Search

You may also like

What the Fakt – de weltwäiten Dag vum Wal
International Neiegkeeten

What the Fakt – de weltwäiten Dag vum Wal

Scho säit 1980 gëtt traditionell um haitegen Dag de Wal

Guidéiert Féierungen duerch de Groussherzogleche Palais
International Neiegkeeten

Guidéiert Féierungen duerch de Groussherzogleche Palais

Ab dem 14. Juli 2021 ass et méiglech sech duerch

Eist Gesondheets-, Fleege- a Sozialwiese brauch keng Plooschter, mee eng déifgräifend Reform
International Neiegkeeten

Eist Gesondheets-, Fleege- a Sozialwiese brauch keng Plooschter, mee eng déifgräifend Reform

Titelbild: © Peter Chiykowski / unsplash

ASEAN: Ee Sommet fir d‘Junta

De Verbond vun den asiatesche Länner huet sech gëschter der Kausa Myanmar ugeholl

ASEAN: Ee Sommet fir d‘Junta

Um Sommet vun der ASEAN hunn d‘Staats- a Regierungscheffe vum Generol Aung Min Hlaing gefuerdert, déi onméiglech Sitautioun am Myanmar direkt ze beendegen.

Den indonesesche President Joko Widodo huet gemengt „d‘Lag am Land wier inakzeptabel a sollt net unhalen. (…) D‘Gewalt muss gestoppt an Demokratie, Stabilitéit a Fridden a Myanmar mussen direkt nees hiergestallt ginn“. Wéi eng friddlech Léisung elo kéint ausgesinn, oder war dorënner ze verstoen ass, dat ass leider onkloer. Mee ëmmerhi gouf no bal zwee Méint Konflikt emol geschwat.

ASEAN

Um Sommet hunn d‘Staats- a Regierungscheffe vum Brunei, Indonesien, Kambodscha, Malaysien, Singapur a Vietnam deelgeholl. D‘Philippinnen an Thailand hunn hir Ausseminister geschéckt. Aus Myanmar war de Generol Aung Min Hlaing héchstperséinlech do. Net ageluede gouf d‘Regierung vun der nationaler Eenheet (NUG) aus dem Myanmar. Dat hätt de Generol wuel net appreciéiert.

No der Sëtzung huet de Joko Widodo versicht ze erklären, datt Sënn an Zweck vun dësen éischte Gespréicher, d‘Enn vun der Gewalt sinn. Et misst een elo d‘Jalone leeë fir en Dialog tëscht der Militärregierung an de gesellschaftleche Kräften ze erméiglechen. Dat setzt och viraus, datt nees humanitär Hëllefsliwwerungen erméiglecht ginn. Da sollen déi politesch Gefaange fräigelooss ginn.

ASEAN

Dësen Avis deelt esou och de malaysesche Premierminister Muhyiddin Yassin, dee mam Joko Widodo dësen Drénglechkeetssommet aberuff hat. Den Ausseminister vum Brunei, deen aktuell d‘Presidence vun ASEAN huet, war no der Sëtzung zefridden a konnt zumindest begréissen, datt matenaner geschwat ginn ass. Hie geet net dovunner aus, datt d‘Genereel op d‘Fuerderungen aginn.

Vun der UNO – wou de Sécherheetsrot zwar d‘Gewalt verurteelt, dank China awer keng Mesuren ergräife kann – koum den Opruff un ASEAN, hiren Afloss ze notzen. Dat ass komplizéiert a et stellt sech hei och d‘Fro wéi een d‘Arméi vum Myanmar an de politesche Prozess abanne kann, wann et sollt ëm Demokratie goen. D‘Genereel awer hu bestëmmt net d‘Absicht hir Muecht ofzetrieden.

mat The Irrawaddy an indymedia/jak

Foto: De Regierungschef vu Myanmar, de Generol Aung Min Hlaing (hei lénks am Bild) bei senger Arrivée zu Jakarta ee Samschdeg. Hie war ageluede ginn, fir och seng Siicht op d‘Situatioun ze ginn, ass natierlech awer opgeruff ginn, dem Chaos an der Gewalt entgéintzetrieden. Et géif einfach kee gutt Bild bidden. © presidential office

Annex: Chairman’s Statement on the ASEAN Leaders’ Meeting

Related topics ASEAN, Burma, Generol Min Aung Hlaing, Junta, Militärdiktatur, Myanmar, Putsch
Next post Previous post