Search

You may also like

USA: Milliardär notzt Protest fir Wahlkampf ze maachen
International Neiegkeeten

USA: Milliardär notzt Protest fir Wahlkampf ze maachen

Policegewalt géint den Afroamerikaner Jacob Blake zu Kenosha (WI), ee

China: Vollekskongress setzt Moossstief
International Neiegkeeten

China: Vollekskongress setzt Moossstief

China, ee vun de wichtegsten Handelspartner vu Lëtzebuerg an en

Vereedegung vum Wuermer Schäffen a Buergermeeschter
International Neiegkeeten

Vereedegung vum Wuermer Schäffen a Buergermeeschter

No der groussherzoglecher Veruerdnung vum 14. Oktober 2020 ass de

Ee Parquet fir Europa – Wéi wäit sinn se?

Ee Parquet fir Europa – Wéi wäit sinn se?

D’Schafung vun engem europäesche Parquet gëllt als Resultat vun engem weeweisende Projet fir d’EU am Beräich vun der Justiz an der Sécherheet. Donieft dréit dës Kreatioun och als decisiv Etapp zur Verdéiwung vum riichterlechen europäesche Raum bäi.

Als Opnamestaat vum europäesche Parquet begleet Lëtzebuerg mat Äifer dëst neit Organ vun der EU. Säit dem Ophuele vum Reglement zum europäesche Parquet am Oktober 2017 sinn déi lëtzebuergesch Autoritéiten am reegelméissege Kontakt mat der europäescher Kommissioun, déi an dësem Fall mam Etablissement an dem administrative Fonctionnement beoptraagt sinn.

Duerch ee gemeinsamen Accord mat der europäescher Kommissioun ass den Tour B als zukünftege Sëtz vum Parquet ausgewielt ginn. Direkt am Häerz vun der europäescher Justiz um Kierchbierg an, an direkter Géigend vun der Cour de Justice vun der EU wäert den Tour B als neit onofhängegt Organ am moderne Raum déngen an all d’Besoinen erfëllen. Heibäi gëtt natierlech enk zesumme geschafft, sou datt déi ideal Konditiounen zum Fonctionnement gesat ginn.

Et ass virgesinn, datt dat neit Organ seng Aufgaben fréistens 3 Joer nodeems d’Reglement a Kraaft getrueden ass, erfëlle muss. An dësem Fall ass d’Reglement um 20. November 2017 erauskomm, wouduerch am November 2020 den europäesche Parquet fréistens sengen Aarbechten nogoe muss. Allerdéngs läit den exaten Datum an der Hand vun der europäescher Kommissioun, déi iwwert d’Propositioune vum Chef vum europäesche Parquet decidéiere wäert.

Foto: © MAEE

Related topics EU, Europäesche Parquet, Justiz, Kierchbierg, Sécherheet
Next post Previous post