sou wéi ee klenge Multiplicity-Filziwwerzuch fir Kaarten an ee Bio-Energy Riegel, fir d’Stäerkung vum Cyclist.

Wärend der europäescher Mobilitéitswoch, déi vum 16. bis den 22. September stattfënnt, ass iwwregens den ëffentlechen Transport gratis. Weider interessant Evenementer stinn dës Woch un a sinn HEI ze fannen.

Opmaacherbild: © Shari Pleimelding/moien.lu

Related topics Cyclist, Ee Kaddo fir de Vëlo, LVI, Rondpoint Schuman, Stad Lëtzebuerg, VDL, Vëlo
Next post Previous post