Search

You may also like

De Minister Claude Meisch brécht säi Wuert!
Neiegkeeten

De Minister Claude Meisch brécht säi Wuert!

No den Notes vum MENJE zur « Envergure de la

De Maske-Fliger ass zeréck – Bettel a Bausch hunn d’Cargolux besicht
Neiegkeeten

De Maske-Fliger ass zeréck – Bettel a Bausch hunn d’Cargolux besicht

Gëschter ass den LX-VCF mat senger mat ikonescher Nues –

Europawahlen 2019: Konferenzen an Aschreiwung op d’Wielerlëscht
Neiegkeeten

Europawahlen 2019: Konferenzen an Aschreiwung op d’Wielerlëscht

De 26. Mee 2019 sinn Europawahlen – ee Grond méi,

2021 gëtt nees ee schwieregt Joer fir d‘Reesagencen

2021 gëtt nees ee schwieregt Joer fir d‘Reesagencen

Wéinst der Covid19-Pandemie, war de gesamten Tourismussecteur gehéiereg an d‘Laberente geroden a besonnesch fir d‘Reesagencen dierft et 2021 schwiereg bleiwen. Zwar huet et elo en Impfstoff géint de Coronavirus, mee tëscht der Disponibilitéit an der Akzeptanz huet et eng Rei Problemer déi et nach ze léise gëtt.

Gëschter huet den Transportminister François Bausch (déi gréng) op der Antenn vu Bertelsmann-RTL zum Ausdrock bruecht, datt d‘Leit sech elo kengen Illusioune sollten higinn. Bis de Vaccin an ausräichender Mooss administréiert ginn ass, wäert et nach Méint brauchen, an hie wier frou wann et op EU-Niveau esou eppes wéi eng gemeinsam Linn géif ginn. Hoffnunge mécht hie sech keng.

Esou huet de Vizepremier däitlech gemaach, datt et net wäit hir ass, mat der „Harmonie“ ënnert de verbleiwende 27 Memberlänner. Zudeem dierf drun erënnert ginn, datt de Schutz vun de Grenze bannent der Unioun, vun der Länner selwer, net awer vun der EU-Komissioun muss geleescht ginn. Dat sech néng Méint nom Ausbroch vun der Pandemie hei kee Konsens erginn huet, bedauerlech.

Datt et also 2021 nach eppes „komplizéiert“ bleiwe wäert, jiddefalls fir all déi wou verreese wëllen, ass nach liicht ausgedréckt. Et muss an dësem Kontext drop higewise ginn, datt d‘Impfung jo soll fräiwëlleg bleiwen, woubäi d‘Regierungen zesumme mat der Wirtschaft un „iwwerzeegenden“ awer net „zwéngende“ Mesure schaffen, all Mënsch vun den Avantage vun der Impfung ze iwwerzeegen.

Esou kéint hie kenger Fluchgesellschaft, oder engem Tour-Operator verbidden, dat déi aus Grënn vun der ëffentlecher Gesondheetssécherheet, vun hire Gäscht d‘Virlag vun engem Impfpass verlaangen. Méiglech wier zudeem, datt Länner (och EU) eng Impfflicht aféieren, an een dat net areesen dierft ouni geimpft ze sinn. Lëtzebuerg hätt awer nach net wëlles en Impfpass anzeféieren.

A verständlecht lëtzebuergesch iwwersat: Lëtzebuerg wäert esoulaang keen Impfzwang an/oder Impfpass aféieren, wéi dat och vun anere Länner net gemaach gëtt. Wann et allerdéngs net méi méiglech sollt sinn ouni Impfpass ze „Reesen“, misst Lëtzebuerg deem Rechnung droen. E Regëster wéi d‘Spuenier ee plange gëtt trotz Datebank (Späicherung 20 Joer) vun de Geimpften dementéiert.

Illustratioun: Vollbesate Fliger a Pandemie-Zäiten si wuel kee gutt Beispill. D‘Fluchgesellschaften hunn allerdéngs esouwuel de wirtschaftlechen Drock méiglechst „gutt besat“ ze starten, wéi och de politeschen Drock, ee Beitrag zur Vermeidung vun der Propagatioun ze leeschten. Si wäerten déi éischt sinn, déi d‘Virlag vun engem Impfpass fuerderen. Och Theateren, Concertssäll an Kinoen, wäerten sech deem Uschléissen, wann et de Schlëssel zur Reprise vun den Aktivitéiten ass. Ob a wéi och d‘Entreprise vun dëser „Ufuerderung“ kënnen/dierfe Gebrauch maachen ass net gewosst. © Alexander Schimmeck

Related topics Covid19-Impfstoff, Covid19-Pandemie, François Bausch, Impfcampagne, Impfflicht, Impfpass
Next post Previous post