Search

You may also like

Reamenagement vum Pont Buchler – Aarbechten um 13. Juni 2020
Money Neiegkeeten

Reamenagement vum Pont Buchler – Aarbechten um 13. Juni 2020

Am Kader vun den Aarbechten zum Reamenagement vum Pont Buchler

Wann d‘Natur an d‘Bléi kënnt, leiden d‘Allergiker
Money Neiegkeeten

Wann d‘Natur an d‘Bléi kënnt, leiden d‘Allergiker

Zu Lëtzebuerg sinn ëmmer méi Leit vun Allergië betraff, an

Ass Teheran géintiwwer Verhandlunge mat Washington opgeschloss?
Money Neiegkeeten

Ass Teheran géintiwwer Verhandlunge mat Washington opgeschloss?

Dat d‘Iraner zu Gespréicher mat den USA – ënner bestëmmte

money

Déi ëffentlech Finanzen erhuelen sech

Déi ëffentlech Finanzen erhuelen sech

Um Virdag zur Virstellung vun den neie budgetäre Perspektiven (am Kontext vum Stabilitéits- a Wuesstemsprogramm) huet um Méindegmueren de Finanzminister Pierre Gramegna (DP) an der Finanzkommissioun vun der Chamber de Punkt zu finanzieller Lag vum Land zum 31. Mäerz 2021 gemaach.

An dëser Presentatioun ass et an éischter Linn drëms gaangen den Impakt vun der Covid19-Kris op d‘Staatsfinanzen op de Leescht ze huelen. De Finanzminister stellt fest, datt den Optimismus vun den éischten zwee Méint vun 2021 berechtegt war a weidergefouert ka ginn. D‘Recette vum 1. Quartal belafen sech op 5,4 Milliarden Euro, wat eng Hausse vun 9,5% géintiwwer dem Virjoer ass.

Alles allem ass et also net ganz esou schlecht gelaf wéi dat ze fäerte war, mee et ass jo elo och nach net eriwwer. Eis sozial Keese goufe schwéier belaascht a wéi sech d‘Entreprisen 2021 schloen ass jo elo och net gewosst. Dofir setzt d‘Regierung och weiderhin op ëffentlech Investitiounen. Elo kann ee gespaant op d‘Interventiounen an der Plenière (muer ab 14.30 op ChamberTv) waarden.

Illustratioun: © Nathan Dumlao / unsplash

Related topics Covid19-Pandemie, Finanzkommissioun, Finanzminister, Pierre Gramegna, Staatsfinanzen
Next post Previous post