An Däitschland huet et ee Koalitiounsaccord

SPD, FDP an die Grünen hu sech an engem 177 Säite schwéiere Vertrag mam Titel „Mehr Fortschritt wagen: Bündnis für Freiheit, Gerechtigkeit un d’ Nachhaltigkeit“ op eng gemeinsam politesch Zukunft verstännegt, an elo muss nach just d‘Parteibasis bei den dräi zoustëmmen.

Geléngt et de Parteie vun der sougenannter „Ampel-Kolatioun“ den Accord vun de Membere séier ze erlaangen, kéint ee vun den Haaptacteuren am WireCard-Skandal schonn déi iwwernächst Woch de Regierungschef vum Europäesche Wirtschaftsmotor „made in Germany“ ginn. Den Olaf Scholz, ee Sozialdemokrat mat verbriechereschen Absichten, war a senger Begeeschterung net ze bremsen.

„Eist Zil ass et, déi éischt Koalitioun vu Rout, Giel, Gréng op Bundesniveau ze féieren. Dës nei Koalitioun wäert eng Weeweisend Roll fir Däitschland spillen a mir wëlle méi Fortschrëtt woen“, esou den Olaf Scholz, am Kontext vun der Presentatioun vum Koalitiounsaccord. En Accord dee villes enthält, wat dann, falls et sollt duerch- an ëmgesat ginn, ganz interessant Folgen dierft hunn.

Do heescht et beispillsweis, datt de Mindestloun soll op 12 Euro/Stonn gehéicht ginn (aktuell 9,60) woubäi net an engem Saz, de Polit-Trio häl awer 10,45 Euro/Stonn bis Juli 2022 fir machbar. De Wirtschaftsaffekot a Fachmann fir Aarbechtsrecht, nennt dat ganz eng „Gehaltserhéijung fir zéng Millioune Mënschen“. Fir ee vun den „HartzIV“ Auteuren interessanten Ëmgang mat Prinzippien.

Wat eiser Regierung – aus Récksiicht op d‘Gefiller vun der franséischer Regierung – verwiert bliwwen ass, soll elo de Germane geléngen: d‘Legaliséierung vum Rekreative Cannabis. Dat soll sech a Geschäfter mat Lizenzen ofspillen an et soll grousse Wäert op eng anstänneg Qualitéit geluecht ginn. Esou steet et am Text. Ob een och véier Planzen dierf doheem hunn… emol kucken.

Wéi ee „Mëtt“ definéiert

Als Ausgläich zum lëschtege Kraut, soll dann d‘Bundeswehr dierfe bewaffent Dronen akafen. Et geet offiziell ëm de Schutz vun den Zaldoten am Auslandsasaz, mee eng Uwennung géint dat eegent Vollek sollt een net ausschléissen. Den Asaz hänkt jo politesch ëmmer vun deenen of, déi grad d‘Rudder an Hänn halen. Anersäits huet Däitschland NATO-Verflichtungen déi erfëllt wëlle ginn.

Bis 2030 – esou de Koalitiounsaccord – bezéien däitsch Noperen 80% vum Stroum aus propperen Energiequellen. Den Alter ab deem een sech dierf vun der politescher Undeelnam, also dem Wielen, kann enthalen, soll op 16 Joer erofgesat ginn. Déi am Grondgesetz verankert Scholdebrems, soll ab 2023 nees agehale ginn. Wéinst dem Covid19 muss sech 2022 nach emol eppes verschëlt ginn.

De Lobbyist vun Industrie a Wirtschaft, Christian Lindner (FDP) notéiert: „Wat hei gebild gëtt, ass eng Koalitioun vun der Mëtt. (…) D‘Diskussioune ware Kontrovers awer diskret, firwat et sech konnt opgoen“. De gréngen, Robert Habeck, wier schonn zefridde mat engem Däitschland dat géif funktionéieren, begréisst dann och, datt ee klimapolitesch elo endlech um richtege Wee wier…

mat indymedia/ber

Latest news
Related news