Search

You may also like

Stock-Car: Wann engem e Rad ewech fiert…
Neiegkeeten

Stock-Car: Wann engem e Rad ewech fiert…

An der Stock-Car Saison war den 22. Juli Halbzeit ugesot,

What the Fakt – den Ufank vum feministesche Magasinn “Emma”
Neiegkeeten

What the Fakt – den Ufank vum feministesche Magasinn “Emma”

Et ass ewell 42 Joer hir, datt déi éischt Ausgab

Dem Beiestierwen eppes entgéint setzen
Neiegkeeten

Dem Beiestierwen eppes entgéint setzen

  Datt et Weltwäit net gutt ëm d‘Beie bestallt ass,

Ee weideren NATURATA zu Lëtzebuerg

Ee weideren NATURATA zu Lëtzebuerg

Um 18. Oktober ass am Centre Orchimont den 10. Buttek vun NATURATA -D’Butteker vun de Bio-Baueren opgemaach ginn. Mat dobäi waren de Landwirtschaftsminister Fernand Etgen, D’Ëmweltministesch Carole Dieschbourg an d’Buergermeeschtesch vun der Stad Lëtzebuerg Lydie Polfer.

30 Joer ass et hir, datt sech d’Lëtzebuerger Biobaueren a Gäertner eng Kooperativ organiséiert hunn, fir hir Recolte besser ze vermaarten. Zënterhier ass aus der Bio-Baueren-Genossenschaft Lëtzebuerg (BIOG) ee ganzt Netzwierk vu lokale Bio-Vermarktungsinitiativen entstanen. Den neien NATURATA um Houwald, mam Schwéierpunkt Liewensmëttel, hëlleft bei der klammender Demande u Bio-Liewensmëttel. Dobäi kennt een NATURATA beauty & culture an een NATURATA Bio Resto & Café mat Catering.

Wéinst der gudder strategescher Lag an der Géigend vu Bouneweg a Gaasperech war bei der feierlecher Erëffnung och d’Buergermeeschtesch vun der Haaptstad, d’Lydia Polfer present. Déi dräi Éieregäscht hunn ënnerstrach, datt ee weidert NATURATA Geschäft ee groussen Erfolleg fir Lëtzebuerger Biobaueren ass, de vun de Verbraucher ausdrécklech gewollt an ënnerstëtzt gëtt.

De Landwirtschaftsminister Fernand Etgen lueft hei, datt mir der Nofro méi gerecht ginn. De Sputt tëschent Demande an Offer ass ee wichtegt Ziel. De Minister lueft den NATURATA als Haaptacteur fir d’Vermaartung vu bäuerleche Produiten a gratuléiert dem Gerant Sigmund Walbaum zu sengem Erfolleg. Och den enke Lien tëschent Produzenten a Konsumenten erhalen de volle Respekt vum Etgen.

Als bekennend NATURATA-Kliente weist d’Lydie Polfer op d’Virdeeler vun enger 100% bio-zertifiéiertem Liewensmëttelsortiment hin. Et erliichter den Akaf erhieflech, wann engem déi bescht- a gesondestméiglech Ernierung vu Famill a Kanner um Häerz läit.

Wéi gutt de Goût vun den hiergestallte Produiten ass konnten d’Gäscht bei der uschléissender Receptioun vum NATURATA Catering selwer erausfannen.

Den neien NATURATA Bio Marché Houwald fannt dir ënnert folgender Adress:
36, Rangwee
L-2412 Lëtzebuerger
Tel.: 40 23 03 33

Et ass op:
Méindes – Freides vun 09:00-19:00 Auer
a Samschdes vun 09:00-18:00 Auer

Foto: (v.l.n.r.) De Landwirtschaftsminister Fernand Etgen, de Gerant vun NATURATA Sigmund Walbaum, d’Buergermeeschtesch Lydie Polfer, den Änder Schanck vun OIKOPOLIS an d’Ëmweltministesch Carole Dieschbourg
© NATURATA

Related topics Änder Schanck, Bio, Carole Dieschbourg, Fernand Etgen, Lydie Polfer, Naturata, Sigmund Walbaum
Next post Previous post