Search

You may also like

Automobilsecteur: de PME gouf verlängert
Neiegkeeten

Automobilsecteur: de PME gouf verlängert

Datt et dem Automobilsecteur net gutt geet, léist sech un

money
Fräi Tribün: En Toast op de Kapitalismus
Neiegkeeten

Fräi Tribün: En Toast op de Kapitalismus

E Freideg hu mir zu London e ganz speziellen Dag

Covid19-Gesetz verluecht d‘Schoulgesetz gestëmmt (kommentéiert)
Neiegkeeten

Covid19-Gesetz verluecht d‘Schoulgesetz gestëmmt (kommentéiert)

Datt et mam Hiecht an dem bevirstoende Wanter am Kontext

Ee stenge Krou géint eng eise Justiz

Ee stenge Krou géint eng eise Justiz

Am Oktober 2019 hat ee Locataire vun enger Wunneng um Lampertsbierg, sech géint de Präis vum Loyer fir seng 90 M² grouss Wunneng juristesch zur Wier gesat. Hien hat sech fir säi Begier op d‘Gesetz vum 21. September 2006 bezunn.

Dësen Dossier huet elo seng juristesch Finalitéit fonnt: de Locataire huet zwee Méint Zäit fir sech ze verfuussen. D‘Geriicht huet festgehalen datt d‘Kënnegung säitens dem Proprietaire – dee wuel keng Loscht méi hat sech mam Locataire ze ploen – rechtens ass. De Locataire huet sech hei nach emol drop beruff, datt 2019 de Proprietaire erkläert hätt datt d‘Wunneng an engem gudden Zoustand ass. Dat hat och den Expert festgestallt deen d‘Wunneng op d‘Doleance gepréift hat.

Säitens dem Proprietaire senger Affekotin, heescht et dogéint, datt et zanter 2010 keng Aarbechten / Renovatioun an der Wunneng ginn huet. Et wier dem Locataire notifiéiert ginn, datt d‘Heizkierper, d‘Dieren an d‘Kiche missten ausgetosch ginn. D‘Geriicht huet den Argumenter vum Proprietaire Rechnung gedroen ass esou muss dësen elo en neien Daach fir iwwert de Kapp fannen. Ob et realistesch ass, an deem annoncéierten Zäitraum eng bezuelbar Wunneng ze fannen? Naja…

Illustratioun: © Ian Dohey / unsplash

Related topics Geriicht, Lampertsbierg, Locataire, Logement, Proprietaire, Uerteel
Next post Previous post