Search

You may also like

Den Notzen ass gréisser wéi de Risk
Neiegkeeten

Den Notzen ass gréisser wéi de Risk

Am Kontext vun der grousser Opreegung déi, ausgeléist duerch d‘Mediatiséierung

Zwee plus Een ass Dräi – Nach bis den 23. Mee an der Konschtgalerie Maggy Stein
Neiegkeeten

Zwee plus Een ass Dräi – Nach bis den 23. Mee an der Konschtgalerie Maggy Stein

Vum 20. bis den 23. Mee 2021 stellen d’Milly Richter,

Ungarn: Homophoobt Gesetz a Kraaft gesat
Neiegkeeten

Ungarn: Homophoobt Gesetz a Kraaft gesat

D‘Ungarn haten zäiteg hir Demande agereecht, fir d‘Subventiounen aus dem

Ee Schluechtpass fir d‘Zuuchtvéi ?

Ee Schluechtpass fir d‘Zuuchtvéi ?

Dem Luc Emering (Jongbaueren) seng Petitioun „Schluechtverbuet vu Lëtzebuerger Notzdéieren an net-EU-zertifiéierte Schluechthaiser“ (1843) hat 4.982 Ënnerschrëften erhalen a gouf da gëschter an der Chamber debattéiert.

Mat der Petitioun gëtt en Export- a Schluechtverbuet vu Lëtzebuerger Notzdéiere gefuerdert, wann net séchergestallt ass, datt d‘Länner, a méi prezis d‘Schluechthaiser an dëse Länner, sech net un déi an der EU gülteg Reglementéierungen a Gesetzer halen. Am Original liest sech dat esou:

D‘Zil vun dëser Petitioun ass d‘ Verbuet vum Transport a vum Schluechte vu Lëtzebuerger Notzdéieren an net-EU-zertifiéierte Schluechthaiser. De Respekt an d’Wuel vum Déier vun der Gebuert, iwwer d’Opzuucht bis hin zum Schluechte, esou wéi mir et hei zu Lëtzebuerg hunn, muss garantéiert sinn“.

A weider:

„Lëtzebuerg respektéiert am Sënn vum Déierewuel ganz héich Qualitéitsstandarde wat d’Opzuucht, d’Haltung an och d’Schluechte vun Notzdéiere betrëfft. An deem Sënn ass all Transport a Schluechte vu Lëtzebuerger Notzdéieren a Länner ausserhalb der Europäescher Unioun, an deenen d’Anhale vun dëse Standarden net garantéiert ass, kritesch ze bewäerten a muss verbuede ginn. Am Sënn vum Déierewuel ass eng verstäerkt Promotioun vun Eegemascht a Vermaartung vu Lëtzebuerger Maschtdéieren ze ënnerstëtzen“.

Wéi ee feststellt ass d‘Argumentatioun verständlech a liicht novollzéibar, woubäi d‘Fuerderung vum Petitionnaire, wuel éischter net mat de Lobbyinteresse an der Lëtzebuerger Agrarpolitik an Aklang ze bréngen ass. Dat war dann och direkt kloer, wéi de Landwirtschaftsminister Romain Schneider sech zur Äusserung: „d‘Diskussioun ass gutt gelaf“ hiräisse gelooss huet.

Et war schéin driwwer geschwat ze hunn

Fir de President vun de Jongbauere war den Debat, och wann dorausser ervirgaangen ass, datt dës Regierung et net woe wäert, den Export vun Notzdéieren an iergendenger Form unzepaken, esou wier dann awer zumindest emol doriwwer geschwat ginn. Et géif eng Rei Ouverturen an beim nationale Pass, hätt ee jo esou eppes wéi Ënnerstëtzung eraushéieren. D‘Zil selwer ass awer nach wäit ewech…

Wier awer nach drop hinzeweisen, wéi vill Empathie ee sozialistesche Landwirtschaftsminister géintiwwer Déiere politesch opzebréngen amstand ass: „guer keng“. De Romain Schneider hält fest, datt d‘Zuele vum Export (2019 sollen et eng 200 Béischte gewiescht sinn déi vu Lëtzebuerg an Drëttlänner ausgefouert goufen) esou niddreg sinn, datt sech, wann et se da géif ginn, d‘Verstéiss iwwersiichtlech sollte sinn.

Domadder wier dat da gekläert. Wann nëmmen ee puer honnert Béischte mësshandelt ginn, brauch et keng Verbueter oder soss begleedend Moossnamen, mat deenen d‘Déierewuel muss garantéiert sinn. De lukrativen Déierentransport geet also weider a u schrecklechem Bildmaterial wäert et eis och déi nächst Joren nach net feelen. De Landwirtschaftsminister, dee kennt dës Problemer net, hien huet ee Chauffer…

Illustratioun: © Chambre des Députés / flickr

Related topics Jongbaueren, Landwirtschaftsminister, Luc Emering, Petitioun 1843, Romain Schneider
Next post Previous post