Search

You may also like

Brauch d‘CSV eng nei Spëtzt?
Money Neiegkeeten

Brauch d‘CSV eng nei Spëtzt?

A ronn sechs Wochen huet déi gréisste Vollekspartei am Land

Ried vum LCGB-Nationalpresident Patrick Dury zum 1. Mee
Money Neiegkeeten

Ried vum LCGB-Nationalpresident Patrick Dury zum 1. Mee

Well et opgrond de Restriktiounen, ervirgeruff duerch d‘Covid19-Pandemie dëst Joer

Offiziell Aféierung vum Akt C45: Fir d’Teleconsultatioun mat Dokteren
Money Neiegkeeten

Offiziell Aféierung vum Akt C45: Fir d’Teleconsultatioun mat Dokteren

Och an der Medezin kënnt et duerch de COVID-19 zum

money

Ee (Phantom)Rapport zum éischten nohaltege Staatsemprunt

Ee (Phantom)Rapport zum éischten nohaltege Staatsemprunt

Update: Op Nofro hu mir de Lien zu den Dokumenter erhalen

Um 6. September huet d‘Regierung – esou zumindest d‘Behaaptung – den éischte Rapport zum sougenannten nohaltege Staatsemprunt (7. September 2020) vun 1,5 Milliarden Euro – deen zum Negativzëns vun -0,123% opgeholl gouf an eng Lafzäit vun 12 Joer huet – verëffentlecht. Wou de Rapport ass, weess esou genee keen, jiddefalls ass de Rapport net opzefannen…

Et muss sech also hei op d‘Ausso vum Finanzministère bezu ginn, aus där ze enthuelen ass, datt mat den 1,5 Milliarden Euro, 65 Projeten a siwe Secteure finanzéiert ginn, déi positiv Impakter op d‘Ëmwelt an d‘Gesellschaft hätten. Dës Investitioune géifen den Ausstouss vun 290.000 Tonne CO² duerch den modalen Transfert am Kontext vum Persounentransport verhënneren, mee net nëmmen.

Mat dësem Emprunt ginn och nach 6,4 Millioune Kubikmeter Biogas zur Energieproduktioun hiergestallt. 8,6 Hektar „Naturhabitat“ géif domadder gefléckt a geschützt. Et gëtt Plaz fir 6.900 Schüler a Studente geschafen, och 550 zousätzlech Spidolsbetter, 1.478 „abordabel“ Logementer an esouguer 13 Projeten zur sozialer Inklusioun kënnen iwwert dëse Wee ënnerstëtzt ginn.

De Rapport, esou de Finanzministère, géif Detailler zur Allocatioun vun de 770 Milliounen Euro, déi tëscht 2018 an 2020 liwweren. Kléngt net verkéiert, mee ouni de Rapport, misst een hirer Ausso vertrauen. Esou heescht et dat de Minister gesot hätt: „Fir den héchsten Niveau vun Transparenz ze assuréieren, enthält dëse Rapport zum Emprunt, och d‘Rapporten zur Allocatioun an dem Impakt“.

Ma gutt dann, d‘Duechterfirma vu „Morningstar“, eng Ratingagence déi grouss Stécker op de Pierre Gramegna a seng gutt duerchduechte Finanzpolitik hält an dësem den Triple-A gewäert huet, huet dëse Rapport erstallt. „Sustainalytics“ ass de Maartleader an dësem Segment, a stellt géint eng wuel dem Ëmfang vun de politeschen Ufuerderunge geschëlten Optrag, entspriechend Rapporter aus.

Am grousse Ganze geet ëm nohalteg Finanz, eng finanzpolitesch Erfindung vu eben der Politik an der Finanz, déi eis wuel soll gleewen doen, datt ee just genuch Geld investéiere muss, fir nohalteg dem Klimawandel ouni Aflossnam op d‘Profitmaximéierung vun den 1% ze begéinen. Bleift awer weiderhin d‘Fro am Raum: „wou ass dee Rapport, vun deem am Communiqué esouvill rieds ass?“

Illustratioun: Et géif ee Rapport, soen se… si erklären esouguer wien dëse géint ee kléngt Entgeld erstallt huet. De Rapport wier maximal Transparent, soen se… Wa mat am folgenden „Transparenz“ mat „duerchsiichteg“ gläichzesetzen ass, geet et sech awer op. © Bernd Klutsch / unsplash

Related topics DBRS Morningstar, ESG, Finanzminister, Finanzplaz, Nohaltegkeet, Rapport, Sustainalytics
Next post Previous post