Search

You may also like

Falsch Handwierker, horrend Präisser a Bedreeung
International Neiegkeeten

Falsch Handwierker, horrend Präisser a Bedreeung

Wéi de Lëtzebuerger Konsumenteschutz (ULC) matdeelt, kënnt et ëmmer méi

Nascar: De Gil Linster ass zeréck
International Neiegkeeten

Nascar: De Gil Linster ass zeréck

Nodeems de Pilot (gezwongenermoossen) e puer Méint keng Konkurrenz déi

Méi Subside fir Luxembourg Air Rescue
International Neiegkeeten

Méi Subside fir Luxembourg Air Rescue

Den LAR – am Volleksmond d‘Air Rescue genannt – ass

Amerika… een intrusive Partner

D‘USA spionéieren hir Frënn aus well dat hir Aart ass an d‘EU-Partner denken sech näischt derbäi

Amerika… een intrusive Partner

Wat d‘National Security Agency (NSA) alles kann, dierf a mécht, dat hat den Edward Snowden – haut „Enemy of the State“ – virun aacht Joer zimmlech androcksvoll un d‘Dagesliicht bruecht. An wann d‘USA elo wuel net esou direkt op „Gëft“ zréckgräifen, dem Snowden d‘Liicht ausknipsen ass schonn een oppen ausgeschwate Wonsch.

Et ass jo gewosst datt ënnert dem Barack Obama déi däitsch Kanzlerin Angela Merkel, mee och de franséische President François Hollande, vum NATO-Partner duerchliicht an ofgelauschtert goufen. Elo soll en internt Pabeier vun der dänescher Regierung beleeën, datt Dänemark sech massiv a wuel aus Grënn agesat huet, dem US-Geheimdéngscht ee virbildlechen an zouverlässege Partner ze sinn.

Wat muss ee sech dorënner virstellen? Dänesch „Beamten“ hunn eng Hand ugepaakt, fir engersäits d‘Politiker bannent der EU auszespionéieren, an anersäits hu se gehollef d‘Leitungen an der Ostséi (Internet, Telefon) unzezapen, datt zur Kontroll vun der Kommunikatioun, der Datespäicherung a méiglechen Interventiounen am Cyberraum. Et war kee Frëndschaftsdéngscht am eigentleche Sënn.

Déi amerikanesch-dänesch Partnerschaft am Kontext vun der Spionage, ass zanter dem zweete Weltkrich gewuess. Am Kale krich hunn d‘Dänen zu den Experte fir alles wat d‘Sowjet-Marinn betraff huet gezielt. Fir dann och ëmmer um leschten technesche Stand ze sinn, ass dës Frëndschaft ëmmer weider verdéift ginn. A well politesch Leader näischt ze verstoppen hunn, ass dat net wëll.

Elo kéint eis egal sinn, an et géif kee Verwonneren, wa Lëtzebuerg der NSA direkt ee Büro beim SREL ageriicht hätt, mir si jo éischter fir „de kuerze Kommunikatiounswee“. An nei ass et och net, d‘Chirac ass sengerzäit scho „begleet“ ginn. Zudeem spionéiert een deen aneren aus, de Partner wéi de vermeintleche Géigner. Gutt d‘Amerikaner hunn eppes aner Moyenen, an awer hält et sech.

An dann huet et nach eppes wat iwwerrasche kann: bei der NSA huet tatsächlech esou eppes wéi „Ethik“ och wann et der Definitioun u sech net wierklech wuertgetrei entsprécht. Dës „Kontroll“ duerch de grousse Brudder, déngt an éischter Linn eisem Schutz an deem vun der transatlantescher Allianz. Et huet ni, wierklech ni – net emol ënnert deem virechten Dabo – béis Absichte ginn.

Eppes Iergerleches huet dat ganzt dann awer fir d‘Journalisten, besonnesch hei zu Lëtzebuerg. Do beklot sech de Beruffsverband iwwert de schlechten Informatiounszougank, wären déi vun der US-Ambassade net emol no Informatioune froe mussen. Et stëmmt awer net, datt all Dag ee Courrier vum Staatsministère do géif laanscht goen. Haut gëtt datt alles via SnapChat „geshared“…

mat indymedia/was/cph

Illustratioun: Spionage ass, nieft dem horizontale Beruffssecteur, wuel ee vun den eelste Jobs op der Welt. Et huet keng Weltkricher verhënnert, net ee Mënscheliewe gerett… Mee et huet ee sech dru gewinnt, datt an all Spléck ee sëtzt, deen alles vun engem wësse wëll. D‘Politiker si längst net méi déi eenzeg, a vill Internetoperateure wéi och Déngschtleeschter spionéieren d‘Leit aus. © Alex Lauzon / unsplash

Related topics Dänemark, Kooperatioun, NSA, Spionage, USA
Next post Previous post