Search

You may also like

Haut ass Welt-Alzheimer-Dag!
International Neiegkeeten

Haut ass Welt-Alzheimer-Dag!

D’Alzheimer-Krankheet ass déi heefegst Form vun der Demenz an eng

US-Ausseminister am Afghanistan
International Neiegkeeten

US-Ausseminister am Afghanistan

Et war kee Frëndschaftsbesuch: den Amerikaner huet den Afghanen ze

LAMBERT: Ee Piano-Concert mat der e bëssen anerer Mask
International Neiegkeeten

LAMBERT: Ee Piano-Concert mat der e bëssen anerer Mask

Et war ee Concert, dee fir Begeeschterung, Héngerhaut an och

En zweet „Fréijoer“ fir Däitschland a Groussbritannien

D‘Angela Merkel an de Boris Johnson hu sech op ee politeschen Neiufank verstännegt

En zweet „Fréijoer“ fir Däitschland a Groussbritannien

Beim klenge Sommet zu Chequers, dem Landsëtz vun der brittescher Regierung, hunn sech béid Regierungscheffen op eng Reprise vun de politesch-wirtschaftleche Bezéiunge gëeenegt kritt. Et heescht datt d‘Bundeskanzlerin dem brittesche Premier zougesot hätt, déi méi strikt Konditiounen zur Arees – wéinst dem Variant-Delta – zäitno ze lackeren.

Ob sech dat opgeet? Groussbritannien verzeechent aktuell déi héchsten Zuel un Neiinfektiounen a gëtt vun Däitschland als „Virusvariantegebitt“ agestuuft. Dat heescht datt de Britten eppes méi däreg Oploe gemaach ginn, wann se an Däitschland areese wëllen. Dat si 14 Deeg Quarantaine – och wann ee vollstänneg geimpft ass – a bereet anscheinend gréisser Problemer fir den Tourismus.

Fir dëse Secteur dierft et erfreelech sinn, datt d‘Angela Merkel an dësem Kontext dovunner ausgeet, datt de brittesche Gesondheetssystem d‘Situatioun esou gutt am Grëff huet, datt scho geschwënn d‘Insel vum Virusvariantegebitt zum „héich-Inzidenz Gebitt“ erofgestuuft ka ginn. Dat kéint een sech schonn nom fënnefte Quarantaine-Dag „fräi-teste“ loossen. Mee do ass nach d‘Fussball-EM.

politeschen Neiufank

Et ass jo gewosst, datt d‘FIFA duerchgesat kritt huet, datt 60.000 Zuschauer fir d‘Halleffinale am Wembley-Stadion zougelooss sinn. D‘Britten hu missen unhuelen, soss hätt d‘FIFA d‘Spill an Ungarn ausgedroen. De Boris Johnson war entspriechend beméit, d‘Bedenke vun der däitscher Kanzlerin ze verstreeën. Et géif kee Grond beonrouegt ze sinn, d‘Britten hätten alles am Grëff.

„Den entscheedende Punkt ass jo, datt mir hei a Groussbritannien ma Impfprogramm eng zolidd Mauer opgeriicht hunn“, esou de brittesche Premierminister. Elo sinn et awer net wierklech déi zitéiert Aschränkungen am Persouneverkéier – och wann et legitim ass, datt sech d‘Leit op dëse Sujet konzentréieren – de Grond fir dës politesch brisant Entrevue. Et huet ganz aner Problemer…

Nordirland-Protokoll

Do ass beispillsweis d‘Gestreits ëm d‘Ëmsetzung vum Nordirland-Protokoll, esou wéi dat am ominéise Brexit-Ofkommes eigentlech schwaarz op wäiss vereenbaart war, awer esou net méi vum Boris Johnson wëll ëmgesat ginn. D‘Angela Merkel huet wuel betount, datt et eng Léisung brauch, déi vun alle Parteien ugeholl gëtt, mee an dësem Kontext huet Bréissel och ee Matsproocherecht.

Heizou huet de brittesche Premier en erstaunlecht Statement ofginn: „Et brauch Zäit fir Bezéiungen ze normaliséieren. Mat guddem Wëllen an eppes Gedold kënne mir dat klären“. Gemengt ass wuel datt d‘EU – wéi schonn zu Zäite wou den Empire nach zur Famill gehéiert huet – sech op déi vu London virgeluechte Virgaben astellt. D‘EU-Kommissioun huet jo schonn domadder ugefaangen.

politeschen Neiufank

Rezent ass d‘EU-Kommissioun de Britten am Sträit ëm den Import vu gekillte Fleeschproduiten a Richtung Nordirland entgéintkomm an huet eng Iwwergangsfrist verlängert. D‘Britten hu jo eng eppes aner Hygiènesreegelen, firwat et eigentlech ab dem 1. Juli net méi méiglech gewiescht wier, dës Wuere vun der Insel an Nordirland anzeféieren. Dat gouf elo op den 1. Oktober verlängert.

Fir de Boris Johnson ass domadder säi gréisste Problem net vum Dësch. Säit de britteschen Empire nees Solo ass an enger längst vergaangener Gréisst noleeft, brauch et Partenariater. D‘Partnerschaft mat den Amerikaner ass duerch de politesche Wiessel un der Spëtzt vum Land eppes a Fro gestallt. De Joe Biden hat dem BoJo schliisslech ze verstoe ginn, datt hien dat mam Brexit net appreciéiert.

Anersäits sinn d‘Britte wirtschaftlech schonn op den europäesche Bannemaart ugewisen, firwat et säitens de groussen ekonomeschen Acteure wuel och Drock huet. Ee bilateralen Accord mat den Däitsche wier do ee wichtegt Signal. De Studentenaustausch an de kulturellen Dialog stäerken, en alljäerleche Sommet tëscht den Dirigenten a villes méi, sinn déi éischt positiv Virzeechen…

mat indymedia/lon/ber

Foto: D‘Angela Merkel an de Boris Johnson hu sech op grondsätzlecht verstännegt kritt. Et geet de Britten hei an éischter Linn ëm ee bilateralen Accord an den Zougank zum europäesche Bannemaart © Office of the Prime Minister (handout)

Related topics Angela Merkel, Boris Johnson, Brexit, Däitschland, Gespréicher, Groussbritannien, Rapprochement
Next post Previous post