Search

You may also like

Keng Verschäerfung vun der Maskeflicht
International Neiegkeeten

Keng Verschäerfung vun der Maskeflicht

Datt et héich Zäit géif ginn, sech dëser onséileger –

Eng rassistesch Police
International Neiegkeeten

Eng rassistesch Police

Wärend ee bei eisen direkten Nopere vu „Profiling“ an/oder „délit

Schëffleng: De Cycle 2 ass a Quarantän
International Neiegkeeten

Schëffleng: De Cycle 2 ass a Quarantän

De Cycle 2 aus dem Fondamental Albert Winger zu Schëffleng

Ee kriminellen Ëmweltminister

Ee kriminellen Ëmweltminister

Nodeems déi faschistoid Regierung a Brasilien widderholl versprach huet, endlech de Reebësch ze schützen, kënnt eraus datt de Ricardo Salles nieweberufflech am illegalen Holzhandel eng féierend Positioun bekleet. Blöd an dësem Kontext: de Mann ass den Ëmweltminister.

Et sinn oft déi kleng Sandkären, déi grouss Maschinnen un d‘Hale bréngen, woubäi egal wéi, alles wat d‘Reparaturkäschte betrëfft vun der Gemeinschaft muss gedroe ginn. Gutt dann awer och, datt awer ëmmer nees gewësse „Lächer“ kënne gestoppt ginn. Esou och am Fall vum Minister, dee vum ieweschte Bundesgeriicht bezichtegt gëtt, an illegal Geschäfter mat Holz verwéckelt ze sinn.

Holz dat iwwregens an éischte Linn fir den amerikaneschen an europäesche Maart bestëmmt ass, wou et eng „wirtschaftlech Reprise“ huet an et ee massiven Honger no Holz gëtt. Déi brasilianesch federal Police huet d‘Büroe vum Ëmweltministère zu Brasilia, Sao Paulo an am Bundesstaat Parà perquisitionnéiert. Och de Wunnsëtz vum Minister ass vun der Police op Beweiser ënnersicht ginn.

An dësem Kontext sinn zéng héich Beamte vum Riichter Alexandre de Moraes suspendéiert ginn. Zu dëse gehéiert och de President vun der Ëmweltagence Ibama, Eduardo Bim. Ausgeholl ass den Ament nach de Minister selwer, wat awer och eng Decisioun vum Riichter ass. Dësen huet bezunn op d‘Virwërf decidéiert, d‘Unuerdnung fir den Export vun Holz ouni Autorisatioun auszesetzen.

De Mann huet sech näischt virzewerfen

Fir den Affekot Ricardo Salles, dee seng politesch a juristesch Aktivitéiten ëmmer exklusiv dem Vollek gewidmet huet, ass déi ganz Opreegung onverständlech. Datt hei d‘Bankgeheimnis wéinst atypeschen Transaktiounen opgehuewe ginn ass, well een d‘Geldbeweegungen an Héicht vun 2,15 Milliounen Euro tëscht 2012 an 2020 als „Louche“ bezeechent, kann de Minister net novollzéien.

RicardoDen Ëmweltminister Ricardo Salles (riets am Bild) ass een enke Vertraute vum President Jair Bolsonaro, a weess sech och ëmmer mediewierksam a Stellung ze bréngen. © Ricardo Salles

„Dës Ermëttlunge sinn esouwuel iwwerdriwwe wéi onnëtzt“, esou de Jurist dee seng ganz Energie zum Schutz vun Natur, Ëmwelt an dem Wuel vu senger Famill engagéiert. Et ass awer och richteg, datt schon am Juli 2020, d‘Generalstaatsanwaltschaft dem Ricardo Salles säi Récktrëtt gefuerdert hat. Begrënnung: „Zerstéierung vun de Strukture fir Ëmweltschutz“. Genotzt hat et awer näischt.

Dobäi ass net nëmme gewosst, mee wuel och dokumentéiert, datt de Ricardo Salles nach am Abrëll 2020, senge Frënn am Kabinett virgeschloen, déi bestoend Ëmweltgesetzer diskret ze reforméieren, wärend sech d‘Zivilgesellschaft an d‘Medie mam Covid19 beschäftegen. Et schéngt do awer Leit mat „Gewëssen“ ginn ze hunn. Wéi et weider geet a wat dem Minister dreet, läit elo un der Justiz.

mat indymedia/ccs

Foto: Och wann den Ëmweltminister an den Direkter vun Ibama offensichtlech Krimineller mat wäissem Col sinn, d‘Agente vun Ibama an Icmbio bleiwen um Dill. Hei gouf den 13. Mee an enger Naturschutzzon eng illegal Ofholzung – zumindest temporär – gestoppt. © Ministero do Meio Ambiente

Related topics Brasilien, Ëmweltminister, Faschist, Holzhandel, Jurist, Reebësch, Ricardo Salles
Next post Previous post