Search

You may also like

Personalofbau an onmoralesch Offeren bei NV-Getronics
Meenung Neiegkeeten

Personalofbau an onmoralesch Offeren bei NV-Getronics

Um 3. Juli 2020 huet d’Direktioun vun NV Getronics matgedeelt,

surprise
Grousse „Kino“ virum Landwirtschaftsministère fir de Verbuet vum Glyphosat
Meenung Neiegkeeten

Grousse „Kino“ virum Landwirtschaftsministère fir de Verbuet vum Glyphosat

Well se sech zu Bréissel um 27. an 28. November

30 Joer Fondatioun Kriibskrank Kanner
Meenung Neiegkeeten

30 Joer Fondatioun Kriibskrank Kanner

Säit elo dräi Joerzéngte steet d‘Fondatioun Kriibskrank Kanner, déi vun

Editorial: Ee Vaccin, ee Pass a vill Ligen

Editorial: Ee Vaccin, ee Pass a vill Ligen

Esou lues fänkt et un duer ze goen. Als Partisan vun der Impfung a perséinlech iwwerzeegt, datt d‘Vaccine generell der Mënschheet bis heihinner méi gehollef wei da geschuet hunn, gëtt een dem Androck net lass, datt versicht gëtt eis hei iwwert de Leescht ze zéien. Dat fänkt beim Vaccin un, an hält Leider net mam Impfpass op. Dat asoziaalt behuele vun der Politik, kéint awer duerchaus hei gewollt sinn. Ee géint deen aneren opbréngen, fir sech selwer ze beräicheren, ee richtege Metier.

Datt et esouwuel mat der Produktioun wéi der Verdeelung vun den schonn autoriséierte Vaccine net esou reiwungslos géif oflafen, wéi dat vun der Politik versprach gouf, konnt sech all hallefweegs gebilte Mënsch och ouni d‘Aktualitéit ze verfollegen, selwer op sengen zéng Fanger ausrechnen. Datt d‘Politik vu sengen Institutiounen eng akribesch an déifgrënneg Analys vun de Medikamenter erwaart iert se zougelooss ginn, déi dann awer beschëllegt net virun ze maachen, och e Klassiker.

Politiker sinn dann och, entgéint der gängeger Meenung keng „Ligener“ am eigentleche Sënn. Si mussen eis gleewen doen, datt si der Industrie a Wirtschaft d‘Roadmap virleeën, an déi sech an den Déngscht vun de Bierger, also der Gesellschaft oder der Allgemengheet – jee no Standpunkt – ze stellen hunn. Am grousse Ganze geet et sech op, mee heiansdo ass et esou offensichtlech, datt nach just Niwwelkäerzen, widderspréchlech Kommunikatioun a Scholdzouweisungen hëllefen.

Interessant och d‘Feststellung, datt et manner déi Q-Anon Trëllerten an/oder d‘Impfgéigner waren, déi zu erhieflechen Zweiwel bannent der Bevëlkerung géintiwwer dem Impfstoff gefouert hunn. Nee et sinn d‘Ligen an d‘Widderspréch vun de Politiker déi d‘Leit Zweiwelen dinn, an et kann een net anescht, wéi de Politiker ze ënnerstellen, datt mat voller Absicht ze maachen: wéi keng Maske verfügbar waren, ware se „bäh“, haut si se Flicht… esou huet et ugefaangen an esou leeft et weider.

D‘EU-Gesondheetskommissärin Stella Kyriakides an den EU-Bannemaartkommisär Thierry Breton, wëllen nach an dësem Mount en Text zur Schafung vun enger Direktiv zur Aféierung vun engem europäesche Covid19-Impfpass virleeën. Natierlech am strenge Respekt vun de Grondrechter – déi se längst peu-à-peu kasséiert hunn – an ëmmer mat der Präzisioun, datt et „fräiwëlleg“ bleift, also dat sech impfe loossen. Woubäi awer jidderee soll geimpft ginn.

Am Frankräich, wou nëmmen en Drëttel vun den am Gesondheetssecteur beschäftegte Fleegekräft sech wëllen impfe loossen, gëtt elo ganz offiziell iwwert eng Impfflicht fir de Secteur geschwat. An Och zu Bréissel ass een dovunner Iwwerzeegt, datt ee Covid19-Impfpass ouni Flicht kee Sënn mécht. Et huet béis Zongen déi behaapten, d‘Direktiv zur Impfflicht wier längst verfaasst an vun de Vertrieder vun de Memberlänner ugeholl ginn. Esoubal genuch Vaccin do ass, kennt d‘Impfflicht.

An déi léist sech net verhënneren. Mat der Annonce, datt Leit déi geimpft sinn, nees dierfen an de Bistro, den Theater a bei d‘Houeren, also géintiwwer netgeimpfte privilegiéiert sinn, war dës Fait schonn aktéiert. Natierlech – a do si mir nees bei der Scholdzouweisung – ass d‘Politik staark drop beduecht, seng Hänn an Onschold ze wäschen. Si freeën sech iwwert all Patron dee seng Leit „motivéiert“, an iwwert de Fait, datt si an den nationale Parlamenter op Bréissel verweisen dierfen.

Och de Xavier Bettel an d‘Paulette Lenert sinn zesumme mat hire Kolleegen an der Regierung ganz kloer fir eng Impfflicht, an hoffen datt d‘Bréissel den éischte Schratt mécht. Esou mussen si just nach argumentéieren, datt ee sech als klengt Land net géint déi allgemeng Stëmmung kann opleenen an et demokratesch ass, sech den Decisioune vun der Majoritéit unzeschléissen. Et kann een dann och net soen si hätten eis belunn, mee datt si sech dem Diktat vu Bréissel ënnerworf hunn.

Wéi gesot, an der Politik ass et imminent wichteg kënne Scholdzouweisungen ze maachen. An dat ganz besonnesch dann, wann een onpopulär Decisiounen huele muss, oder därer déi engem – wéi am Fall Jean-Louis Schiltz – spéider en onbekëmmert Liewen am Luxus ouni Privilegverloscht sécheren. Wann also ee Minister seet, datt keen zu eppes gezwonge gëtt, keng Fichieren iwwert Gesondheetsdaten ugeluecht ginn a keen dierf diskriminéiert gi well e géint Impfen ass, dann…

Illustratioun: © Hennie Stander / unsplash

Related topics Covid19-Politik, Disponibilitéit, Fräiwëllegkeet, Impfflicht, Impfpass, Impfstoff, Ligen, Zwang
Next post Previous post