Search

You may also like

Spuenien: De Pedro Sanchez ass Ministerpresident
International Neiegkeeten

Spuenien: De Pedro Sanchez ass Ministerpresident

De sozialistesche Kandidat Pedro Sanchez ass ëmstridden an op d‘Toleréierung

Éischte Coronavirus-Doudegen an Italien
International Neiegkeeten

Éischte Coronavirus-Doudegen an Italien

D‘Leit stierwen net nëmmen an Asien un dësem Coronavirus (Covid19)

Neies aus dem „Schongbuttek“
International Neiegkeeten

Neies aus dem „Schongbuttek“

Nodeems déi vereenegt Oppositioun sech op d‘Familljeministesch Corinne Cahen (DP)

Den offiziellen Austrëtt: Een Nee zum Klima, ee Jo zum TTIP2?

Den offiziellen Austrëtt: Een Nee zum Klima, ee Jo zum TTIP2?

Den US-amerikanesche President Donald Trump huet scho virun 3 Joer ugekënnegt, datt déi Vereenegt Staaten aus dem Paräisser Accord austriede géifen. Ufank dës Mounts huet hie schliisslech eescht gemaach an déi schrëftlech Austrëttserkläerung der UNO offiziell zoukomme gelooss. Den eigentlechen Austrëtt kann awer eréischt ab dem 4. November 2020 ëmgesat ginn.

Grad elo wier all Kraaft gefuerdert, fir d’Kippe vum Klima nach ze verhënneren. Um 4. November 2019 huet de President Donald Trump säin offiziellt Schreiwes agereecht, datt d’USA dëse Kampf net ënnerstëtze wäerten. Dat nennt een emol „Make Amerika great again!“ Parallel zu dëser Decisioun lafen hannert zouenen Dieren nach ëmmer Negociatiounen zum Fräihandelsofkommes TTIP2 tëscht den USA an der EU.

Austrëtt

© Joep Bertrams/Twitter

Den Ausseminister Jean Asselborn huet als Representant fir d’Lëtzebuerger Regierung ugekënnegt, datt dëst Fräihandelsofkommes mat 4 südamerikanesche Staaten, duerch déi uerg Bränn am Amazonas, op Äis leien. Et wéilt een net méi verhandelen, bis sech Brasilien zum Paräisser Klimaofkommes bekennen an et respektéiere géif.

No der Entscheedung vum Trump ass et, sou Greenepace Lëtzebuerg, um Groussherzogtum fir d’EU-Kommissioun opzefuerderen, d’TTIP2-Negociatioune mat den USA direkt ze ënnerbannen. Dobäi kënnt nämlech, datt dëst Ofkommes nach méi heemlech ausgeschafft gëtt, wéi säi Virgänger. Schonn den TTIP1 stoung an der Kritik, a soll reegelrecht an enger „Donkelkummer“ ausgeschafft gi sinn. D’Versprieche vun der EU-Kommissioun no méi Transparenz ass also net gehale ginn.

Austrëtt

© Dr. Eva Stegen/Twitter

Déi Lëtzebuerger Plattform Stop CETA & TTIP ënnersträicht säin Nee weiderhi mat engem décke roude Bick. Nei Generatioune vu Verträg, déi demokratesch ausgehandelt, sozial gerecht an ekologesch ausgeschafft sinn, ginn elo gefuerdert. Dat bedeit och, datt d’Lëtzebuerger Parlamentarier de Courage weise mussen, beim zukünftege Votum an der Chamber zum CETA-Ofkommes mat Kanada mat engem Nee ze äntweren.

D’Stop CETA & TTIP Platfform Lëtzebuerg huet mëttlerweil schonn zuelräich Unhänger fonnt: Action Solidarité Tiers Monde, Aleba, Bio-Lëtzebuerg – Vereenegung fir Bio-Landwirtschaft Lëtzebuerg Asbl, Caritas Luxembourg, Cercle de coopération des ONG de développement, CGFP, Fairtrade Luxembourg, FGFC, FNCTTFEL, Greenpeace Luxembourg, LCGB, Lëtzebuerger Jongbaueren a Jongwënzer Asbl, Mouvement Ecologique a.s.bl., natur&ëmwelt a.s.b.l, OGBL, Syprolux, Stop TAFTA Luxembourg, Union luxembourgeoise des consommateurs, Union Syndicale Fédérale

Related topics Austrëtt, CETA, Donald Trump, Fräihandelsaccord, Klimawandel, Paräisser Klimaofkommes, TISA, TTIP1, TTIP2, UNO, Zäregasemissiounen
Next post Previous post