Search

You may also like

De Xavier Bettel empfänkt d‘Nancy Pelosi
Neiegkeeten

De Xavier Bettel empfänkt d‘Nancy Pelosi

Am Kontext vun hirem Deplacement am Kader vun der Commemoratioun

Staatsbudget: Handelskummer fuerdert e raisonnéierten Ëmgang
Neiegkeeten

Staatsbudget: Handelskummer fuerdert e raisonnéierten Ëmgang

E Mëttwoch huet d‘Handelskummer hiren Avis zum Staatsbudget 2019 an

What the Fakt – Den éischte Volvo leeft vum Band!
Neiegkeeten

What the Fakt – Den éischte Volvo leeft vum Band!

Déi schwedesch Automark „Volvo“ steet och nach haut fir Sécherheet

Ee Protestpiquet fir d‘Fondatioun Kräizbierg

Ee Protestpiquet fir d‘Fondatioun Kräizbierg

Am Kontext vun enger „duerchwuessener“ Aarbechtssituatioun bei der Fondatioun/Ateliere Kräizbierg, hunn sech viru ronn 14 Deeg ee puer honnert Mataarbechter mat hir Vertrieder vum OGBL zu Esch zesummegesat, fir ze berode wéi een d‘Lag nees kéint riicht gebéit kréien.

E vun de grousse Problemer ass déi geréng Reaktiounsbereetschaft vum Verwaltungsrot, vu datt d‘Direktioun den eigentleche Problem duerzestelle schéngt. E Freideg virun enger Woch huet den OGBL du matgedeelt, datt de Verwaltungsrot siegéiert hätt. Dee wier op der sich no engem Wee fir de sozialen Dialog mat Personal opzehuelen. Firwat net direkt mat der Gewerkschaft schwätzen?

Fir den Ament jiddefalls gesäit et net no „Dialog“ aus, an esou hunn déi Lounofhängeg zesumme mat de Gewerkschaftsvertrieder um Donneschdegnomëtten zu Diddeleng um Sëtz vun der Fondatioun Kräizbierg e Protestpiquet organiséiert. Hire Slogan: „Nee dem Mobbing, jo zum Respekt“. Dobäi gouf (wuertwiertlech) zolidd op Tromm geschloen a masseg Kaméidi gemaach.

Mat ee vun de gréisste Virwërf – nieft dem Mobbing – deen d‘Gewerkschaft mat de Salariéeën ze maachen huet, betrëfft déi profitorientéiert Astellung vun der Direktioun, déi virun zwee Joer hiert onséilegt dreiwen opgeholl huet. De Protest huet sech esou och géint déi repressiv Methode vun der Direktioun gewannt. Et soll sech nees op dat konzentréiert wourëms et am Endeffekt goe sollt.

Eigentlech ass de Rôle vun der Fondatioun Kräizbierg a sengen Atelieren déi, sech ëm Mënsche mat spezifesche Besoinen ze këmmeren an hinnen eng Aarbecht ze iwwerdroen, déi si entspriechend hire Fäegkeeten erleedege kënnen. Zwee Vertrieder vu Personal a Gewerkschaft si gëschter vum Verwaltungsrot empfaange ginn. Iwwert den Inhalt vun der Entrevue ass nach näischt gewosst.

Foto: © OGBL/Syndicat Santé, Services Sociaux et Educatifs

Related topics Ateliere Kräizbierg, Fondatioun Kräizbierg, Grondrechter, OGBL, OGBL Syndikat Gesondheet a Sozialwiesen
Next post Previous post