Search

You may also like

Wou kee Wëllen ass, ass och kee Wee
Neiegkeeten

Wou kee Wëllen ass, ass och kee Wee

Dat blo-wäisst Bündnis vum ex Generol Benny Gantz huet d‘Gespréicher

Cargolux reduzéiert seng Fluchfrequenz a Richtung China
Neiegkeeten

Cargolux reduzéiert seng Fluchfrequenz a Richtung China

Wéi d‘Direktioun vun der Cargolux gëschter matgedeelt huet, gi zur

ADR: e kontradiktoresche Koalitiounsaccord mat gudden Iddien
Neiegkeeten

ADR: e kontradiktoresche Koalitiounsaccord mat gudden Iddien

Wéi sech de Gast Gibéryen (ADR) e Mëttwoch an der

Ëffentlech Consultatioun vun der EZB: Fuerdert d’Enn vun de Klimakiller!

Ëffentlech Consultatioun vun der EZB: Fuerdert d’Enn vun de Klimakiller!

Greenpeace appelléiert un all Lëtzebuerger BiergerInnen, sech un der ëffentlecher Consultatioun zur Geldpolitik vun der Europäescher Zentralbank (EZB) ze bedeelegen an domat en Enn vun der Finanzéierung vu Klimakiller ze fuerderen.

Enn Juni huet Greenpeace eng Analys verëffentlecht, bei där festgestallt ginn ass, datt déi Europäesch Zentralbank am Kader vun der Bekämpfung vun de Folge vun der Pandemie tëscht Mëtt Mäerz a Mëtt Mee 2020 iwwer 7,6 Milliounen Euro an Anleihen vu fossillen Entreprise gestach huet. Mam Ukaf vun dësen Anleihen vu siwe groussen Ëmweltverschmotzer huet d’EZB zu geschate 11,2 Milliounen Tonne Zäregasemissioune bäigedroen. Dat wier méi wéi déi jäerlech Emissioune vu Lëtzebuerg.

EZB

Greenpeace Luxembourg / Facebook

Dës weideren konnt opgedeckt ginn, datt 4,4 Milliarden Euro un Energieversuerger gaange sinn. Heirënner si prominent Ëmweltverschmotzer wéi Engie oder EON. „Iwwert 3,2 Milliarden Euro sinn an d’Ueleg- a Gasindustrie gaangen, woubäi ënnert de kaaften Anleihen och Anleihen vu Shell – eng vun den ëmweltschiedlechsten Entreprisen op der Welt – sou wéi vun Total an Eni waren“, erkläert Greenpeace weider.

D’Martina Holbach, Klima- a Finanzcampaignerin bei Greenpeace Lëtzebuerg ënnersträicht weider: „Déi Europäesch Zentralbank gehéiert zu de gréissten Anleihenkeefer vun der Welt. All Kaf vu Verméigenswäerter duerch d’Banken kann een enormen Afloss op déi „gréng“ Konjunkturbelieweung vun Europa an der globaler Klimakris hunn.“ Dofir wier et ëmsou méi wichteg, datt d’BiergerInnen elo fir eng ëmweltfrëndlech an nohalteg Geldpolitik vun der EZB antrieden.

EZB

Greenpeace Luxembourg / Facebook

Heivir huet d’EZB eng Online-Plattform ageriicht, op där bis Enn Oktober 2020 Virschléi agereecht kënne ginn, wéi d’Geldpolitik iwwerschafft soll ginn. Fir d’Participatioun un der Consultatioun ze erliichteren, huet Greenpeace eng Virlag zesummegestallt, wéi ee seng Kommentaren direkt un d’EZB iwwermëttele kann.

„D’EZB an aner Zentralbanke brauchen ee Spurwiessel. D’Verméigenswäerter, déi vun der EZB als Reaktioun op d’Covid-19-Pandemie kaaft gi sinn, fërderen de Klimanoutstand. Business-as-usual ass awer keng Optioun, well d’Klimakris gëtt ëmmer méi akut. Ëffentlech Gelder dierfen net weider a fossil Brennstoffer fléissen. D’EZB muss dofir fossil Brennstoffer an aner Zäregas-intensiv Verméigenswäerter vun zukünftege Keefer ausschléissen“, erkläert d’Martina Holbach ofschléissend.

Related topics Ëffentlech Consultatioun, Ëmweltverschmotzer, ENGIE, Eon, europäesch Zentralbank, EZB, Finanzéierung, fossil Energie, Greenpeace, Klimakiller, Martina Holbach, Shell, Total, Uelegindustrie
Next post Previous post