Search

You may also like

Dem Kevin Spacey säin Oflenkungsmanöver ass zum Gléck net opgaangen
Business Neiegkeeten

Dem Kevin Spacey säin Oflenkungsmanöver ass zum Gléck net opgaangen

Wann een aus #Metoo eppes léiere kann, da wuel, datt

money
China: E Sommet fir eng nei Weltuerdnung
Business Neiegkeeten

China: E Sommet fir eng nei Weltuerdnung

Zu Peking huet gëschter de sougenannte Seidestrooss-Sommet ugefaangen, wou während

Nationalfeierdag: De ganze Programm vun 2019!
Business Neiegkeeten

Nationalfeierdag: De ganze Programm vun 2019!

Et ass nees esou wäit – Nationalfeierdag steet virun der

Ee Waasserstoff-Reseau fir d‘Groussregioun

Ee Waasserstoff-Reseau fir d‘Groussregioun

ENCEVO Lëtzebuerg mat senge Filiale CREOS Deutschland GmbH a GRTgaz France hunn déi lescht Woch d‘Initiativ „Waasserstoff Groussregioun“ am Kontext vun engem risegen digitalen Event mat iwwer 70 akademeschen, industriellen a wirtschaftlechen Acteure lancéiert.,

Mat dëser multisektorieller a grenziwwerschreidender Initiativ hoffen hei d‘Wirtschaftsacteuren ee sougenannten Ekosystem an ee Waasserstoff-Reseau „fir jiddereen“ an der Groussregioun (dat sinn nieft Lëtzebuerg: Rheinland-Pfalz a Saarland fir Däitschland; Loutrengen am Frankräich an d‘Wallonie an der Belsch). Elo ass dat Ganzt dann awer nach net fir muer, den Ament geet et emol drëms, reegelméisseg thematesch Treffen ze organiséieren an eng Internetsäit op d‘Been ze stellen.

Hei soll jiddereen iwwert seng Erfarunge mam Waasserstoff, vun der Hierstellung bis zur Notzung, beriichten dierfen. Am Fong geet et drëms méiglechst séier Synergien tëscht dem ëffentlechen an dem private Secteur (Public-Private-Partnership) ginn. Et geet een an dëse Kreesser dovunner aus, datt d‘Ausgabe fir d‘Schafe vun der Infrastruktur mat Steiergeld finanzéiert gëtt, an dës Ausgaben dann nees steierlech geltend gemaach dierfe ginn. Dat awer gëtt esou natierlech net ausgedréckt.

Si géifen dat fir eis maachen

Bei ENCEVOS, senge Filialen an interesséierte Partner, geet et drëms verständlech ze maachen, datt en net an éischter Linn ëm Profit an Ëmsaz geet, mee ee seng Verantwortung am Kontext vum „Green Deal“ vun der EU-Kommissioun iwwerhuele wëll. Et wier wichteg d‘Karbonneutralitéit, esou wéi se vun alle Länner an der Unioun gewënscht gëtt, entspriechend de gesaten Ziler an dem dozou gehéieregen Zäitraum ze erreechen. Zur Erënnerung: als Stéchdatum gëllt d‘Joer 2050…

Bis dohinner sinn awer weder d‘Entscheedungsträger zu Bréissel nach déi un der Waasserstoff-Initiativ bedeelegt verantwortlech Wirtschaftsacteuren nach um wibbelen. Hier Objektiver sinn et bis dohinner maximale Profit fir ee Minimum u Privilegiéierten ze schafen. Dat awer verhënnert net, datt d‘Energietransitioun wäert stattfannen. Et steet och ausser Diskussioun, datt een Industrie a Mobilitéit zügeg muss dekarboniséieren. Esou wéi et den Ament leeft, ginn d‘Ziler net agehalen.

Illustratioun: © Terry Vlisidis / unsplash

Related topics Creos Deutschland, ENCEVOS, Groussregioun, GRTgaz, Karbonneutralitéit, Waasserstoff
Next post Previous post