Search

You may also like

G5 Sahel: Den Terrorismus soll mat enger neier militärescher Allianz bekämpft ginn
International Neiegkeeten

G5 Sahel: Den Terrorismus soll mat enger neier militärescher Allianz bekämpft ginn

Een Dag nom Sommet iwwert d‘Finanzéierung vum „Klima“, verreent Frankräich

Tierkei – EU: Den Emmanuel Macron proposéiert e „Partenariat“
International Neiegkeeten

Tierkei – EU: Den Emmanuel Macron proposéiert e „Partenariat“

Bei der Entrevue tëscht dem Emmanuel Macron an dem Recep

D‘CSV stellt sech géint d‘Reform vum Familljerecht
International Neiegkeeten

D‘CSV stellt sech géint d‘Reform vum Familljerecht

Dem Justizminister Felix Braz säi Gesetzprojet, mat deem d‘Familljerecht soll

Eemol am Joer, an da kréien se et net gebak

An Däitschland wollten se ee Landeswäite Prouf-Alarm fir Gefore wéi Onwieder oder Uschléi üben

Eemol am Joer, an da kréien se et net gebak

Gëschter Owend war d‘Stëmmung am Bundesinneministère zu Berlin fraschteg. Wärend bei eis am Land eemol de Mount gepréift gëtt, op d‘Warnsystemer funktionéieren, maachen eis Noperen, déi aner Säit der Musel elo eemol am Joer, an hunn dofir och ee Numm: „Warntag“. Leider ass datt elo zimmlech an d‘Box gaangen. De Bundesinneministère geet awer Selbstkritesch mam Virfall ëm.

Fir den Ament, esou zumindest déi offiziell Versioun, wier et en technesche Problem, deen dëse jo awer schon wichtegen Test konterkaréiert hätt. Et géif een elo déi eenzel Virgäng analyséieren an opschaffen Déi hei gewonnen Erkenntnisser géif een dann och bei der weiderer Entwécklung vum Warnsystem berécksiichtegen. Dat schéngt nawell och noutwenneg ugesiichts dëser Nullnummer.

JoerEigentlech – also dat war de Plang – sollte bei dësem éischte Landeswäite Warndag um 11 Auer d‘Sireenen an aner Warnsystemer ausgeléist ginn. Entwarnung sollt et dann 20 Minutte méi spéit ginn. Et war zudeem och virgesinn, datt d‘Bevëlkerung iwwer Applikatiounen (App) d‘Tëlee an de Radio sollte gewarnt ginn. Dat ass grëndlech schif gelaf an ass schonn eppes beonrouegend.

En Trauerspill

Däitschland, ee Land dat sech ëmmer un der Spëtzt vun der Evolutioun gesäit, mee d‘Leit scho musse frou sinn wann si iwwert ee virzäitegen Internetuschloss verfügen, wollt nieft den Analoge Warnsystemer – déi iwwregens och a wäiten Deeler vun der Bundesrepublik net funktionéiert hunn – dëst Joer och mat den Applikatiounen „NINA“ a „KATWARN“ mat Bierger den Alarm üben.

D‘Meldung vun den Applikatioune koum mat ronn 30 Minutte Verspéidung bei de Leit un, a well d‘Welt ass wéi se ass, sinn ëmmer déi aner schold. Laut dem Bundesamt fir Bevëlkerungsschutz a Katastrophenhëllef (BBK) zu Bonn, wier de Grond fir d‘Pann, déi zäitgläich Ausléisung vun enger Villzuel u Warnmeldungen. Et wier nämlech net nëmmen eng „Zentral Warnung“ ausgeléist ginn.

JoerEng ganz Rei ugeschlosse Leitstellen hätten och Warnungen erausginn, wat de System iwwerlaascht huet. De BKK-Chef Christoph Unger ass veriergert, well „déi“ sech net un Ofsprooche gehalen hunn. Dobäi steet fest, datt genee esou Eventualitéiten am Fall vun engem Landeswäiten Alarm jo misste berécksiichtegt ginn. Et ass jo evident, datt lokal d‘Autoritéiten am Noutfall Alarm schloen.

Elo wëssen se Bescheed

De Warndag, esou dierf een et festhalen, ass un de Bevëlkerung „stëll laanscht gaangen“. Zudeem sinn a ville Stied d‘Sireenen ofgebaut ginn, dat well et ze deier ass se ze ënnerhalen an ee jo haut op nei Technologie kann zeréckgräifen. Interessant hei: d‘Leit si wuel ëmfänglech informéiert ginn, datt et ee Landeswäiten test géif ginn, net awer, datt een et op de meeschte Plazen net kann héieren.

An de sozialer Netzwierker war dëse „Stëllen Alarm“ da Géigestand vu vill verbalem Spunnes. Jo wien de Schued huet brauch sech bekanntlech iwwert de Spott net ze wonneren. Natierlech gëtt dat och politesch ausgeschluecht: de Fraktiounschef vun de Liberalen, Michael Theurer, huet dat Ganzt als Fiasko duergestallt, an sech iwwert déi dorausser däitlech gemaachte Geforen opgereegt.

Joer„Statt datt hei d‘Bevëlkerung mat de Warnsystemer vertraut gemaach ginn ass, huet sech erginn, datt déi net vernënfteg operationell sinn. Am Beräich vu Katastrophen- a Bevëlkerungsschutz huet et dréngenden Handlungsbedarf. Hei muss elo zäitno d‘Versoe vun den diverse Systemer analyséiert an da konkret Léisunge virgeluecht ginn“, esou de veriergerten Oppositiounspolitiker.

Am September 2021 wëll de BKK d‘Experiment widderhuelen. Bleift ze hoffen, datt et bis dohin net gebraucht gëtt. Woubäi, wann een amerikanesch Atomwaffen bei sech lagert, selwer awer keng Kontroll doriwwer huet, sollt ee mengen, datt esou ee landeswäite Warnsystem net vu Muttwëll ass.

mat indymedia/ber

Illustratioun: © Alexey Soucho / unsplash

Related topics BKK, Bundesamt fir Bevëlkerungsschutz a Katastrophenhëllef, Bundesinneministère, Horst Seehofer, Warndag
Next post Previous post