Search

You may also like

Steesel: Konferenzzyklus a Visite guidée an den ënnerierdesche Festung-Anlagen
Neiegkeeten

Steesel: Konferenzzyklus a Visite guidée an den ënnerierdesche Festung-Anlagen

Mir besichen di ënnerierdesch Galerien a Kasematte vun de Forte

Keng Panik! Du weess bestëmmt, wéi een dës Wierder richteg schreift!
Neiegkeeten

Keng Panik! Du weess bestëmmt, wéi een dës Wierder richteg schreift!

[onionbuzz quiz-id=95][/onionbuzz] Mir hunn vill komesch Wierder entdeckt, wou mer

D‘Foire Agricole gëtt et dëst Joer nëmme virtuell
Neiegkeeten

D‘Foire Agricole gëtt et dëst Joer nëmme virtuell

Zanter ville Joren organiséiert d‘Stad Ettelbréck déi landwirtschaftlech Ausstellung (FAE),

Een neie Pompjeesbau zu Menster

Een neie Pompjeesbau zu Menster

Um vergaangene Freideg gouf den éischte Spuedestéch fir de Bau vum neie Pompjeesbau zu Menster gesat, assistéiert huet heibäi den Inneminister Dan Kersch. Dat neit modernt Gebai bitt 36 fräiwëllegen an 13 jonke Pompjeeë Platz fir hir Missiounen ënnert de beschte Konditiounen ze erfëllen.

Déi nei Konstruktioun ass an der Rue Strachen zu Rued-Sir, och nach „Rothoicht“ genannt. Op enger Fläch vun 1.033 m² ginn d’Pompjeeë mat den neisten Hëllefsmëttel fir hir Missiounen equipéiert. Nieft de verschiddene Asazgefierer fënnt een zukünfteg hei och Büroen, ee Reuniouns- a Formatiounssall, een Atelier, een Openthaltsraum, sanitär Ariichtungen an natierlech Vestiairen.

Wärend der Ausaarbechtung vum Projet huet sech eraus gestallt, datt och een neie Waasserreservoir muss gebaut ginn. Déi al Reservoire mam Drénkwaasser kënnen an Zukunft de Besoin vun den Duerfbewunner net méi decken. Esou gëtt am Keller vum Gebai ee weidere Projet realiséiert.

Eisen Inneminister, den Dan Kersch, felicitéiert dem Gemengerot fir dës modern Konstruktioun an den effikass Service fir seng Bierger. Hie betount nach emol, datt et wichteg ass, d’Pompjeeën hir Missiounen ënnert de beschte Konditiounen erméigleche sollen.

Pompjeesbau

(v.l.n.r.) Jean-François Wirtz, Buergermeeschter; Marc Ries, Schäffen; Dan Kersch, Innenminister; Christopher Lilyblad, Conseiller; Nicolas Schmit, Aarbechtsminister; Jean-Pierre Meisch, Conseiller; Jules Sauer, Conseiller; Frank Bourgnon, Conseiller; Sylvette Schmit-Weigel, Conseillère; Fernande Klares-Goergen, Conseillère; Marc Bosseler, Conseiller; Patrick Lamhène, Conseiller
© MINT

Opmaacherbild: 3D Siicht vum Projet, © Klein-Muller architectures

Related topics Dan Kersch, Menster, Pompjeesbau, Rothoicht, Rued-Sir
Next post Previous post