Search

You may also like

So-So-Solidaritéit mat de Fraen op der ganzer Welt!
Neiegkeeten

So-So-Solidaritéit mat de Fraen op der ganzer Welt!

Iwwer 2000 Fraen – an ëm 200 solidaresch Männer –

Uecht gedoen: ab muer sinn zwee nei Radaren operationell
Neiegkeeten

Uecht gedoen: ab muer sinn zwee nei Radaren operationell

Ab muer Dënschdeg dem 22. Mee ass jiddereen deen aktiv

maddi.lu – den Online Magazin fir Häerz a Séil
Neiegkeeten

maddi.lu – den Online Magazin fir Häerz a Séil

Vergaangene Freideg gouf den éischte Lifestyle Magazin vu Lëtzebuerg virgestallt:

Lëtzebuerg kritt ee Klimaschutzgesetz

Ambitioun, Kontroll a Koordinatioun – eis Klimaziler zesummen erreechen

Lëtzebuerg kritt ee Klimaschutzgesetz

Während d‘Jugend an eng Rei eeler Aktivisten an der Stad virun der Chamber, am Kontext vum globale Klimastreik (Fridays for Future) fir méi Klimaschutz demonstréiert hunn, ass an der Sëtzung vum Regierungsrot, de Gesetzprojet deen de Kader fir d‘Klimapolitik bestëmmt, ugeholl ginn. Déi grouss Theme vun dësem Gesetz hunn déi zoustänneg Minister uschléissend presentéiert.

Verweise mir nach kuerz op d‘EU-Parlament, datt um Donneschdeg mat enger grousser Majoritéit de Klimanoutstand erkläert huet. Dëse Fait gëtt esou och vun der Regierung bestätegt an mat dem Gesetz, dat d‘Ëmweltministesch Carole Dieschbourg an den Energieminister Claude Turmes elo virgeluecht hunn, soll festgeluecht ginn, wéi Lëtzebuerg seng Klimaziler anhale soll a kann.

An dës Ziler sinn ambitiéis: Reduktioun vu 55% bis 2030 (géintiwwer dem Niveau vun 2005) vun den Zäregasemissiounen (dat ware initial emol 40%) a bis 2050 soll et null netto Emissioune ginn. Fir dat ze erreeche brauche Moossnamen, an dës Moossname brauchen en legale Kader. Ass dee gesat, sollt et méiglech sinn zesummen, d‘Objektiver déi ee sech gesat huet, och ze erreechen.

D‘Prozedure misste kloer an transparent sinn, a gewësse Saache brauchen en update. Dat trëfft op den integréierten nationale Plang fir Energie & Klima zou, wierkt sech op d‘Strategie vun der Upassung un d‘Auswierkunge vum Klimawandel aus a beaflosst déi laangfristeg Strategie zur Reduktioun vun den Zäregasemissiounen. Et huet een sech dat Ganzt net einfach gemaach.

Villes ass eng Fro vun der Motivatioun

Fir d‘Carole Dieschbourg ass et evident, datt et nëmme mat enger ganzheetlecher Approche ze maachen ass. Am Gesetz ass dann och verankert ginn – trotz dem Fait datt et massiven Drock säitens der franséischer Regierung, dem Bedreiwer vun der Atomzentral zu Cattenom an net ze vergiessen der finnescher Presidence ginn huet – datt Atomkraaft keng energetesch Optioun ass.

Et ass ee sech och eens, datt d‘Moossname sozial gerecht musse sinn, wat eis zur sektorieller Zilsetzung am Gesetz féiert. Fënnef Secteure goufen ausgemaach. Energieproduzenten, Industrie an de Bau; Transport a Logistik; Wunn- an Tertiär-Gebaier; Landwirtschaft; Offallverwäertung an Traitement vum verschmotzte Waasser. All dës Secteure kréie verbindlech Ziler zougewisen.

„Eng sektoriell Contrainte ze bestëmmen, erlaabt et sécherzestellen, datt déi verschidde Secteure méi an d‘Verantwortung agebonne ginn. Dat esouwuel am Kontext vun der Klimapolitik wéi bei der Reduktioun vun den Emissiounen, déi kontinuéierlech zréckgefuer ginn“, esou d‘Ministesch, déi betount, datt ee sech op e kooperativen, wëssenschaftleche a participative Modell verstännegt huet.

Fir Kontrollmechanissem ze schaffen a sécherzestellen, datt d‘Ziler och erreecht ginn, mussen déi verschidde Secteure – am Kader vun engem jäerleche Klimabilan – hir reell Resultater op den Dësch leeën. Dofir ginn dräi Organer geschafen, déi dës Bilanen analyséieren a begleeden, fir do wou et noutwenneg ass, zousätzlech Moossname virzeschloen oder ze ergräifen.

Klimatesch Gouvernance ass wichteg

Dës dräi Gremie sinn: 1) den Interministerielle Koordinatiounscomité fir d‘Klimaaktioun; 2) eng Plattform fir d‘Klimaaktioun; an 3) de Klimaobservatoire (dee soll virun allem wëssenschaftlech fundéiert sinn, firwat och auslännesch Experten a Fuerscher an dësen Observatoire solle kënnen agegliddert ginn). Wéi séier déi geschafe ginn an hir Aktivitéiten ophuelen, ass nach net gewosst.

Gewosst ass dofir, datt „dës dräi Organer ee kooperativen, wëssenschaftlechen a participative Modell erstelle wäerten. Deen erlaabt eis ze kontrolléieren, mee och effizient op d‘Entwécklungen an den ënnerschiddleche Secteuren ze reagéieren“, esou de Claude Turmes. Fir dat Ganzt dann och finanziell ofzesécheren, soll de Klimafong reforméiert a méi Projeten eligibel ginn.

„De Fonds Klima & Energie gëtt reforméiert am Bezuch op seng Finanzéierung, wéi och wat déi eligibel Investissementer betrëfft. Esou wäert et zukünfteg méiglech sinn an eise Bëscher Mesuren zur Upassung un déi klimatesch Verännerungen ze finanzéieren“, esou de Claude Turmes. Domatter net genuch, och der Industrie mat staarkem Besoin un Energie an d‘Fligerei kritt op den Zant gefillt.

Sanktioune sinn net virgesinn, wat sécherlech nees wäert musse bedauert ginn. Et bleift bei Verflichtungen, woubäi am Gesetz virgesinn ass, d‘Regelen iwwert de Wee vu groussherzogleche Reglementer ëm an duerchzesetzen. Wéi séier dëst Gesetz elo a Kraaft triede kann, hänkt dervun of wéi séier de Staatsrot säin Avis ofgëtt fir den Text der Chamber zur Ofstëmmung virzeleeën.

Foto: © Martine de Lagardère/moien.lu

Related topics Carole Dieschbourg, Claude Turmes, Klimanoutstand, Klimaschutzgesetz
Next post Previous post